Michel Debré

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michel Debré
Michel Debré.jpg
Gebuer 15. Januar 1912
Paräis
Gestuerwen 2. August 1996
Montlouis-sur-Loire
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei Rassemblement pour la République, Union des démocrates pour la République, Parti républicain, radical et radical-socialiste, Union pour la nouvelle République, Rassemblement du peuple français
Member vun Académie française
Famill
Bestuet mat Anne-Marie Debré
Papp Robert Debré
Mamm Jeanne Debat-Panson
Geschwëster Olivier Debré
Kanner Jean-Louis Debré, Bernard Debré, François Debré
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Michel Debré, gebuer de 15. Januar 1912 zu Paräis, a gestuerwen den 2. August 1996 zu Montlouis-sur-Loire, war e franséische gaullistesche Poliker.

De Michel Debré, war no engem Concours aus deem hien als éischten erauskomm war, Auditeur am franséische Staatsrot. Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, ass hien agezu ginn, gouf allerdéngs no der franséischer Kapitulatioun d'éischt zu Autun an dunn zu Orléans gefaange gehalen. Hie konnt awer fortlafen an an d'Zone libre entkommen, wou en no senger Demobilisatioun zu Royat, wou de Staatsrot sech zréckgezunn hat, weiderhin administrativ Aufgaben iwwerholl huet. Et huet awer net allzelaang gedauert, bis e verstanen hat, datt de Kollaboratiounsregime vum Marschall Pétain géint all seng republikanesch a patriotesch Virstellunge géif verstoussen, an hien huet sech der Resistenz ugeschloss. Bei der Liberatioun vum franséischen Territoire gouf hie Commissaire de la République fir d'Géigend rondrëm Angers. Do huet hien de Generol de Gaulle, deen dee Moment Chef vun der provisorescher Regierung war, kenne geléiert. Di zwéi Männer ware sech eens, datt a Frankräich villes misst nei organiséiert ginn, ugefaange mat der Verwaltung. Fir besser ausgebilt Administrateuren ze kréien, iwwregens souwuel Frae wéi Männer, déi nach just nom Mérite agestallt sollte ginn a wa méiglech aus alle Gesellschaftsschichte sollte kommen, hu si d'École nationale d'Administration (ENA) gegrënnt. 1958, wéi de Ch. de Gaulle während dem Algeriekrich aus senger Retraite zu Colombey-les-Deux-Églises zréckgeruff gouf, well déi onstabil IV. Republik mat hirem Latäin komplett um Enn war, huet de Michel Debré an der Aarbechtsgrupp, déi d'Verfassung vun der V. Republik ausgeschafft huet, d'Haaptroll iwwerholl. Kuerz duerno, wéi de Ch. de Gaulle als President agesat gi war, gouf de Michel Debré den éischte Premierminister vun der V. Republik, dat vum Januar 1959 bis an d'Joer 1962.

A senger weiderer politescher Carrière war hien nach Wirtschafts- a Finanzminister (1966-1968), Ausseminister (1968-1969) an - mam Éierentitel "Staatsminister" - nach Verdedigungsminister (1969-1973) ënner dem President Pompidou. Als Députéierten huet hien den département d'outre-mer Réunion bis 1988 an der Nationalversammlung vertrueden. Lokal war e bis 1989 Buergemeeschter vun Amboise.

1981 huet de Michel Debré fir d'Presidentschaftswale kandidéiert, allerdéngs net als offizielle Vertrieder vun der gaullistescher Partei RPR, mee ënner der Étiquette "divers droite". Säi Resultat war, besonnesch fir e fréiere Premierminister, immens schappeg. Dobäi war de Mann vill manner konservativ a streng wéi vill Leit an och eng Rei Pressenorganer hien duergestallt hunn. Dat Joer huet de Sozialist François Mitterrand, Kandidat vun der Union de la gauche (Sozialisten, Radicaux de gauche a Kommunisten) d'Wal fir sech ëntscheet. Och den offizielle Kandidat vum RPR, de Jacques Chirac, gouf net gewielt.

1988 gouf hien, deen eng Rei politesch Wierker a seng Mémoire publizéiert hat, an d'Académie française gewielt.

Hien ass de Jong vum Medezinprofesser Robert Debré, Grënner vun der moderner Pediatrie, an de Papp vum Medezinprofesser Bernard Debré, Urolog, vum Politiker Jean-Louis Debré a vum Journalist, Krichsreporter an Auteur François Debré.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jérôme Perrier, Entre administration et politique, Michel Debré (1912-1948). Du service de l'État à l'entrée au forum; Dokterthes, Institut d'Études politiques vu Paräis, 2012.
  • (ënner der Leedung vun) Serge Berstein, Pierre Milza & Jean-François Sirinelli, Michel Debré Premier ministre (1959-1962); Paräis (PUF), 2005.
  • Jean-Louis Debré, Une histoire de famille; Paräis (Robert Laffont), 2019.

Publikatiounen vum Michel Debré[änneren | Quelltext änneren]

  • Un projet d'École d'administration; in: Recueil hebdomadaire Dalloz, 1938.
  • Le problème constitutionnel français; in: Les Cahiers politiques - organe du Comité national d'études de la Résistance, Nr. 8 / Abrëll 1944.
  • Mam Emmanuel Monick, alias "Bruère" an der Clandestinitéit, a selwer als "Jacquier", Refaire la France; Paräis (Plon), 1945.
  • La mort de l'État républicain; Paräis (Gallimard), 1947.
  • Ces princes qui nous gouvernent; Paräis (Plon), 1957.
  • Au service de la nation; Paräis (Stock), 1963.
  • Une certaine idée de la France; Paräis (Fayard), 1972.
  • Ami ou ennemi du peuple?; Paräis (Plon), 1975.
  • Mon père ou l'honneur de vivre; in: Revue des Deux Mondes, Juni 1978.
  • Lettre ouverte aux Français sur la reconquête de la France; Paräis (Albin Michel), 1980.
  • Mat der Odile Rudelle, Trois républiques pour une mémoire; Paräis (Centre d'histoire de Sciences Po), 1981.
  • Robert Debré, réformateur; in: Bulletin de l'Académie nationale de médecine, Dezember 1982.
  • Trois républiques pour une France - Mémoires; 5 Bänn; Paräis (Albin Michel), 1984 - 1994.
  • Discours de réception de Michel Debré à l'Académie française et réponse de Jean Bernard; Paräis (Albin Michel), 1989.
  • Entretiens avec le général de Gaulle 1961-1969; Paräis (Albin Michel), 1993.