Wikipedia:Reegelen

Vu Wikipedia
Ofkierzung: WP:R

Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet mat engem gemeinschaftlechen Zil, dat vun de meeschte Wikipedianer gedeelt gëtt.

Natierlech hu mer och all eis perséinlech Grënn fir matzemaachen a jidderengem steet et fräi, säin Deel zum Grousse bäizedroen, wéi hien et fir richteg empfënnt. Mä natierlech soll Wikipedia och eng nëtzlech a fiabel Source sinn.

Fir dëst Ziel ze erreechen, brauche mir natierlech eng Rei Reegele fir d'Matenee méi einfach ze maachen, mat sou mann Sträit wéi méiglech. Dës Reegele wëlle mer Iech op dëser Säit kuerz oplëschten.

Verschidde Reegelen huet de Grënner vu Wikipedia, den Jimbo Wales, fir offiziell erkläert, (kuckt och dëse Bäitrag op Wikien-l an Jimbo Wales/Statement of principles).

Zentral Grondreegele vun der Wikipedia[Quelltext änneren]

Déi follgend véier Punkte sinn zentral Grondsätz vun der Wikipedia.

  • Wikipedia ass eng Enzyklopedie: Wikipedia ass keen Dictionnaire a keen Diskussiounsforum. D'Diskussiounssäite sinn do, fir d'Artikelen ze verbesseren an iwwer d'Artikelen ze diskutéieren. D'Wikipedia ass dofir do, fir eng Enzyklopedie opzebauen (kuckt och bei den Artikelen, déi et op all Wikipedia sollt ginn). Dat bedeit och, datt net alles a jiddereen en Artikel kann hunn; dofir ginn et Relevanzcritèren.
  • Neutralitéit: Op Wikipedia versiche mer, d'Artikele sou neutral wéi méiglech ze halen. Et geet net drëm, en Artikel no der gängeger Meenung ze schreiwen, mä éischter fir op all Point de vue anzegoen, ouni dobäi fir eng Richtung Partei z'ergräifen.
  • Kee Mëssbrauch vum Copyright: D'Artikelen op Wikipedia ginn ënner der Creative Commons-Lizenz "Nummnennung-Weidergab ënner de selwechte Bedingungen 3.0 Unported" (CC-BY-SA) an der GNU Free Documentation License (GFDL) publizéiert. An ärem Artikel solle sech also nëmmen Donnéeë befannen, déi soit Domaine public, soit CC-BY-SA an/oder GNU Lizenz sinn. Wann dëst net de Fall ass, da loosst deen Deel vum Contenu léiwer direkt ewech. Dat selwecht gëllt natierlech och fir d'Biller, déi der an ärem Artikel wëllt dobäisetzen.
  • Respekt vis-à-vis vun deenen anere Wikipedianer: D'Wikipedianer kommen aus verschiddene Länner mat anere Kulturen an Opfaassungen. Andeems mir deenen Aneren hir Meenung respektéieren, kënne mir méi effikass zesummeschaffen an eng grouss Enzyklopedie zesummestellen.

Weider Unhaltspunkten[Quelltext änneren]

Follgend Punkte si Rotschléi, un déi ee sech wa méiglech hale soll, awer net muss. Natierlech soll dat Ganzt elo net eppes am Stil vun den Zéng Geboter sinn . Mä passt awer wa méiglech e bëssen op. Weider Konventioune fannt Dir op der Communautéitssäit an ënner der Hëllef.

Déi meescht Artikelen op Wikipedia hu méi wéi een Auteur. All Är Kontributioune si susceptibel, vun engem aneren Utilisateur verännert ze ginn, ouni datt Dir dobäi iergendeen "droit de veto" hätt. Wann Dir mat dësem Prinzip net averstane sidd, dann ass Wikipedia eventuell déi falsch Adress fir Iech. Dës Reegel beinhalt och, datt Dir Är Artikelen net signéiert. Wie genee dru geschafft huet, kann een am Historique noliesen.

Wie stellt déi Reegelen eigentlech op?[Quelltext änneren]

D'Majoritéit vun den allgemenge Reegele gouf opgesat, wéi d'Wikipedia gegrënnt ginn ass, ursprénglech op der englescher Wikipedia. Dann huet natierlech och all Sprooch hir spezifesch Reegelen, déi virun allem mat der Sprooch oder mam Land ze dinn hunn. Zum Beispill: Op der lëtzebuergescher Wikipedia soll de "Koiné" geschriwwe ginn, dee méi oder wéineger op de "Stater" Dialekt erausleeft.

Wie passt op?[Quelltext änneren]

Op Wikipedia passt jiddereen op, wat deen anere stiicht. Et gëtt kee Chefredakter, deen d'Artikele validéiere muss, éier se op de Site kommen, an och soss keng héijer Kontrollinstanz. Natierlech ginn et d'Administrateuren, mä och si sinn net allmächteg a sollen deem ganzen och méi e Kader ginn, wéi als groussen Oppasser optrieden.

Dozou gehéiert natierlech och, hinnen onnëtz Aarbecht dohinzeleeën, wat jo net muss sinn:

  • Anonym schreiwen: Sidd Iech bewosst, datt anonym Auteuren éischter kontrolléiert gi wéi "Stammclienten", déi reegelméisseg Artikele verfaassen. Dofir sicht Iech einfach ee Benotzernumm a loggt Iech all Kéier an, wann der eppes schreiwe wëllt.
  • Denkt drun, d'Case "Kleng Ännerung" unzeklicken, wann Dir an engem Artikel nëmmen Tippfeeler verbessert oder Linke bäidrot, mä lo näischt Groussaarteges um Sënn vum Artikel ännert.
  • Denkt drun, Är Ännerungen am "Resumé"-Feld kuerz ze beschreiwen. Dat mécht et fir all Mënsch méi einfach, deen duerch den Historique kuckt, wat sou gemaach ginn ass an engem Dag.
  • Iwwerliest Ären Text och emol selwer a baut net nëmmen op déi aner fir ëmmer är Feeler ze verbesseren.

Liest heizou och nach[Quelltext änneren]