Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Artikel/Syntax

Vu Wikipedia

Dës Säit weist Iech d'Basisfunktioune fir en Text kursiv oder fett ze schreiwen, oder fir Iwwerschrëften a Lëschten (Opzielungen) ze maachen. Déi meescht Artikele brauche just ganz wéineg Textformatéierung.

Am Quelltext gëtt d'Formatéierung gemaach, andeems ee gewësse Symboler op béid Säite vum Textblock placéiert. Beim Ännere vun den Artikele sinn Iech bestëmmt scho Wierder opgefall, déi tëscht Sonnerzeeche stinn, z. B. ''Wuert'', '''Wierder''', == e klenge Saz == oder Zeilen, déi mat bestëmmten Zeechen ufänken, z. B. * esou oder # esou.

Déi Zeechefollge gi Wiki-Tags genannt; si bestëmme wéi den Textblock, deen s'ëmklameren, soll ausgesinn.

Kursiv a fett

[Quelltext änneren]

Fir en Text schréi (kursiv) ze schreiwen, gi virun an hannert dem Textblock zwéin Apostrophen[1] '' gesat; fir eng fett Schrëft sinn et der dräi ''' a fir fett a kursiv sinn et der fënnef '''''.

Dir kënnt d'Wiki-Tags entweeder:

  • manuell antippen,
  • den Textblock markéieren a s'iwwer d'Geschier-Läischt uewen an der Editéier-Zon (Chain icon-Knäppchen) derbäisetzen oder
  • den Textblock markéieren an Ctrl + B (bold = fett) oder Ctrl + I (italic = kursiv) benotzen.
En Text, deen am Quelltext esou formatéiert ass…
gesäit am Lies-Modus esou aus.

→ D'Theema vum Artikel (de Lemma, den Titel) gëtt an der Introduktioun ëmmer fett geschriwwen, an der Folleg duerno awer net méi.

Iwwerschrëften

[Quelltext änneren]

Fir Iwwerschrëften an Ënneriwwerschrëften ze formatéieren, ginn =-Zeechen (Gläichheetszeechen) virun an hannert den Text gesat. Eng Haaptiwwerschrëft (dat ass nom Titel vun der Säit den Niveau 2) kritt zwéin Zeechen ==, en Niveau drënner (Niveau 3) dräi Zeechen === asw.

En Text, deen am Quelltext esou formatéiert ass…
gesäit am Lies-Modus esou aus.

Dir kënnt d'Iwwerschrëften entweeder:

  • mat de Wiki-Tags manuell antippen,
  • de Curseur an déi jeeweileg Zeil setzen an déi richteg Iwwerschrëft ënnert Abschnitt an der Geschier-Läischt uewen an der Editéier-Zon auswielen, oder
  • an déi jeeweileg Zeil klicken a mat Ctrl + 2 d'Iwwerschrëft vum Niveau 2, mat Ctrl + 3 den Niveau 3, asw. auswielen.

Wann der Iwwerschrëften an Ären Artikel setzt, gëtt vum System automatesch en nummeréiert Inhaltsverzeechnes un den Ufank vum Artikel gesat (gesäit ee just am Preview- oder am Lies-Modus).

Lëscht an Opzielung

[Quelltext änneren]

Heiansdo wëll een an engem Artikel eng Rëtsch Saachen opzielen; dofir kann een eng Opzielung oder eng nummeréiert Lëscht formatéieren. Mam Wiki-Tag * (Stärchen, Asterisk) am Ufank vun all Zeil mécht een eng Lëscht, mam # (Duebelkräiz, Dièse) gëtt d'Opzielung automatesch nummeréiert.

VisualEditor

[Quelltext änneren]

Fett, kursiv, Iwwerschrëften a Lëschte ginn am VisualEditor iwwer d'Geschier-Läischt oder mat der jeeweileger Ctrl-Tastekombinatioun formatéiert, sou wéi et hei driwwer am Kapitel „Quelltext“ erkläert ass.

Nach e bësse méi…

[Quelltext änneren]

Heimat kennt Dir elo d'Basis vun der Syntax vu Wikipedia. Natierlech gëtt et nach eng Partie aner Wiki-Tags wéi z. B. de ganz wichtege Wiki-Tag mat den eckege Klameren, [[abcd]], dee méi spéit am Kapitel iwwer d'Linken erkläert gëtt.

Wann Dir e bësse méi fest am Suedel sëtzt, kuckt och, wat fir aner Formatéierunge méiglech sinn.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hëllef:Textgestaltung.

D'Sandkaul ass natierlech fir all Är Tester op.


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Et handelt sech ëm de klenge riichte Stréch ' (Alt + 039), net ëm en eenzele Gänseféisschen .