Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Grënnungsprinzippien

Vu Wikipedia

Wikipedia ass eng fräi Enzyklopedie mat fräiem Contenu.

Mam Prinzip Wiki kann op der Wikipedia jidderee matmaachen an einfach ass et och; zwéi Mausklicke ginn duer. Deen ee fir Änneren an deen anere fir Ofspäicheren.

Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet mam Zil eng Enzyklopedie vun der héchstméiglecher Qualitéit ze schafen; fir dat z'erreeche brauche mer eng Rei Reegelen a Recommandatiounen, déi hei drënner kuerz opgezielt sinn:


Wikipedia ass eng Enzyklopedie mat Artikelen zu verschiddene Sujeten, sieft et aus dem allgemengen oder engem spezialiséierte Beräich, aus engem Atlas, Almanach, asw. Dir kënnt Artikelen iwwer all Thema schreiwen, dat Iech intresséiert: Chimie, Geographie, Biographie vun engem Sänger, asw. Jiddereen dee matmécht, muss sech fir déi gréisstméiglech Genauegkeet asetzen. Fir eng Iwwerpréifbarkeet ze garantéieren, mussen Är Aussoe mat Quelle beluecht an z'iwwerpréiwe sinn.
 

D'Neutralitéit an de Sënn vum Contenu sinn eis ganz wichteg. Eng Enzyklopedie beschreift, wat ass; Artikelen däerfe keng spezifesch oder perséinlech Meenung vertrieden. Subjektivitéit an d'Expressioun vun eegene Gefiller ginn net toleréiert.
 

Wikipedia ass fräi: mir benotzen d'Creative Commons-Lizenz „Nummnennung-Weidergab ënner de selwechte Bedingungen 4.0“ (CC BY-SA) déi et erlaabt, d'Texter, déi hei stinn, ze veränneren, ze gebrauchen an ze verbreeden (kopéieren). Déi eenzeg Obligatioune sinn d'Kopien am selwechte Geescht ze halen an d'Wikipedia als Quell z'ernimmen.
Wann der eppes zur Wikipedia bäidrot, respektéiert de Copyright: passt op, datt Der keng rechtlech geschützt Biller oder Texter an Är Artikele setzt.
 

Respekt virun deenen Aneren an hirer Aarbecht: et gëtt vun Iech erwaart, datt Dir déi aner Wikipedianer respektéiert, och wann et Meenungsverschiddenheete gëtt. Bleift ëmmer héiflech, frëndlech a respektvoll. Kuckt fir e Konsens ze fannen.
 

Keng aner Reegelen! Wikipedia huet keng aner fest Reegele wéi d'Grondprinzippien, déi hei opgezielt sinn. Sidd kéng a fäert net Äre Bäitrag ze leeschten. Ee vun de Virdeeler dee besteet fir eppes op der Wikipedia z'änneren ass, datt net alles direkt beim éischte Versuch muss perfekt sinn.