Op den Inhalt sprangen

Jean-Louis Debré

Vu Wikipedia
Jean-Louis Debré
Gebuertsnumm Jean Louis Noël Debré
Gebuer 30. September 1944
Toulouse
Gestuerwen 4. Mäerz 2025
15. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale de la magistrature,
Cours Hattemer,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Politolog, Riichter
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République
Fonctioun Deputéierten, Inneminister vu Frankräich, President, President vum Verwaltungsrot, Inneminister
Auszeechnungen Grousskräiz vum Isabellauerden, Chevalier du Mérite agricole
Famill
Bestuet mat Valérie Bochenek (2010–),
Anne-Marie Engel (–2007)
Papp Michel Debré
Mamm Anne-Marie Debré
Geschwëster François Debré, Bernard Debré

De Jean-Louis Debré, gebuer den 30. September 1944 zu Toulouse a gestuerwen de 4. Mäerz 2025, ass e fréiere franséische Magistrat a Politiker.

De Jean-Louis Debré ass d'Enkelkand vum bekannte Pediatrie-Spezialist Robert Debré a Jong vum gaullistesche Politiker, Co-Auteur vun der Verfassung vun der V. franséischer Republik a Premierminister vum Charles de Gaulle, dem Michel Debré. Hie war ë. a. Deputéierte vun der Eure, Buergermeeschter vun Évreux, Inneminister (1995-1997), President vun der Assemblée nationale (2002-2007) a President vum Conseil constitutionnel (2007-2016). Tëscht 2016 an 2025 huet hien nach de Conseil supérieur des archives presidéiert.

Hien war och, als Beobachter vum politesche Liewen, den Auteur vu politesche Wierker a vu Memoiren. Donieft huet en nach Krimië geschriwwen.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Le gaullisme (mam Michel Debré); Paräis (Plon), 1978.
  • Les idées constitutionnelles du général de Gaulle; Paräis (Librairie générale de droit et de jurisprudence), 1974.
  • La justice au XIXe siècle: Les magistrat; Paräis (Perrin), 1980.
  • La justice au XIXe siècle: Les Républiques des avocats; Paräis (Perrin), 1984.
  • Les dynasties républicaines; Paräis (Fayard), 2009.
  • Le monde selon Chirac; Paräis (Tallandier), 2015.
  • Ce que je ne pouvais pas dire; Paräis (Robert Laffont), 2016; 359 Säiten. ISBN 978-2-221-14634-7
  • Dictionnaire amoureux de la République; Paräis (Plon), 2017.
  • Tu le raconteras plus tard; Paräis (Robert Laffont), 2017; 318 Säiten. ISBN 978-2-221-19877-3
  • Nos illustres inconnus - Ces oubliés qui ont fait la France; Paräis (Albin Michel), 2018.
  • Une histoire de famille; Paräis (Robert Laffont), 2019.
  • Meurtre à l'Assemblée (Krimi); Paräis (Fayard), 2009.