Philippe Pétain

Vu Wikipedia
Philippe Pétain
Gebuertsnumm Henri Philippe Bénoni Omer Joseph Pétain
Gebuer 24. Abrëll 1856
Cauchy-à-la-Tour
Gestuerwen 23. Juli 1951
Port-Joinville
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École spéciale militaire de Saint-Cyr
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Offizéier, Militär
Partei keng
Member vun Académie des sciences morales et politiques, Académie française
Famill
Bestuet mat Annie Pétain
Papp Omer-Venant Pétain
Mamm Clotilde Legrand
Kanner keng

Den Henri Philippe Benoni Omer Joseph Pétain, gebuer de 24. Abrëll 1856 zu Cauchy-à-la-Tour, a gestuerwen den 23. Juli 1951 zu Port-Joinville op der Insel Yeu, war e franséische Marschall a Politiker.

Um Virowend vum Éischte Weltkrich konnt de Colonel Philippe Pétain sech, als Chef vun engem Infanterieregiment zu Arras, scho praktesch op d'Pensioun freeën. Wéi dunn awer de Krich ugefaangen huet, gouf hien natierlech verlängert, krut awer séier ze verstoen, datt hien, deen am Fong bis ewell eng relativ onopfälleg Offizéieschcarrière hannert sech hat, ni Generol géif ginn. Et sollt awer anescht kommen.

Ganz séier gouf de Pétain zum Divisiounsgenerol befërdert, an 1916 gouf en duerch seng Stellungstaktik als de Gewënner vu Verdun gefeiert, obwuel e schonn am Juni 1916 ee méi regionale Kommando kritt hat, soudatt aner héich Offizéier, de Generol Nivelle an de Generol Charles Mangin, als direkt Siger vu Verdun gefeiert goufen. Wéi och ëmmer, de Fort de Douaumont war duerch de Pétain nees a franséischer Hand, d'Festungsstad Verdun war net gefall an d'franséisch Arméi war net ausgeblutt ginn, wéi déi Däitsch, déi selwer immens Verloschter haten, dat eigentlech erreeche wollten.

De Pétain war ee gudden Taktiker, an d'Zaldoten hunn e respektéiert, well hien ëmmer spuersam mat den Truppen ëmgaangen ass: hie war net dofir, permanent an zu egal wat fir engem Präis unzegräifen, mä huet ëmmer réischt no enger grousser Artilleriepreparatioun (laangt Trommelfeier op d'feindlech Linnen) ugegraff. Hien huet och wärend dem Stellungskrich dofir gesuergt, datt d'Grief duebel ugeluecht goufen, fir de Feind méi wäit ewechzehalen a fir Réckzugsméiglechkeeten fir déi eege Leit ze hunn. Hien huet de Ravitaillement an d'Permissioune vu sengen Zaldoten ni aus den Ae verluer, a wéi 1917, zu engem Moment wéi hie Commandant en chef vun der franséischer Arméi war, verschidden Unitéite gemeutert hunn, respektiv gestreikt hunn, huet hien - anscheinend, well dat ass net ganz gekläert - net allze streng duerchgegraff, och wann hien net konnt verhënneren, datt eng Rei Exempel statuéiert goufen. Zum Schluss vum Krich war hien, mam Ferdinand Foch a mam Joseph Joffre, ee vun den dräi Genereel, déi als Marschall ernannt goufen (e puer anerer, wéi de Joseph Simon Galliéni, goufen an den nächste Joren ernannt, heiansdo posthum). Wéi de Marschall Foch, dee vun der Académie française als Member gewielt gi war, gestuerwen ass, gouf de Marschall Pétain souzesoen a senger Plaz an d'Académie opgeholl.

Tëscht den zwéi Weltkricher huet hie sech der Politik zougedréit, gouf franséische Krichsminister, Ambassadeur a Spuenien, Vizepresident vum Ministerrot a schliisslech, no der franséischer Nidderlag am Juni 1940, Chef de l'État français. Domat war d'Republik, déi zanter Joerzéngten a ville konservativ-nationalistesche Kreesser verhaasst war, begruewen, an hir Wäerter goufe mat enger Ideologie ersat, déi scho méi laang a Spuenien vum Francisco Franco an a Portugal vum António de Oliveira Salazar imposéiert gi war. Als Staatschef huet de Pétain dunn 1940 de Waffestëllstand mat Nazi-Däitschland an Italien ënnerschriwwen.

