Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Bürokraten

Vu Wikipedia

E Bürokrat (bureaucrat) ass en Administrateur, deen doriwwer eraus nach eng Rei Verwaltungsaufgaben an der Wikipedia iwwerholl huet.

Hei fannt Dir:

Wat kann e Bürokrat maachen?

[Quelltext änneren]

E Bürokrat huet net nëmmen déi erweidert Geschierkëscht vun engem Admin, mä och nach e bësse Spezialgeschier fir seng Verwaltungsaufgaben z'erfëllen:

  • Administrateur- a Bürokraterechter u Benotzer verginn, déi virdru fir dee Poste kandidéiert hunn a vun der Communautéit gewielt goufen. Engem Benotzer déi Rechter ewechhuele kann e Bürokrat awer net, dofir muss e Steward agräifen.
  • Wann e berechtegte Grond virläit, da kann e Bürokrat e Benotzernumm änneren. Sou e Grond kann z. B. e beleidegende Benotzernumm sinn oder een, deen d'Marken- oder Perséinlechkeetsrechter vun Drëtte mëssuecht. No enger Diskussioun bannent der Communautéit kënnt et an sou engem Fall zu enger Zwangsëmbenennung.
  • E Bürokrat erdeelt an entzitt och no den internen Direktiven de Botstatus u/vu Benotzerkonten, iwwer déi Computerprogrammer oder Skripte lafen, déi hire Bedreiwer stupid a langweileg Aufgaben ofhuelen, wéi z. B. heefeg Tippfeeler verbesseren.

Wéi gëtt ee Bürokrat?

[Quelltext änneren]

E Benotzer, dee schonn zum Admin gewielt gouf, kann als Bürokrat kandidéieren. Déi aner Benotzer stëmmen dann iwwer déi Kandidatur of. Eng kleng Wikipedia kënnt mat ee bis zwee Bürokraten aus.

Historique vun de Bürokraten

[Quelltext änneren]

Déi folgend Tabell lëscht all d'Bürokraten op, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gouf oder gëtt, zesumme mam Datum, wéini se den Bürokratestatus kruten a wéini se en eventuell verluer hunn[1][2].

Datum + Bürokrat - Bürokrat Gesamtzuel
onbekannt[3] Briséis 1
27. Mäerz 2006 Cornischong 2
9. Juni 2008 Cornischong 1
18. Juni 2008 Thogo 2
18. Juni 2008 Thogo 1
20. Juli 2008 Thogo 2
20. Juli 2008 Thogo 1
1. August 2008 Thogo 2
1. August 2008 Thogo 1
29. September 2008 Thogo 2
1. Oktober 2008 Robby a 3
1. Oktober 2008 Thogo 2
11. Oktober 2014 Briséis 1

Déi aktuell Bürokrate si mat engem a markéiert.

Wéi de Cornischong seng Bürokraterechter verluer huet, war d'Briséis schonn de facto inaktiv[4], esou datt d'lëtzebuergesch Wikipedia temporär keen hat, deen Adminrechter vergi konnt. Bis de Robby Bürokrat ginn ass, huet den Thogo als Steward d'Vergi vun Adminrechter iwwerholl an huet sech allkéiers zum lokale Bürokrat gemaach, fir datt d'Adminernennung och an de lokale Logbicher optaucht[5].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Fir d'lescht iwwerpréift den 23. Januar 2026.
  2. Dës Lëscht gouf zesummegestallt, andeems op der Säit Special:Logs/rights gekuckt gouf, wien d'Bürokraterechter kritt huet oder als Bürokrat an Aktioun getrueden ass (fir och déi fréi Bürokraten ze fannen, deenen hir Ernennung nach net an de Logbicher opgezeechent goufen), an da mam Benotzernumm op https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Benotzernumm nogekuckt gouf, wéini de Bürokratestatus eventuell entzu gouf.
  3. Op xtools liest ee bei Benotzer, déi fréi erweidert Rechter kruten: Note: removals of a right without corresponding additions are due to rights changes not being logged in very early versions of MediaWiki. Sou z. B. op https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Briséis.
  4. Spezial:Kontributiounen/Briséis. Gekuckt de 24.01.2026
  5. https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Thogo. Gekuckt de 24.01.2026.