Wikipedia:Nummkonventiounen

Vu Wikipedia

Dës Säit erkläert déi gewinnt Konventiounen op der Wikipedia fir Artikelnimm. Allgemeng soll den Numm vun engem Artikel sou erausgesicht ginn, datt e fir d'Majoritéit vun de Lieser sou kloer an däitlech wéi méiglech ass. Wann et Synonymer fir den Artikeltitel gëtt, da solle sougenannt Redirecten ugeluecht ginn.

Follgend Konventioune si keng Gesetzer, mä éischter Richtlinnen, déi aus Diskussiounen entstane sinn, no deenen ee sech ka riichten, wann een net genee weess, wéi een den Artikel dann elo nenne soll, a fir Nummkonflikter aus dem Wee ze goen.

Fir verschidde Sproochen a Fachgebidder gëtt et och méi ausféierlech Konventiounen:

Sproochen Aner Fachgebidder

Allgemenges[Quelltext änneren]

  1. Setzt keng Artikelen (En, eng, den, d' ) virun den Numm, ausser wann en integral zum Numm gehéiert (z. B. bei engem Buch- oder Filmtitel);
  2. Keng Méizuel am Artikelnumm: schreift Klauschter an net Klauschteren. Als Ausnam gëllen hei natierlech Wierder, déi et an der Eenzuel net gëtt, zum Beispill d'Balearen, etc. Eng weider Ausnam sinn d'Klassen an d'Famille bei der Klassifikatioun vun den Déieren, déi no wëssenschaftlecher Konventioun ëmmer an der Méizuel sinn.
  3. Bei den Titelen, déi aus Initiale bestinn, schreift keng Punkten. Also schreift net N.A.T.O., mä NATO.
  4. Joren: 1899 a -425.
  5. Joerhonnerten: 5. Joerhonnert v. Chr. a 15. Joerhonnert.
  6. Follgend Zeeche sinn net am Titel erlaabt: & " # $ * + < > = ? @ [ ] \ ^ ` { } | ~ ;
  7. Klamere sollen nëmmen a Fäll vun Homonymie benotzt ginn oder bei Filmer a Museksstécker wann et der méi mam selwechten Numm gëtt.

Zesummegesat Wierder[Quelltext änneren]

Zesummegesat Wierder, déi alsee Substantiv ze verstoe sinn, ginn zesummegeschriwwen (oder mat Bindestrécher verbonnen wann se da besser liesbar sinn).

Beispiller:

Zesummegesat Wierder aus dem Franséischen[Quelltext änneren]

Zesummegesat Wierder aus dem Engleschen[Quelltext änneren]

Organisatiounen, Evenementer, Gebaier[Quelltext änneren]

Bei Eegennimm vun Organisatiounen, Evenementer, Gebaier a. ä. sollt ee sech un der offizieller Bezeechnung orientéieren.

Kuckt heifir och méi ënnen: Wikipedia:Nummkonventiounen#Ministèren, Organisatiounen, Verwaltungen, asw..

Kuckt och[Quelltext änneren]

  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8


Zuelwierder[Quelltext änneren]

Zuelwierder gi bei Artikelnimm an aller Reegel ausgeschriwwen, also Drëtte Kräizzuch an net 3. Kräizzuch. Eng Weiderleedung kann ugeluecht ginn (an dësem Fall vun „3. Kräizzuch“ op „Drëtte Kräizzuch“). Eng Ausnam sinn hei d'Sinfonien (zum Beispill 7. Sinfonie).

Deelgebidder[Quelltext änneren]

Deelgebidder vun engem Thema sollen en normal verständlechen Titel ouni Klameren hunn, also Paräisser Muséeën an net Muséeën (Paräis). Och d'Benotzung vun »/« fir Ënnerartikel (Paräis/Muséeën) soll ënnerlooss ginn. Den Titel soll op de Sujet hiweisen. Wann dir zum Beispill elo iwwer d'Geographie vu Spuenien schreiwe wëllt, sou nennt ären Artikel Geographie vu Spuenien an net einfach Geographie.

Lëschten[Quelltext änneren]

Lëschten hu gewéinlech eng Lëscht am Numm. Bei groussen alphabetesche Lëschte gëtt de Buschtaf mat /A drugehaangen, wann d'Lëscht soss ze grouss géif ginn (Beispill: Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen/A). Méi dozou ënner Lëschten.