Vu Vichy aus huet hie bis 1942 iwwer deen net besaten Deel, d'Zone libre vu Frankräich regéiert. Hien huet sech beméit, trotz senger proaktiver Kollaboratiounspolitik mat Nazidäitschland, eng gewëssen Onofhängegkeet vu Frankräich z'erméiglechen an d'franséisch Protektorater a Kolonien ze behalen. Hie gouf awer ëmmer méi zur Marionnett vum Adolf Hitler a vun engem Deel vu sengem Ëmkrees, besonnesch no der alliéierter Landung an Nordafrika (1942) an dem Amarsch vun der Wehrmacht, respektiv vun den Italieener an d'Zone libre, an hien huet säi gudde Ruff beim franséische Vollek ëmmer méi zu Gonschte vun der Résistance verluer.

1944 ass hie mat engem Deel vu senger Regierung vun den Däitschen op Sigmaringen a Baden-Württemberg evacuéiert ginn. Do hat hien awer roseg wéineg Beweegungsfräiheet a glat näischt méi ze bestëmmen. Wéi déi alliéiert Truppe méi no koumen, huet e sech an d'Schwäiz ofgesat. Kuerz duerno huet hie sech allerdéngs den neie franséischen Autoritéiten erginn, an der Hoffnung op Versteesdemech ze stoussen, awer hie gouf bis zu sengem Prozess internéiert. 1945 gouf hie vun der franséischer Justiz wéinst Kollaboratioun mat Nazidäitschland zum Doud verurteelt. De Chef vun der provisorescher Regierung, de Generol Charles de Gaulle, deen a Groussbritannien, respektiv zu Alger, d'France libre verkierpert hat a selwer schonn 1940 vum Pétain zum Doud verurteelt gi war, huet hie begnodegt a seng Strof a liewenslaange Prisong ëmgeännert. De Pétain gouf bis zu sengem Doud 1951 an der Zitadell vun der Insel Yeu, net wäit vu Port-Joinville, festgehalen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Philippe Pétain, La Guerre mondiale 1914-1918; mat engem Virwuert vum Marc Ferro an enger Présentatioun vum Jean-Jacques Dumur; Toulouse (Éditions Privat), 2014. ISBN 978-2-7089-6961-2

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Ferro, Pétain; Paräis (Fayard), 1987.
  • Bénédicte Vergez-Chaignon, Pétain; Paräis (Perrin), 2014.
  • Collin Philippe, Le fantôme de Philippe Pétain; Paräis (Flammarion / France Inter), 2022; 366 S. (ill.); ISBN 978-2-0802-6924-9
  • Antoine Prost & Gerd Krumeich, Verdun 1916; Paräis (Tallandier, coll. Texto), 2015.
  • Marc Ferro, Pétain. Les leçons de l'histoire; Paräis (Tallandier, coll. Texto), 2016 [ = Reeditioun vum Buch Pétain en vérité; Paräis (Tallandier), 2013].
  • Pierre Servent, De Gaulle et Pétain - Un drame shakespearien; Paräis (Perrin), 2020; 224 Säiten.
  • R.O. Paxton, La France de Vichy; Paräis (Seuil), 1973.
  • Anthony Rowley (Responsabel fir d'Editioun), Les collabos [ = Reprise vu ronn 20 historesche Beiträg, déi mol an der Revue L'Histoire publizéiert gi waren; Auteure sinn ë. a. de Pascal Ory, den Olivier Wieviorka, de Jacques Delarue, de Pierre Assouline, de Michel Winock, den Henry Rousso...]; Paräis (Fayard, coll. Pluriel), 2011.
  • Marc Olivier Baruch, Le régime de Vichy 1940-1944; Paräis (Tallandier, coll. Texto), 2017.
  • Pierre Assouline, Sigmaringen; Paräis (Gallimard), 2014.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philippe Pétain – Biller, Videoen oder Audiodateien