Ferdinand Foch

Vu Wikipedia
Ferdinand Foch
Gebuertsnumm Ferdinand Jean Marie Foch
Gebuer 2. Oktober 1851
Tarbes
Gestuerwen 20. Mäerz 1929
Paräis
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Offizéier, Militär
Member vun Académie française, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences

De Ferdinand Foch, gebuer den 2. Oktober 1851 zu Tarbes am Departement Hautes-Pyrénées, a gestuerwen den 20. Mäerz 1929 zu Paräis, war e franséische Marschall.

De Ferdinand Foch, deem säi Papp Staatsbeamte war, huet seng Primär- a Secondairesschoul zu Tarbes, zu Rodez, zu Saint-Étienne an zu Metz gemaach, deemno do, wou säi Papp grad geschafft huet.

Wéi et 1870 zum franséisch-preisesche Krich koum, huet de Foch sech fräiwëlleg bei d'Arméi gemellt a koum an d'24. Kompanie am 4. Batailloun vum 4. Infanterieregiment. Nom verluerene Krich ass en an der Arméi bliwwen, an huet d'École polytechnique zu Paräis absolvéiert. 1873 gouf en als Läitnant an d'24. Artillerieregiment zu Tarbes geschéckt.

De Foch ass no an no an der Hierarchie geklomm. Hien huet eng Zäit op der École supérieure de Guerre zu Paräis dozéiert a war souguer Direkter vun där Schoul tëschent 1907 an 1911.

1913 gouf de Foch Général de Corps d'Armée a gouf zu Nanzeg Kommandant vum 20. Arméicorps.

Wéi den Éischte Weltkrich ugefaangen huet, war de Foch mam 20. Arméicorps bei der Schluecht vu Morhange mat derbäi, an dunn, un der Spëtz vun der 9. Arméi, bei der éischter Marneschluecht an uschléissend bei den Operatiounen, déi als Course à la mer bekannt goufen, woubäi et drëms goung ze verhënneren, datt déi däitsch Truppen déi alliéiert Arméisverbänn am Weste géifen ëmgoen an a Richtung Paräis géife marschéieren.

De Foch krut duerno, als Général d'Armée, de Kommando iwwer d'Arméien am Norde vu Frankräich (Armées du Nord) an huet, 1915, d'Offensiv am Artois dirigéiert an, 1916, d'Schluecht vun der Somme. Hie gouf allerdéngs wéinst sengen takteschen Ëntscheedungen a wéinst senge verloschträichen Offensive staark kritiséiert an ass, grad wéi de Generol Joffre, an Ongnode gefall. No e puer Méint gouf en allerdéngs zeréckgeruff, well d'Situatioun, no e puer Nidderlage vum Generol Charles Nivelle, zimmlech eescht war. De Generol Philippe Pétain gouf ieweschte Chef vun der ganzer franséischer Arméi, an de Foch ass zum Chef d'état-major général genannt ginn.

Am Fréijor 1918 hunn d'Britten acceptéiert, datt de Foch eleng, als Generalissim, de Kommando iwwer all d'alliéiert Truppen op der Westfront iwwerhuele géif.

De Foch, deen ee Moment vun der däitscher Offensiv um Chemin des Dames iwwerrascht gi war, konnt d'Kar ëmdréinen an d'Truppen zur Victoire féieren.

De Generol Foch gouf de 7. August 1918, deemno nach wärend dem Krich, zur Dignitéit vum Maréchal de France erhuewen, a kuerz nom Krich och nach zum Marschall vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Irland a vum neigebuerene polnesche Staat gemaach.

De Foch war, den 11. November 1918, ee vun de Signataire vum Waffestëllstand am Bësch vu Rethondes bei Compiègne.

Den 21. November 1918 gouf de Ferdinand Foch als Member vun der Académie française gewielt.

D'Villa Foch um Boulevard Joseph-II an der Stad

De Foch gouf de 25. Mäerz 1929 am Invalidendoum zu Paräis beigesat.

Zu Paräis gëtt et d'Avenue Foch, déi bei d'Place de l'Étoile féiert. A ganz ville franséische Stied gëtt de Foch mat enger Avenue oder mat engem Boulevard geéiert. Um Belair ass d'Rue Maréchal-Foch no him genannt.

Am Quartier Westminster zu London, an engem Square 200 m nordwestlech vun der Victoria Station, steet eng Replique vu sengem Monument um Päerd zu Cassel.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La conduite de la guerre; Paräis (Berger-Levrault), 1905.
  • Mémoires pour servir à l'histoire de la guerre de 1914-1918; 2 Bänn; Paräis (Plon), 1931 (=> posthum).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Christophe Notin, Foch; Paräis (Perrin), 2008; 640 S., mat Kaarte, Notten a Quellenangaben.
  • Jacques Maas, L'intervention militaire française contre le mouvement républicain luxembourgeois en janvier 1919 - Un paradoxe historique?; in: Tageblatt, Ausgab vum 2. & 3. Februar 2019.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand Foch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]