Abstrakt Substantiv[Quelltext änneren]

En Thema wat zesummegehéiert, soll zesummen an engem Artikel behandelt ginn (ausser den Artikel géif ze grouss ginn, dann ass et natierlech ëmmer besser, den Artikel logesch opzesplécken). Amplaz also een Artikel Pragmatesch oder Pragmatiker unzefänken, gëtt ugeroden, vun den Adjektive wéi pragmatesch a vun de spezielle Substantiver wéi Pragmatiker e Redirect op d'abstrakt Substantiv, an dësem Fall Pragmatismus, ze maachen.

Sonnerzeechen[Quelltext änneren]

Artikelnimm, déi zwar op dem laténgeschen Alphabet berouen, awer Sonnerzeechen (z. B. ð, Ð, æ, Æ, ə, Ə) oder diakritesch Ergänzungen (z. B. á, Õ) enthalen, gi grondsätzlech wéi an der Landessprooch geschriwwen (z. B. São Paulo, Friðrik Þór Friðriksson). Och am Artikel soll déi Schreifweis benotzt ginn. Et ass awer zweckméisseg, ëmmer sënnvoll Weiderleedungen unzeleeën, déi dës Sonnerzeechen an diakritesch Ergänzungen ëmschreiwen (z. B. „Sao Paulo“, „Fridrik Thor Fridriksson“), fir och deenen d'Fanne vun Informatiounen z'erméiglechen, déi net kënneg am Ëmgang mat sou Zeeche sinn, oder Problemer hunn, déi op hirer Tastatur anzeginn. E Sonnerfall gëtt et nëmme bei den Aserbaidschanesche Sonnerzeechen »Ə« an »ə«. Déi däerfen och am Land selwer als Ä an ä geschriwwe ginn, obschonn ee méi dacks Ə an ə gesäit. Kuckt och: Wikipedia:Nummkonventiounen/Aserbaidschanesch

Eng Weiderleedung gëtt och beim »ß« ugeroden, well et op franséischen, engleschen oder Schwäizer Tastature keen ß gëtt, a vill Leit d'ß-Reegelen net richteg kennen.

Am Usbekeschen existéiert d'Sonnerzeechen »‘«, wat no de Bustawe g an o benotzt gëtt, fir Ëmlauter auszedrécken. Dat Sonnerzeechen ass net mam Apostroph identesch, mä gläicht éischter enger klenger 6. Et gëtt souwuel am Artikelnumm wéi och am Text benotzt. Zousätzlech gi Weiderleedunge vun der Schreifweis ouni d'Sonnerzeeche souwéi vun der Schreifweis mam ähnlechen Apostroph gemaach.

Fir net-laténgesch Schrëftsystemer wéi Arabesch, Chineesesch oder Kyrillesch gëtt et Transkriptionskonventiounen. Heizou gëtt et en eegenen Abschnitt. D'Benotzung vun den allgemenge Sonnerzeechen (z. B. *, ~, @, \, $, |, ", /) féiert an der aktueller MediaWiki nach ëmmer zu Problemer. Hei muss eventuell en Alternativtitel benotzt ginn. Op de korrekten eigentlechen Artikeltitel gëtt de Lieser iwwer d'Schabloun:Korrekten Titel informéiert.

D'Zortéieren an de Kategorië soll ouni d'Sonnerzeeche gemaach ginn. Fir datt São Paulo lexikalesch richteg asortéiert gëtt, muss am Artikel [[Kategorie:Uertschaft a Brasilien|Sao Paulo]] mat „a“ amplaz vum „ã“ stoen. Méi Informatiounen dozou fannt Dir op Wikipedia:Kategorien.

Bei Transkriptioune vun Nimm an net-laténgesche Schrëften hale mer eis un déi däitsch Transkriptiounen, well dës dem Lëtzebuerger Schrëftbild am nooste sinn. Beispill: Michail Sergejewitsch Gorbatschow. Ginn et "exotesch" Accenten, da gëtt e Redirect vum Stéchwuert ouni Accent op den Artikel, dee mat de "Sonnerzeeche" lemmatiséiert gëtt, gemaach: Kenzaburo OeKenzaburō Ōe. Dat gëllt och fir Nimm a Sproochen, déi d'laténgescht Alphabet benotzen, mä bei äis net gebräichlech diakritesch Zeechen hunn: Jiri KodetJiří Kodet, oder bei deenen den Accent dacks vergiess gëtt: Pedro AlvodovarPedro Almodóvar.

