Compiègne

Vu Wikipedia
Compiègne
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Oise
Arrondissement Compiègne
Kanton Compiègne-Nord
C.-Sud-Est
C.-Sud-Ouest
Postcode 60200
Gemengecode 60159
Koordinaten 49° 24’ 51’’ N
      02° 49’ 20’’ O
Fläch  5.310 ha
Bevëlkerung  39.517 (1.1.2011)
D'Schlass Compiègne

Compiègne ass eng nordfranséisch Stadt am Departement Oise an der Regioun Hauts-de-France. Et ass d'Sous-préfecture vum Arrondissement Compiègne.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Compiègne läit 80 km nërdlech vu Paräis, op der Oise, do, wou vu lénks d'Aisne draleeft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Merowenger haten op där Plaz eng Pfalz mam Numm Compendium opgeriicht. De Chilperich II. (670–721), huet déi Pfalz zu senger Residenz gemaach. De Charles de Plakkapp huet d'Stad 876 méi grouss gemaach a se Carolopolis genannt. De Louis de Frommen gouf do 833 ofgesat. Déi karolengesch Kinneke Louis II., den Tuddler (846–879), an de Louis V., de Lidderegen (966–987) goufen an der Abtei Sainte-Corneille begruewen.

1380 huet de Charles V. eng Festung baue gelooss. Den 23. Mee 1430 gouf d'Jeanne d'Arc viru Compiègne vun de Burgunder gefaange geholl an den Englänner ausgeliwwert. Am Traité vu Compiègne goufe Frankräich a Schwede sech eens, wéi s'et mat Däitschland am Drëssegjärege Krich hale sollten.

1751 bis 1788 gouf vum Ange-Jacques Gabriel an duerno vum Louis Le Dreux de la Châtre en neit Schlass am klassizistesche Stil fir de Kinnek Louis XV. gebaut. Den Napoleon Bonaparte huet et renovéiere gelooss.

Den Napoleon III. huet d'Schlass als Hierschtresidenz benotzt. 1870 gouf et an e Musée ëmgewandelt.

Am Éischte Weltkrich war vum Abrëll 1917 bis de Mäerz 1918 zu Compiègne de Grousse Quartier général vun der franséischer Arméi.

Compiègne ass bekannt well do zweemol d'Armistice tëscht Frankräich an Däitschland ënnerschriwwe gouf:

  • Den 11. November 1918 gouf am Bësch vu Compiègne an enger Eisebunnsvoiture, dem spéider sougenannte Wagon de l'armistice tëscht dem franséische Maréchal Ferdinand Foch an dem däitsche Politiker Matthias Erzberger d'Enn vum Éischte Weltkrich ënnerschriwwen.
  • Den 22. Juni 1940 gouf do de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich a Frankräich ënnerschriwwen. Dat war express, fir Frankräich ze damiddegen, an de Waggon ass extra aus der Hal wou e stoung erausgeholl ginn an op déi selwecht Plaz gesat ginn, wéi 1918, fir datt den Hitler konnt seng Revanche genéissen. De Waggon gouf duerno an engem Cortège duerch Berlin gefouert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

St. Jacques (12. Jh.)
  • den Théâtre Imperial;
  • d'Schlass vu Compiègne;
  • d'Kierch Saint-Jacques aus dem 12. Joerhonnert;
  • d'Liichtung bei Rethondes am Bësch vu Compiègnes, wou d'Armistice ënnerschriwwe gouf.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1977 fiert d'Vëloscourse Paris - Roubaix vu Compiègne aus fort.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Compiègne – Biller, Videoen oder Audiodateien