Nationalversammlung (Frankräich)

Vu Wikipedia
Logo vun der franséischer Nationalversammlung

D'Nationalversammlung (frs: Assemblée nationale) ass déi ënnescht Chamber (frs: chambre basse) am franséische Parlament an der Zäit vun der Fënnefter Republik. Zesumme mam Senat mécht si d'Gesetzer a Frankräich.

D'Roll vun der Nationalversammlung ass et, Gesetzer ze debattéieren, ze änneren an ze stëmmen. Am Géigesaz zum Senat kann d'Assemblée d'Regierung stierzen.

Zënter 1986 zielt si 577 Memberen oder Deputéiert, déi direkt vum Vollek an zwéin Tier gewielt ginn. All Deputéiert huet eng Mandatsdauer vu fënnef Joer. Wann eng Partei d'Majoritéit an der Nationalversammlung wëll, muss si 289 Sëtz zesummekréien.

D'Nationalversammlung huet hire Sëtz am Palais Bourbon zu Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséische Nationalversammlung – Biller, Videoen oder Audiodateien