Klengen Ufanksbuschtaf[Quelltext änneren]

En Artikeltitel mat engem Ufanksbuschtaf, dee klenggeschriwwe misst ginn, ass zur Zäit technesch net méiglech. Et ass awer méiglech den Titel mat Hëllef vun der Funktioun {{DISPLAYTITLE:xyz}} korrekt uweisen ze loossen, déi bewierkt datt d'Säit mat dem Titel xyz ugewise gëtt amplaz vun Xyz, wéi dat soss de Fall wier.

Beispill: c't, woxx

Ofkierzungen[Quelltext änneren]

Fir d'Ofkierzunge soll den Artikel den ausgeschriwwenen Numm hunn. Wéi (Vereenegt Staate vun Amerika). Setzt e #REDIRECT bei der gängeger Ofkierzung (USA) op den ausgeschriwwenen Artikel-Titel.

Allgemenges[Quelltext änneren]

Persounennimm ginn op der Wikipedia wéi am normale Sproochgebrauch als Artikelnumm benotzt – also net Rodange, MichelMichel Rodange.

Bei méi Virnimm, mussen dës net all am Artikelnumm stoen, mä den Artikel gëtt an der Form lemmatiséiert, déi am meeschte benotzt gëtt. De vollen Numm gëtt awer am éischte Saz vum Artikel ernimmt. Adelspredikater (Count, Baron, Sir asw.), akadeemesch Graden (Dokter, Professer) ginn am Artikelnumm ewechgelooss, ausser et si Kënschtlernimm.

Beispiller: Sean Connery (Sir Sean Connery), Félix de Blochausen (Baron Félix de Blochausen), Dr. Rain & The Umbrellas

Bei historesche Persoune mam selwechten Numm gëtt den Ënnerscheed duerch d'Uertschaft wou en hierkomm ass gemaach, oder en Zousaznumm, deen dës Persoun hat. Eng aner Méiglechkeet ass, d'Gebuertsjoer hannendrun ze schreiwen oder "de Jéngeren/den Eeleren" bzw. „junior/senior“ bei Membere vun der selwechter Famill.

Beispiller: Pieter Bruegel de Jéngeren, Pieter Bruegel den Eeleren

Wa Leit sou gutt wéi nëmmen ënner hirem Pseudonym bekannt sinn, dann ass den Artikel ënner deem ze lemmatiséieren. De "Gebuertsnumm" gëtt da just am Artikel selwer ernimmt. Beispill: Jean Gabin. Gëtt e Pseudonym just geleeëntlech vun enger Persoun gebraucht, déi och ënner hirem eegenen Numm bekannt ass, da steet se ënner hirem Numm, an de Pseudonym mécht e Redirect op dësen: Siggy vu LëtzebuergLucien Koenig.

En zesummegesate Virnumm gëtt mat Bindestréch geschriwwen: Jean-Claude Juncker.

All d'Virnimm aus dem État civil kënnen zwar am fettgedréckte Lemma vum Artikel stoen, mä net am Numm vum Artikel selwer.

Ofkierzunge vu Virnimm ginn ausgeschriwwen, et sief, d'Persoun ass just ënner der Kuerzform bekannt: Mars Klein, Tun Deutsch, D. H. Lawrence. Am Zweiwelsfall soll eng Viruleedung vun der Variant mam Kuerznumm op déi mam ausgeschriwwenen Numm maachen. Am fettgedréckten Titel vum Artikel steet dann z. B.: De Jean-Pierre (Jemmy) Koltz, gebuer..."

Bestuet Frae stinn ënner hirem Gebuertsnumm; e Redirect vun hirem Numm nom Bestietnes ass recommandéiert, virun allem, wann s'ënner deem méi bekannt sinn. Beispill: Aline de Saint-Hubert huet eng Viruleedung vun Aline Mayrisch an Aline Mayrisch-de Saint-Hubert aus.

