Op dëser Säit erkläre mer Iech, wat e Wikipedia-Benotzerkonto ass, wat d'Virdeeler sinn a wéi een e Konto opmécht. Mir erklären och, wéi eng Informatioune beim Opmaache vun engem Benotzerkont gespäichert ginn, wéi eng Donnéeë siichtbar sinn a wéi eng net.
Anonymat: dacks bezeechent anonym eng Persoun, déi matschafft, mä kee Benotzerkont (mä just e sougenannte temporäre Kont) huet. Dogéint ass e Benotzer eng Persoun, déi e Benotzerkont opgemaach huet an ënnert deem matschafft. Eng komplett Beschreiwung zur Politik vum Anonymat fannt Dir an der Wikimedia Foundation Privacy Policy op der engleschsproocheger Säit: kuckt de Link Um Spaweck.
En einfacht Liese vun enger Säit gëtt keng Informatioun weider. Trotzdeem späichert Wikipedia, wéi all Internetsite, wien ënner wéi enger IP-Adress oder temporärem Kont wéini wéi eng Säiten opgeruff huet. Dës gespäichert Donnéeë ginn ongeféier all sechs Méint erëm geläscht fir Plaz um Server ze maachen. Dës Informatioune ginn net un Drëtter weiderginn, ausser bei explizitter Demande vun der Police oder anere juristeschen Institutiounen.
Wikipedia benotzt déi gespäichert Donnéeën als Basis fir Statistiken, natierlech alles anonym.