Maurice Couve de Murville

Vu Wikipedia
Maurice Couve de Murville
Gebuer 24. Januar 1907
Reims
Gestuerwen 24. Dezember 1999
7. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté de droit de Paris,
Lycée Louis-le-Grand,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ambassadeur, Fonctionnaire
Partei Rassemblement pour la République, Union des démocrates pour la République, Union pour la nouvelle République
Famill
Bestuet mat Véra Fabre

De Maurice Couve de Murville, gebuer 1907 zu Reims an der Marne, an 1999 zu Paräis gestuerwen, war en héije franséische Staatsbeamten, Diplomat a Politiker.

Hie gouf den 31. Mee 1968 vum President Charles de Gaulle als Wirtschafts- a Finanzminister genannt, an am Juli 1969 als Premierminister amplaz vum Georges Pompidou.

Zweete Weltkrich / Vichy-Regime[änneren | Quelltext änneren]

Am September 1940 gouf de Finanzinspekter Maurice Couve de Murville vum Vichy-Regime zum Directeur des Finances extérieures et des Changes ernannt a gouf och Member vun der franséischer Delegatioun an der Waffestëllstandskommissioun déi zu Wiesbaden ageriicht gi war. Do war hien den Däitschen hiren Interlocuteur fir finanziell Froen. Am Mäerz 1943 huet de Couve de Murville sech dunn awer an Nordafrika ofgesat, wou e sech mam Generol Henri Giraud a Verbindung gesat huet, a spéider, wéi die sech op Drock vum Churchill a vum Roosevelt huet misse mam Chef vun der France libre, dem Generol Charles de Gaulle, verdroen[1], krut hie Kontakt mam de Gaulle deen him awer laang net wierklech getraut huet[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Conte, Arthur, Les Premiers Ministres de la Ve République; Paräis (Le Pré-aux-Clercs), 1986.
  • Broche, François & Muracciole, Jean-François, Histoire de la Collaboration 1940-1945; Paräis (Tallandier / Texto), 2019. Ss. 110-111, 272 a 677 → Nott Nr. 35
  • Cointet, Michèle, De Gaulle et Giraud: l'affrontement (1942-1944); Paräis (Perrin), 2005
  • De Garate, Jean-Philippe, Couve de Murville, Un président impossible, Editions L'Harmattan, Paräis, 2007, 400 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michèle Cointet, an der Literatur
  2. Éric Roussel, De Gaulle; Paräis (folio, 'biographies'), 2008; vgl. ë. a. S. 90