Sproochspezifesches[Quelltext änneren]

Wann et sproochspezifesch besonnesch Saache gëtt, sollen dës berécksiichtegt ginn. Sou ass et am Russesche Brauch, den Numm vum Papp am Lemma ze nennen (z. B. Wladimir Wladimirowitsch Putin), am Ukraineschen awer net (méi dozou ënner Wikipedia:Nummkonventiounen/Kyrillesch).

Bei auslännesche Persounen, bei deenen am Heemechtsland eréischt viru kuerzem d'laténgescht Alphabet agefouert gouf, sou soll dës nei Schreifweis benotzt ginn. Eeler Transkriptioune sollen an der Introduktioun vum Artikel selwer awer genannt ginn, an déi néideg Weiderleedunge solle gemaach ginn. Dat betrëfft zum Beispill turksproocheg Länner, an deenen d'kyrillescht Alphabet no der Onofhängegkeet ofgeschaaft gouf.

Ungaresch Nimm ginn allgemeng an der Reiefolleg „Virnumm Familljennumm“ geschriwwen, an net wéi am Ungareschen „Familljennumm Virnimm“ (also Béla Bartók, net Bartók Béla).

Bei de japanesche Persounen, déi virun der Shōwa-Zäit gebuer sinn, gëtt de Familljennumm virun de Virnumm gesat. Dat ass déi gewinnt Reiefolleg am Japaneschen. Bei Persounen, déi no der Shōwa-Zäit op d'Welt koume gëllt d'Reegel „Virnumm Familljennumm“. De Familljennumm gëtt net grouss geschriwwen an nom Familljennumm kënnt kee Komma. Wann d'Persoun awer selwer eng aner Reiefolleg benotzt, oder zum Beispill Publikatioune vun där Persoun op Däitsch (also deem Schrëftbild un dat mir eis halen) en anert Schrëftbild benotzen, da soll déi Schreifweis benotzt ginn. (kuckt Japanesch Nummkonventiounen)

Keeseren, Kinneken an aner Herrscher[Quelltext änneren]

Bei Monarchen a soss Adeleger (Prënzen, Herzogen, ...) fuere mer nom Prinzip "Numm_vu(n)_Territoire", deemno Henri vu Lëtzebuerg, Louis XIV. vu Frankräich, asw. Och hei ass d'Sprooch vum Numm eng quokeleg Saach; prinzipiell ginn z. B. franséisch Kinneke mat hirem franséischen Numm ugefouert a portugisescher mat hirem portugiseschen, mä bei Herrscher iwwer méisproocheg Territoiren, wéi dat z. B. bei deenen, déi virum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg Här a Meeschter waren, de Fall ass, ass Pragmatismus (d. h. Redirect-Geknéchels) déi eenzeg Léisung. Et huet nämlech kee Sënn, wëllen ze determinéieren, ob elo Karel IV., Karl IV., Charel IV. oder Charles IV. "méi richteg" ass.

Peepst[Quelltext änneren]

Peepst gi mat "Numm_Uerdnungszuel a laténgeschen Zuelen. (Poopst)" lemmatiséiert, also z. B. Urban III. (Poopst), Jean-Paul II. (Poopst), asw. Bei Virnimm, bei deenen déi däitsch an déi franséisch Varianten ënnerschiddlech sinn, musse Redirecter dofir hierhalen, datt et am Lëtzebuergesche keng schrëftlech Traditioun, an deemno och keng kloer Preferenz fir déi eng oder aner gëtt. (Beispill: Benedikt V. (Poopst) a Benoît V. (Poopst))

Geographesch Nimm[Quelltext änneren]

1. Lëtzebuergesch Uertschaften stinn ënner hirem lëtzebuergeschen Numm. Beispill: Ëlwen. Eng Viruleedung vum franséischen an/oder däitschen Numm (Troisvierges, Ulflingen) op dee lëtzebuergeschen ass recommandéiert.

2. Uertschafte soss uechtert d'Welt stinn ënner hirem Numm, wéi se do genannt ginn, wou se leien: Beispill: Xouaxange.

3. Ausnamen:
Uertschaften, déi e gebräichleche lëtzebuergeschen Numm hunn, deen anescht ass, wéi an der Landessprooch, ginn ënner deem Numm gefouert. Beispill: Lonkech, mä et gëtt e Redirect vum Numm an der Landessprooch op dee vum Artikel: Longwy.

