Wikipedia:Stil

Vu Wikipedia

Op Wikipedia ginn et eng Partie Stilkonventiounen, fir d'Artikelen ënner sech koherent ze halen a fir eng gewësse Struktur an de Projet ze bréngen.

Wéi fänken ech en Artikel un ?[Quelltext änneren]

Den Titel vun engem Artikel (Lemma) soll d'Nummkonventioune beuechten.

Déi éischt Ernimmung vum Sujet am Artikel selwer schreiwe mer a fettgedréckte Buchstawen. Am beschte Fall fänkt den Artikel da mat enger kuerzer Definitioun oder Beschreiwung un.

Als Beispill:

  • Karate ass eng fernëstlech Kampfsportaart, déi sech duerch waffelos Kierpertechnike charakteriséiert.

Bei Persoune soll an der éischter Zeil och de Gebuerts- an Doudesdatum stoen (sou detailléiert wéi méiglech), a wat dës Persoun haaptsächlech geleescht huet sou datt se relevant ass.

Als Beispill:

  • De Jacques-Yves Cousteau, gebuer den 11. Juni 1910 zu Saint André de Cubzac a gestuerwen de 25. Juni 1997 zu Paräis, war e franséischen Ozeanograph. Hee war en europawäit bekannte Pionéier an der Mieresfuerschung an deer hir Dokumentatioun mat der Filmkamera.

Detailer zu engem Sujet kommen dann a weidere Paragraphen no, wann néideg duerch Titelen ënnerdeelt.

Hiwäisschëlter, Infoboxen, Biller, etc.[Quelltext änneren]

D'Hiwäisschëlter, och nach Messagen oder Textbausteng genannt, gehéieren ëmmer un den Ufank vun engem Artikel.

Eng Infobox setzt een och direkt un den Ufank, si kënnt dann automatesch op déi riets Säit stoen.

Biller kommen ausser an Ausnamefäll ni lénks mee just riets stoen. Am beschten dat éischt ganz un den Ufank vum Artikel. Wann et der immens vill sinn, da kann een och méi zum Schluss vum Artikel eng Billergallerie (mat <gallery> asw.</gallery>) uleeën.

Geo-Koordinate sinn normalerweis an der Infobox auszefëllen. Mee wa riets keng sou eng Këscht steet an een awer wëll matdeele wou eng Plaz oder e Gebai lokaliséiert ass, da setzt een eng Koordinateschabloun un den Ufank vum Artikel, an d'Geo-Koordinate kommen dann automatesch mat engem Link riets uewen an den Eck stoen.

Nieft dësen "Haaptreegelen" ass déi einfachste Method, dir kuckt iech einfach en ähnlechen Artikel un a kopéiert d'Mise en page fir ären Artikel. Sou kréien all Zorte vun Artikelen, ob et ëm Biographien, Lännerartikelen oder d'Chronologie geet, eng eenheetlech Struktur: