Diskussioun:Charles de Plakkapp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Charles de Plakkapp": Do stëmmt eppes mam Lëtzebuergeschen net. Entweder ass et "Karel", "Charel" oder "Scharel". Dee Groussen heescht hei "Karel". --Cornischong 23:33, 29 Mee 2007 (UTC)

Kuckt emol hei: Talk:Lëscht vun den Herrscher vu Lëtzebuerg#Sproochversioune vun Nimm (bis) do gouf dat schonn diskutéiert. --Robby 23:44, 29 Mee 2007 (UTC)
An dëser Form nach net. Hei geet et ëm de "Virnumm" op Franséisch an den Zousaznumm op Lëtzebuergesch. Dat ass wéi "Karel le chauve" oder "Jean de Blannen". Charles ass entweder Englesch oder Franséisch. Fir mech ass de "Plakkapp" an der Rei. --Cornischong 23:52, 29 Mee 2007 (UTC)

Moien,

Merci, op déi quokelesch Fro vun de monarchesche Virnimm an Zousätz hinzeweisen. Meng Iwwerleeung bei der Lemmatiséierung war, datt dee gudde Mann zu de franséischen (bon, éischter proto-franséischen) Herrscher gezielt gëtt - dofir "Charles" - an de Zousaz, dee jo éischter eng Beschreiwung ass, iwwersat gëtt (wéi an anere Sproochen och). Dat Ganzt nom Prinzip: Den Numm an der Sprooch vum Land, wou en Herrscher war (Dofir hunn ech ee vun deene Bridder och "Ludwig" an net "Louis" "den Däitsche" genannt). Mee ech war mer vun Ufank u bewosst, datt dat e bësse (vill) glunge kléngt. Ausserdeem ass bei deene Franke jo dacks net kloer, wat fir eng Sprooch oder wat fir e "Land" do zielt - béides war deemools jo eréischt "an der Maach".

Ech proposéieren dofir eng Zort Zousazregel zum Prinzip cujus terra - hujus lingua - hujus nomen fir déi ganz Merowenger a Karolenger, déi doranner besteet, ausnamsweis d'Nimm an den Zousaz op Lëtzebuergesch ze lemmatisiéieren - quite, datt et Redirecte gëtt.

Wat mengen eis Mediewisten a Lemmatiséierer dozou?

--Zinneke 08:33, 30 Mee 2007 (UTC)

PS: A wann: "Scharel" oder "Charel"? (meng Preferenz fir dee mat "Ch"). Z.