4. Spezialfall: Wann et méi wéi een offiziellen Numm gëtt, gëtt e Redirect vun deene verschiddene Varianten op eng Säit ugeluecht, déi (an alphabetescher Reiefolleg) déi verschidden Nimm huet. Beispill: Auderghem an Oudergem hunn e Redirect op Auderghem - Oudergem (D'Regioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg franséisch-hollännesch, béid Nimm wiere "gläich richteg").

5. Et soll drop opgepasst ginn, datt bei Evenementer aus der Vergaangenheet, zum Beispill d'Gebuert vun enger Perséinlechkeet, am Artikel deen Numm benotzt gëtt, deen deemools am Gebrauch war. Beispill: '''Käthe Kollwitz''' (* [[8. Juli]] [[1867]] zu [[Kaliningrad|Königsberg]]; …) …

Wann et sech ëm e Wierk dréint, da soll dem Auteur seng Schreifweis respektéiert ginn (zum Beispill eXistenZ an net Existenz).

Dat gëllt och fir lëtzebuergesch Publikatiounen, déi an enger vereelzter Schreifweis geschriwwe sinn: D'Lemma ass sou, wéi et an der éischter Editioun geschriwwe steet (z. B. D'Mumm Sěs), mat engem Redirect vum Titel an der haiteger Schreifweis (an dësem Fall D'Mumm Séis) erméigleche mer, et erëmzefannen.

Filmer[Quelltext änneren]

Den Numm vun Artikel soll ëmmer den originale Filmtitel sinn. Eng lëtzebuergesch Iwwersetzung ka bei Filmer gemaach ginn, bei deenen den Originaltitel an enger net-laténgescher Sprooch (wéi z. B. Chineesesch) steet. Entsprécht de Filmtitel dem Titel vun engem Buch (oder engem anere Lemma mam selwechten Numm, z. B. Apollo 13), sou soll de Filmartikel duerch d'Dobäisetze vu „… (Film)“ indexéiert ginn. Beispill: Doktor SchiwagoDoktor Schiwago (Roman), Doktor Schiwago (Film)

Wann et méi Verfilmunge mat dem selwechten Titel gëtt, sou soll och d'Verëffentlechungsjoer a Klamere stoen.

Serien[Quelltext änneren]

Grondsätzlech soll de kompletten offiziellen Titel dem Artikelnumm entspriechen. Wann dëse méideiteg ass, muss den Zousaz „… (Televisiounsserie)“ dobäigesat ginn.

Museksstécker[Quelltext änneren]

Museksstécker stinn ënner hirem Originalnumm. Wann et méi Stécker mam selwechten Numm gëtt (z. B. bei Sonaten a Sinfonien), setze mer den Numm vum Komponist hannendrun a Klameren. Beispiller: 7. Sinfonie (Beethoven), Die Zauberflöte

Nationalhymnen[Quelltext änneren]

D'Nationalhymne ginn ënner hirem Original-Titel gefouert.

Ministèren, Organisatiounen, Verwaltungen, asw.[Quelltext änneren]

Ministèren[Quelltext änneren]

Den offiziellen (franséischen) Numm vum Ministère gëtt nom Prinzip geschriwwen, wéi et am Lëtzebuerger Guide de rédaction[1] steet, respektiv esou wéi et am interne Reglement vun der Regierung festgehalen ass[2]. Dat heescht, datt d'Substativ vun all eenzele Portefeuille ëm deen et geet grouss an d'Adjektiv hannendrun kleng geschriwwen gëtt.

Beispiller:

  • Ministère du Travail
  • Ministère des Affaires intérieures
  • Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture
  • Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

(Gëtt et e lëtzebuergeschen Numm, dee fest am Sproochgebrauch verankert ass (Finanzministère, Inneministère), da gëtt e Redirect op de franséischen, offiziellen Numm gemaach).

Organisatiounen an Ariichtungen[Quelltext änneren]

Bei auslänneschen Organisatiounen an Ariichtunge soll déi Bezeechnung benotzt ginn, déi zu Lëtzebuerg am Gängegsten ass. Sou wäert ee wuel éischter Harvard University wéi Universitéit Harvard liesen, awer méi heefeg Universitéit Helsinki wéi Helsingin yliopisto.

