Wikipedia:Benotzerkont gespäichert Informatiounen
Dës Säit erkläert iech, wat fir Informatioune gespäichert ginn, wann der d'Wikipedia besicht, respektiv matschafft.
Wann der eng Säit liest
[Quelltext änneren]Ob Redakter mat engem temporäre Kont oder „Stammclient“ mat engem Benotzerkont, keng Informatioun gëtt weidergi wann der eng Säit liest.
Wann der eng Säit ännert oder eng ganz nei Säit opsetzt
[Quelltext änneren]D'Änneren oder d'Uleeë vun enger Säit bréngt mat sech, datt dat an den Historique vun der Säit stoe kënnt. Dësen Historique vun de Versioune kann net verännert ginn.
Als Redakter ouni Benotzerkont
[Quelltext änneren]Wann der eng Säit ännert oder nei opsetzt, egal ëm wéi eng Säit et dobäi geet, an Dir sidd net mat engem Benotzerkont ageloggt, gëtt just Ären temporäre Kont ugewisen. Moderatoren hunn Zougang zu verschidden Informatiounen iwwer Är IP-Adress. Dës Informatioune si limitéiert op Editeuren, déi se fir Moderatiounszwecker brauchen, fir géint Mëssbrauch virzegoen.
Als ageschriwwene Benotzer
[Quelltext änneren]Nëmmen äre Pseudonym gëtt ugewisen, wann der en Artikel ännert oder uleet. Op dëst äre richtegen Numm ass, bleift iech iwwerlooss. Keng IP-Adress gëtt ëffentlech gemaach, d. h. si gëtt natierlech trotzdeem gespäichert, mä just e Moderator huet ënner restriktive Konditiounen dorop Zougank, absënns fir géint Mëssbrauch virzegoen.
