Wikipedia:Artikel/Linken
Wikilinken oder intern Linke si Verknëppungen, déi vun enger Säit aus op eng aner Säit op der Wikipedia (an der selwechter Sprooch) verlinken.
Wéi Dir bestëmmt scho gesinn hutt, sinn d'Artikele vu Wikipedia ënnerenee verlinkt. D'blo Faarf heescht, datt et déi Säit scho gëtt, e roude Link weist op eng Säit hin, déi nach ze maachen ass (vun Iech?).

Op dëser Säit weise mir Iech, wéi Dir Artikelen ënnerenee verlinke (verbanne) kënnt.
Quelltext
[Quelltext änneren]
Am Quelltext gëtt d'Formatéierung fir e Link mat dem Wiki-Tag „Eckeg Klameren“ gemaach: [[ virun an ]] hannert dem Wuert, dat Dir verlinke wëllt. Dobäi ass et egal, ob et den Artikel scho gëtt oder net.
Wann Dir z. B. [[Knapphouschent]] antippt, gesäit dat am Lies-Modus esou aus: Knapphouschent. Wann Dir am Lies-Modus op dat blot Wuert klickt, gitt Dir dohi weidergeleet (also an dësem Fall op den Artikel iwwer d'Uertschaft Knapphouschent). Wann Dir awer z. B. [[Knaphouschent]] antippt, gëtt dat e roude Link, well et déi Säit net gëtt: Knaphouschent (déi Säit wäert et och net ginn, well den Numm falsch geschriwwen ass).
Dir kënnt d'Wiki-Tags entweeder:
- manuell antippen,
- den Textblock markéieren a s'iwwer d'Geschier-Läischt uewen an der Editéier-Zon (
-Knäppchen) derbäisetzen oder - den Textblock markéieren an Ctrl + K benotzen.
Heiansdo ass den Titel vum Zil-Artikel awer ongënschteg am Saz, deen Dir grad schreift. Do hëlleft Iech follgend Syntax: [[Numm vum Artikel|Text, dee soll gewise ginn]]. De vertikale Stréch (|) kritt een, andeems een Alt + 124 um numeresche Clavier antippt.

Wann Dir de Link iwwer d'Geschier-Läischt derbäisetzt, markéiert d'Wuert a klickt op den
-Knäppchen.


- Passt op d'Grouss- a Klengschreiwung op.
[[Artikel Gëtt Et Net]]ass net dat selwecht wéi[[Artikel gëtt et net]]; - Passt och op d'Homonymiefäll op a vergewëssert Iech, datt Dir op déi richteg Säit verlinkt.
VisualEditor
[Quelltext änneren]
Linke ginn am VisualEditor iwwer d'Geschier-Läischt mam
-Knäppche gesat, sou wéi et hei driwwer am Kapitel „Quelltext“ erkläert ass.
Linken op Wikien an anere Sproochen
[Quelltext änneren]
Wann Dir am Lies-Modus an engem Artikel sidd, gesitt Dir – jee nodeem wéi Är Astellunge sinn – entweeder lénks an der Läischt d'Informatioun An anere Sproochen oder uewen de Knäppchen ![]()
… Sproochen. Wann Dir dann op eng vun de Sprooche klickt, déi uginn ass, kommt Dir op d'Géigestéck vun Ärer Säit an där Sprooch. Dir kënnt z. B. am Artikel Knapphouschent op Franséisch' oder Englesch klicken a kommt dann op den Artikel Knaphoscheid an der jeeweileger Sprooch. Dobäi ass dat keng Iwwersetzung vun der lëtzebuergescher Versioun, mä eng Säit, déi vu Wikipedianer op der fr-wiki an der en-Wiki ugeluecht goufen!
Déi Verknëppung vun den eenzele Sprooche mam Artikel Knapphouschent aus eisem Beispill geschitt „automatesch“ iwwer Wikidata, wou strukturéiert Daten zentral gespäichert ginn.
Wéi gëtt mäin Artikel iwwer Wikidata verlinkt?
[Quelltext änneren]Wann Dir en neien Artikel geschriwwen hutt (z. B. iwwer d'schottesch Stad Cambuslang), vun deem et schonn e Géigestéck an enger anerer Sprooch gëtt, da geet d'Verlinken am einfachsten, andeems Dir:
- op enger Wiki an enger anerer Sprooch (z. B. der däitscher, franséischer oder englescher) d'Géigestéck vun Ärem Artikel sicht;
- am Artikel an der friemer Wiki an der lénker Läischt op d'Wikidata-Symbol
(Wikidataelement, élément Wikidata, o. ä.) klickt oder d'Tastekombinatioun Alt + Shift + G benotzt; - an der neier Fënster, déi opgaangen ass, an der Rubrik
Wikipedia(jee no Opléisung vun Ärem Ecran, entweeder riets oder ënnen) op de Bläistëft
(änneren, edit, o. ä.) klickt; - de Sproochcode
lbagitt an niewendrun den Numm vun Ärem Artikel draschreift (wat jo, hei am Beispill, och Cambuslang' ass); - duerno späichert.
Domat ass d'Verlinken ofgeschloss an op all Säit, déi et iwwer Cambuslang gëtt, gesäit een déi disponibel anersproocheg Versioune vum Artikel (virausgesat, déi sinn op Wikidata verlinkt).
Felicitatioun, Dir hutt Ären éischten Artikel iwwer Wikidata verlinkt!
- Wann dat mat deem Gelinks an aner Sproochen ze vill komplizéiert kléngt, kënnt Dir dat bei Ären éischten Artikele gär ewech loossen. En anere Wikipedianer kuckt da bei Geleeënheet no. Wann Dir bis d'Gewunnecht hutt, mierkt Dir awer geschwënn, datt et keng Hexerei ass.
- „Fréier“ (virun 2013) goufen déi eenzel Sproochversiounen iwwer Interlanguage-Linke matenee verknëppt; déi Method ass mëttlerweil iwwerholl.
D'Sandkaul ass natierlech fir all Är Tester op.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- D'Screenshotten op dëser Säit sinn op der Benotzeruewerfläch Vector 2010 (Legacy) opgeholl ginn. Wann Dir an Ären Astellungen eng aner Benotzeruewerfläch agestallt hutt (z. B. Vector 2022), sinn déi eenzel Knäppercher a Funktiounen eventuell op enger anerer Plaz ze fannen.