Bei lëtzebuergeschen Organisatiounen an Ariichtunge där hir amtlech Bezeechnung wéinst der momentaner Gesetzeslag zwéngend op Franséisch ass, soll déi gängeg lëtzebuergesch Bezeechnung benotzt ginn, oder wann et keng gëtt, eng valabel lëtzebuergesch Iwwersetzung. Sou wäert ee wuel éischter A.s.b.l. wéi GoGz liesen, awer méi heefeg Lëtzebuerger Nationalbibliothéik wéi Bibliothèque nationale du Luxembourg.

All Kéier wann den Numm vun engem Artikel no deenen uewen ugeféierte Reegelen anescht ass wéi déi amtlech Bezeechnung, sou soll déi amtlech Bezeechnung awer och am Artikel selwer genannt ginn an e Redirect vun der amtlecher Bezeechnung op den Artikelnumm gemaach ginn.

Verwaltungen[Quelltext änneren]

Wann den Artikel vun der Verwaltung oder der Institutioun am offiziellen, franséischen Numm ugeluecht gëtt, da kritt just dat éischt Wuert (Typ vun der Institutioun ) eng Majuskel[1].

Beispiller:

  • Administration des bâtiments publics
  • Collège vétérinaire
  • Conseil supérieur des professions de santé
  • Syndicat intercommunal de gestion informatique

Entreprisen[Quelltext änneren]

Wann en Artikel iwwer eng Entreprise opgemaach gëtt, gëllt de Prinzip: Den Artikeltitel muss korrekt awer och gängeg sinn.

  1. Den Numm vun der Entreprise soll wa méiglech ouni Rechtsform genannt ginn. Also Postbank an net „Postbank AG“ oder Sal. Oppenheim an net „Sal. Oppenheim jr. & Cie. KGaA“.
  2. De juristeschen Numm vun der Entreprise soll am éischte Saz vum Artikel genannt ginn.

Kategorien[Quelltext änneren]

Kuckt Wikipedia:Kategorien

Sproochen[Quelltext änneren]

Sprooche kréien den Zousaz "Sprooch" am Artikelnumm nëmmen dann, wann ee si soss mat enger Natioun, engem Vollek oder enger Regioun verwiessele kéint, oder wann et ëm Sproochfamillje geet. An den anere Fäll nenne mer d'Sproochartikelen Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Latäin asw.

Transkriptioun vu frieme Schrëftsystemer[Quelltext änneren]

Fir Nimm aus frieme Schrëftsystemer soll eng Ëmschrëft benotzt ginn, kuckt Friemwierderformatéierung.

Fir Friemsproochen: {{Lang|Sproochofkierzung|Text}}.

Fir verschidde Sproochen a Schrëfte gëtt et scho speziell Nummkonventiounen an Transkriptiounsreegelen, kuckt

Männlech a weiblech Bezeechnungen[Quelltext änneren]

Artikele ginn ënner der maskuliner Bezeechnung ugeluecht (kuckt generesche Maskulinum). Eng Weiderleedung vun der weiblicher Form kann ugeluecht ginn (BundeskanzlerinBundeskanzler, LandeshauptfrauLandeshauptmann).

Markennimm[Quelltext änneren]

Bei Markennimm, déi net ëmmer mat der lëtzebuergescher Schreifweis iwwerenee stëmmen, gëtt den offizielle Markennumm, mat der Grouss- a Klengschreiwung benotzt, wéi e bekannt ass.

Eisebunnsstrecken[Quelltext änneren]

  • Wann et e gëtt, gëtt den iwwerregional bekannten Numm vun der Eisebunnsstreck als Lemma benotzt. Regional ëmgangssproochlech Bezeechnunge sinn net zoulässeg, a ginn héchstens als Redirect benotzt.
  • Eisebunnsstreck A – B, woubäi A a B Statiounsnimm sinn. Beispill: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz. An d'Kategorie gëtt den Artikel follgendermoossen agesat: [[Kategorie:Numm vun der Kategorie|A–B]] (Beispill: [[Kategorie:Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg|Letzebuerg-Elwen]])

Medezin[Quelltext änneren]

Kuckt: Wikipedia:Nummkonventiounen/Medezin

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Guide de rédaction vum Service information et presse an dem Educatiounsministère, Kapitel 1.2, S. 49
  2. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.