Charles de Plakkapp

Vu Wikipedia
Charles de Plakkapp
De Charles de Plakkapp empfänkt Patere vun Tours
Gebuer 13. Juni 823 jul.
Frankfurt am Main
Gestuerwen 6. Oktober 877 jul.
Avrieux
Doudesursaach Malaria
Aktivitéit Monarch, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Irmentrud vun Orléans
Papp Louis de Frommen
Mamm Judith vu Bayern
Geschwëster Lothaire I., Ludwig den Däitschen, Pippin I., Arnulf vu Sens, Gisela, Rotrude, Berthaid, Hildegard
Kanner Judith vu Flandern, Louis II. vu Frankräich, Charles III. vun der Aquitaine, Karlmann, Lothat de Schlammen, Rothilde, Irmentrud, Hildegard, Gisla, Rotrude, Drogo, Pippin
De Charles II.um Troun tëscht zwéi Waffendréier a weibleche Personifikatioune vun de Länner Francia a Gotia, Miniatur Reims géint 870.
Dem Charles säi Räich nom Traité vu Verdun 843
Dem Charles säi Räich (gréng) nom Traité vu Meerssen 870

De Charles II. oder Karl II., bekannt als Charles (Karl) de Plakkapp, gebuer den 13. Juni 823 zu Frankfurt am Main a gestuerwen de 6. Oktober 877 zu Avrieux (bei Modane) aus der Famill vun de Karolenger war e westfränkesche Kinnek (843-877) a Keeser vun 875-877.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Charles war de jéngste Jong vum Louis de Frommen aus deem sengem zweete Bestietnes mat der Judith vu Bayern.

Mat nëmme 6 Joer gouf de Charles 829 zum Dux Alemanniae ernannt. 838 gouf en zum Ënnerkinnek vun Neustrien (haut dat nërdlecht Frankräich) gekréint. Nom Doud vum Keeser Louis dem Frommen 840 an der zesumme mam Ludwig dem Däitschen errongener Victoire iwwer hiren eelste Brudder Lothaire I. an der Schluecht vu Fontenoy 841 ass am Traité vu Verdun 843 dee westlechen Drëttel vum Räich, vun de Pyrenäen bis bei d'Schelde un de Charles gefall. 848, nodeem säin Neveu Pippin II. ofgesat gi war, huet e sengem Westfrankeräich och déi direkt Herrschaft iwwer d'Aquitaine iwwerdroen.

869, nom Doud vum Lothaire II., deen Herrscher vum nërdlechen Drëttel vum Mëttelräich war, dat 855 vum Lothaire I. gedeelt gi war a Lotharingien genannt gouf, huet e probéiert, deem säi ganzt Gebitt z'annexéieren, huet et awer 870 am Traité vu Meerssen misse mam Ludwig dem Däitschen deelen.

Nom Doud vu sengem Neveu Louis II. vun Italien 875, dee keng Kanner hat, huet en deem säin italieenescht Kinnekräich geierft. Dozou huet och e groussen Deel vun der Bourgogne gehéiert, déi 863 nom Doud vu sengem Neveu Charles un de Louis gaange war. Hie gouf de 25. Dezember 875 zu Roum zum Keeser gekréint.

Dem Charles seng Ierwe waren am Westfrankeräich de Louis den Tuddeler, an Italie säin ostfränkeschen Neveu Karlmann an an der Bourgogne huet de Boso vu Vienne sech selbststänneg gemaach, deen 880 zum Kinnek vun der Ënneschter Bourgogne gewielt gouf.

De Charles de Plakkapp gouf fir d'éischt zu Nantua begruewen, méi spéit awer an d'Basilika Saint-Denis transferéiert.

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

De Charles war zweemol bestuet:

Vum Irmentrud hat en néng Kanner:

Vum Richildis hat e fënnef Kanner:

  • Rothild (* wuel 871; † 928/929), ∞ géint 890 Grof Rotger (wuel identesch mam Roger, 897 Grof vu Maine; † 31. Oktober 900)
  • Drogo (* 872/873; † 873/874), Zwilling
  • Pippin (* 872/873; † 873/874), Zwilling
  • Kand (* 23. Mäerz 875; † geschwënn no der Gebuert)
  • Charles (* 10. Oktober 876; † 877 virum 7. Abrëll)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Janet L. Nelson: Charles le Chauve. Aubier Montaigne 2001, ISBN 2-7007-2261-2.
  • Reinhard Lebe: War Karl der Kahle wirklich kahl? Historische Beinamen – und was dahintersteckt. dtv 2003, ISBN 3-423-30876-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles de Plakkapp – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Louis de Frommen
Kinnek vum Westfrankeräich
843- 877
Nofollger:
Louis den Tuddeler
Virgänger:
Pippin II. (Aquitaine)
Kinnek vun de Franken / Deelräich Aquitaine
848- 855
Nofollger:
Karel III. (Aquitaine)
Virgänger:
Louis II. (Italien)
Kinnek vun den Italieener/Langobarden a Burgunder
875- 877
Nofollger:
Karlmann (Italien)
Boso vu Vienne (Nidderburgund)
Virgänger:
Louis II. (Italien)
Réimesche Keeser
875- 877
Nofollger:
Karel den Décken