Wikipedia:Nummkonventiounen/Chineesesch

Vu Wikipedia
Wikipedia op Chineesesch

Lautëmschrëft[Quelltext änneren]

An der Volleksrepublik China gëtt d'Lautschrëft Pinyin benotzt. Pinyin gëtt zwar vereenzelt aus politesche Grënn ofgeleent (vu Kommunisten erfonnt), mee huet sech awer international etabléiert. Dofir soll och an der Wikipedia Pinyin benotzt ginn.

Follgend Silbe gëtt et a Pinyin net, mee dofir awer a méi alen Ëmschrëften. Wann dës Wuertbestanddeeler opdauchen, soll no der aktueller Ëmschrëft gesicht ginn.

  • ung
  • ts
  • hwang

Artikelnimm[Quelltext änneren]

Artikelnimm sollen no follgendem Schema gemaach ginn:

  1. Wa sech e lëtzebuergeschen Numm etabléiert huet, sou soll dësen och benotzt ginn. Beispill: Chineesesch Mauer (amplaz wanli changcheng).
  2. An den anere Fäll soll d'offiziell Lautëmschrëft Pinyin benotzt ginn. Beispill: Mao Zedong
  3. Nëmmen an Ausnahmefäll kann eng eeler Lautëmschrëft benotzt ginn, wann sech dës scho ganz etabléiert huett. Beispill: Peking (amplaz Beijing)

Vereelst Schreifweise vu bekannten Nimm/Begrëffer sinn als Weiderleidungen unzeleeën.

Traditionell vs. vereinfacht Schreifweis[Quelltext änneren]

Chineesesch Zeeche gëtt et hautdesdaags an zwou Varianten: Déi traditionell Schreifweis (Laangzeechen) an déi vereinfacht Schreifweis (Kuerzzeechen) vun der ëmstriddener Reform vun der Volleksrepublik China vun 1955. Dobäi gouf d'Unzuel vun de Strécher bei enger Rei vun Zeechen erofgesat, zum Beispill beim Wuert Draach (Pinyin: lóng) gouf d'Stréchunzuel vu 16 (龍) op 5 (龙) reduzéiert. Zu Hongkong an am Taiwan ginn d'traditionell Zeeche weiderhi benotzt.

An de Wikipedia-Artikele sollt Dir déi zwou Schreifweisen uginn, wa si ënnerschiddlech sinn.

Kuckt och: Chineesesch Schrëft

Déi offiziell Lautëmschrëft Pinyin benotzt niewt de Silben och Zeeche fir d'Héicht vum Toun unzeginn, déi ët an der chineesescher Aussproch gëtt. Wann d'Héicht vum Toun ugi gëtt, kann een all Wuert korrekt ausschwetzen. Am Ausland ginn dës Héichte vun den Téin oft ewechgelooss.

An der Wikipedia sollen op mannst bei der Indikatioun vum Pinyin um Ufank vum Artikel d'Héicht vun den Téin mat genannt ginn. Am Artikelnumm (Lemma) soll een awer heirobber verzichten. Hei d'Zeeche fir ze kopéieren:

normal/neutralen Toun a / A e / E i / I o / O u / U ü / Ü
éischten Toun
(Makron ¯)
ā / Ā ā / Ā ē / Ē ē / Ē ī / Ī ī / Ī ō / Ō ō / Ō ū / Ū ū / Ū ǖ / Ǖ ǖ / Ǖ
zweeten Toun
(Akut ´)
á / Á á, á / Á, Á é / É é, é / É, É í / Í í, í / Í, Í ó / Ó ó, ó / Ó, Ó ú / Ú ú, ú / Ú, Ú ǘ / Ǘ ǘ / Ǘ
drëtten Toun
(Caron ˇ)
ǎ / Ǎ ǎ / Ǎ ě / Ě ě / Ě ǐ / Ǐ ǐ / Ǐ ǒ / Ǒ ǒ / Ǒ ǔ / Ǔ ǔ / Ǔ ǚ / Ǚ ǚ / Ǚ
véierten Toun
(Gravis `)
à / À à, à / À, À è / È è, è / È, È ì / Ì ì, ì / Ì, Ì ò / Ò ò, ò / Ò, Ò ù / Ù ù, ù / Ù, Ù ǜ / Ǜ ǜ / Ǜ

D'Zeeche mat Akut ( ´ ) oder Gravis ( ` ) (ausser ü) kënnen op verschiddenen däitschen Tastaturen och direkt agetippt ginn. Dofir dréckt een d'Tast ´ bzw. ` an direkt duerno de gewënschte Vokal.

A ville Quelle gëtt d'Tounhéicht duerch eng Zuel no der Silb uginn. Dobäi bedeit eng 1 den 1. Toun, eng 2 den 2. Toun asw. An der Wikipedia soll ëmmer déi korrekt Duerstellung gewielt ginn.

Artikelufank[Quelltext änneren]

Follgend Reegelunge gëllen och fir japanesch Begrëffer.

Wéi an der Wikipedia üblech, sollen och Artikel zu chineesesche Begrëffer mat engem Definitiounssaz an der Form ' xy ass ...' ufänken. Dobäi gëtt den Artikelnumm fett geschriwwen.

Ass den Artikelnumm a Pinyin (mat oder ouni Téin), solle bei dësem éischte Saz d'Tounhéichte mat ugi sinn, ass en net a Pinyin, da soll d'Pinyin-Schreifweis a Klameren hannendrunner gesat ginn, och mat den Téin. Weiderhi sollen d'Schrëftzeechen ugi ginn, wann si ënnerschiddlech sinn, dann och an traditioneller an a vereinfachter Schreifweis. Gebräichlech veraalten Ëmschrëfte sollen och mat ugi ginn. Ët ass awer drop opzepassen, datt den Ufank vum Artikel an den Ausdrock an der Klamer net onnéideg laang gëtt.

Beispiller[Quelltext änneren]

  • Máo Zédōng (chin. 毛泽东/毛澤東) oder Mao Tse-tung
  • Peking (chin. 北京, Běijīng = „Nördliche Hauptstadt“)
  • De Giele Floss (chin. 黃河, Huánghé)
  • China (chin. 中国/中國, Zhōngguó)
  • Lǎozǐ (chin. 老子 = „Ale Meeschter“), och Laotse, Lao-Tse oder Lao-tzu
  • Anime (jap. アニメ)

Bemierkungen[Quelltext änneren]

  • Déi traditionell Schreifweis steet hanner der (chineesescher oder japanescher) vereinfachter Schreifweis.
  • An der Reegel geet Pinyin als Ëmschrëft duer.
  • Fir d'Ëmschrëft am Japaneschen ass den Hepburn-System ze benotzen.
  • Wärend d'Téin am Chineeseschen net am Artikelnumm stinn, ass d'Deenungszeechen am Japaneschen an den Artikelnumm mat opzehuelen.

Chineesesch Nimm bestinn üblecherweis aus engem eesilbege Familljennumm (Li) an engem een- oder zweesilbege Virnumm. De Familljennumm kënnt fir d'éischt, wéi och an aneren ostasiatesche Länner. D'Artikele sollen an der Nummreihefolleg, déi a China üblech ass, ugeluecht ginn, also Mao Zedong net Zedong Mao.

Kuckt och: Chineesesch Familljennimm