Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Communautéit/Rollen

Vu Wikipedia

Bei der Wikipedia ka jidderee matmaachen, andeems en Artikelen opmécht, verännert, completéiert asw. Dat verhënnert awer net, datt d'Communautéit sech organiséiere muss a bestëmmt Benotzer nach speziell Funktiounen iwwerhuele mussen. Eng kleng Iwwersiicht mat de verschiddene Rolle vun den eenzele Benotzer gesitt der hei drënner opgelëscht.

Fir eng detailléiert Stéchwuert-Lëscht vun de Benotzergruppen an hire Rechter, kuckt hei.


En „Anonymmen“ ass e Benotzer, dee sech net ageloggt huet an deen ënner engem temporäre Kont schreift. Hie kann Artikelen änneren an och neier opmaachen.
Kuckt och: Wikipedia:Temporäre Kont
 

E Benotzer deen e Benotzerkont opgemaach huet, gëtt véier Deeg no der Umeldung, a wann en op d'mannst 10 Ännerungen opweises huet, automatesch e registréierten (oder ugemellten) Benotzer. Hie ka grad wéi dee mam temporäre Kont Artikelen änneren an neier opmaachen, mä doriwwer eraus ë. a. och nach Biller an Tounfichieren op d'Wiki eroplueden.
Kuckt och: Wikipedia:Benotzer
 

Administrateuren oder Adminen, och alt „Sysop“ genannt, si ganz normal Wikipedianer, déi awer eng méi grouss „Geschierkëscht“ hunn, absënns fir de Vandale besser kënnen Här ze ginn.
Kuckt och: Wikipedia:Administrateuren.
 

Dem Bürokrat seng Geschierkëscht ass nach méi grouss wéi dem Admin seng, well hien och nach eng Rëtsch Verwaltungsaufgaben erfëlle muss.
Kuckt och: Wikipedia:Bürokraten
 

E Steward kann Adminen a Bürokraten ernennen a s'och nees ofsetzen, dëst souwuel op sengem eegene wéi op frieme Wikimedia-Projeten. Ufroen u Stewarde sinn op hirer Meta-Säit ze maachen. Diskutéiert Äert Uleies awer ëmmer als éischt um Stamminee, well e Steward këmmert sech normalerweis net ëm Problemer, déi och lokal geléist kënne ginn.
 

Entwéckler oder Developer gehéieren net wierklech an dës Lëscht vun de Rolle vun de Wikipedianer, well hir Aufgab net d'Artikelschreiwen ass, mä d'MediaWiki-Software ze verbesseren an auszebauen.