Wikipedia:Lëschten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ofkierzung: WP:LIST

Op der Wikipedia wiisst d'Informatioun sou séier, an domat och de Bedarf un engem organiséierten an thematesch zortéierten Inhaltsverzeechnes an anere Lëschten. Et gëtt och eist automatescht Artikelverzeechnis, wou d'Artikelen dem Alphabet no zortéiert sinn, mee dëst ass fir nei Benotzer duerch déi sëlleche Redirecten net ëmmer sou einfach z'iwwerblécken.

Sënn an Zweck vu Lëschten

Lëschte kennen en immens gudde Wee duerch den Informatiounsbësch vun der Wikipedia sinn, virausgesat si gi sënnvoll strukturéiert, regelméisseg kontrolléiert, erweidert, an ënnerenaner a Verbindung bruecht.

Zum Deel si Lëschten an der Tëschenzäit duerch d'Technik vun de Kategorien ofgeléist ginn. Lëschten hunn awer am Géigesaz zu de „Kategorien“ de Virdeel, datt si den Inhalt méi eendeiteg definéieren, an net un eng bestëmmte Struktur gebonne sinn..

Lëschten erfëllen e puer Funktiounen:

  • Si weisen, wéieng Artikel zu dem Thema nach feelen. Dat ass e groussen Ënnerscheed zu de Kategorien, déi nëmmen Artikelen erfaasse kënnen, déi scho geschriwwe goufen.
  • Si hëllefen de Leit sech un d'Nummkonventioune vun der Wikipedia ze halen. Wann een elo net genau weess wéi een deen oder den anere Kinnek vun engem Land nenne soll, sou huet een am beschten et kuckt een op der Lëscht vun all de Kinneke vun deem Land, an hält sech un deen Numm, deen och an der Lëscht schonn drasteet.

Eng "Lëscht vun alle Lëschten" déi d'Lëtzebuerger Wikipedia am Moment huet sinn d'Wikipedia:Referenztabellen.

Opgepasst

Wann Dir eng nei Lëscht zu engem Thema opsetze wëllt, passt w.e.g. op folgend Punkten op.

Introductioun

Genee wéi bei den Artikelen gehéiert och zu enger Lëscht e klengen Introductiounssaz. Dëst ass net nëmmen eng nëtzlech Informatioun zum Zweck vun der Lëscht fir d'Wikipedianer selwer, mee kann och nach extra Hiweiser op verschidde Problematike ginn. Als Beispill kënnt Dir Iech d'Lëscht vun de Pharaonen ukucken, déi eng noutwänneg Explikatioun virun der Lëscht selwer huet.

Benennung

Als Nummkonventioun huet sech eng Benennung mat "Lëscht" etabléiert, fir Lëschten-Artikelen kloer vun den normalen Artikelen ze trennen. Den Titel vun enger Lëscht sollt awer trotzdem normal a grammatikalesch korrekt sinn. Als Beispill: "Lëscht vun de franséische Monarchen" oder och nach "Lëscht vu Philosophen".

Opdeelen

Wann eng Lëscht ze grouss gëtt, soll ee kucken, op en net eng Méiglechkeet gëtt, se opzedeelen. E gutt Beispill heifir ass eis Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen, déi ze grouss (Richtwäert 32k pro Säit) ass, fir op enger eenzelner Säit ze stoen. Dofir gouf si alphabetesch ënnerdeelt. Wann Dir sou eppes maache musst, halt Iech w.e.g. fir d'Ënnerdeelung un d'Schema Lëscht vun engem Thema/A; Lëscht vun engem Thema/B asw.

Form

Wann eng Lëscht immens laang ass, sollt si eng Navigatiounsvirlag enthalen. En alphabetescht Inhaltsverzeechnis léisst sech zum Beispill mat {{subst:TOC}} uweisen (kuckt och Virlagen). Dozou muss d'Säit an alphabetesch Iwwerschrëfte wéi an de Formatvirlagen agedeelt sinn.

Kuckt och