Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Communautéit

Vu Wikipedia

Hanner der Wikipedia verstoppt sech eng Communautéit vu Contributeuren. Do ass et natierlech nëmmen allze mënschlech ze diskutéieren an och alt emol ze streiden.

De Sënn vun dësem Kapitel ass et, fir Iech de gemeinschaftlechen Aspekt vun der Wikipedia méi no ze bréngen.

Normalstierflecher genee sou wéi Experten op verschiddene Gebidder hëllefe bei dësem Projet mat a wärend Dir dës Säit liest, ass warscheinlech grad een amgaang en Artikel ze schreiwen oder z'änneren. Der musst Iech net identifizéieren, mä e Benotzernumm erméiglecht Iech e puer weider Funktiounen ze benotzen, an erliichtert d'Korrespondenz.

Der kënnt Iech och an der Lëscht vun de Wikipedianer androen, wat deem Ganzen eng méi familiär Atmosphär gëtt.


Déi verschidde Rolle bannent der Communautéit
Wat ass een Anonymen, e Benotzer, e Sysop a wat maachen déi Leit ?
 

Wou kann ech diskutéieren oder Froe stellen ?
Dës Säit erkläert Iech, u wien der Iech wenne kënnt, wann Dir eng Fro hutt, a wou der diskutéiere kënnt.
 

Wat maache bei Konflikter ?
Dës Säit erkläert Iech, wat Dir maache sollt, wann der enger anerer Meenung sidd wéi den Auteur vun engem Artikel, a wéi Konflikter tëscht de Benotzer ze reegele sinn.