Op den Inhalt sprangen

Enzyklopedie

Vu Wikipedia
Encyclopédie vum Diderot an dem Alembert

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weeder Dictionnairen nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

  • Robert Collison: Encyclopaedias. Their history throughout the ages. A bibliographical guide with extensive historical notes to the general encyclopaedias issued throughout the world from 350 B.C. to the present day. New York, London: Hafner 1964
  • Walter Goetz: "Die Enzyklopädien des 13. Jahrhunderts. Ein Beitrag zur Entstehung der Laienbildung". In: Zeitschrift für deutsche Geistesgeschichte. Jg. 2, H.1-3, 1936. S. 227-250
  • Jürgen Henningsen: "Enzyklopädie". Zur Sprach- und Bedeutungsgeschichte eines pädagogischen Begriffs. In: Archiv für Begriffsgeschichte 10 (1966). S. 217?362
  • Carsten Zelle (Hrsg.): Enzyklopädien, Lexika und Wörterbücher im 18. Jahrhundert. Göttingen 1998
right

Bekannt Enzyklopedien

[änneren | Quelltext änneren]
Numm(Ënner-)TitelMediumArtikelenWierderWierder pro
Artikel
BillerVideoenAudiofichierenWebsäiten
Encyclopédie vum Diderot a vum d'Alembert Encyclopédie ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers, erauskomm vu 1751 bis 1772 28 Bänn
(17 Text- an 11 Tafelbänn)
71.81820 Mio.2782.885kengkengkeng
Britannica Encyclopædia Britannica (EB) 32 Bänn >65.00044 Mio.677>24.000kengkeng?
Britannica Britannica Ultimate Reference Suite 2005 6 CDen oder 1 DVD >100.000>54 Mio.540 >17.650 zesummen165.000
Brockhaus Die Enzyklopädie, 21., neu bearbeitete Auflage, 2005 bis 2006 30 Bänn >300.00033 Mio.110>40.000kengkeng?
Brockhaus Die Enzyklopädie digital USB-Stick an 2 DVDen >300.00033 Mio.110>40.0003003000/ 70 Stonnen>22.000
Enciclopedia universal ilustrada europeo-americana Enciclopedia Espasa 2004 90 Bänn + 1 DVD >900.000>200 Mio.222>100.000???
Encyclopaedia Universalis Encyclopaedia Universalis - édition 2008 30 Bänn >30.000?? 17.000 zesummen>1.500
Encyclopédie Universelle Larousse L'Encyclopédie Universelle Larousse 2003 4 CDe oder 1 DVD >150.000>25 Mio.167 10.500 zesummen2.300
GEO Themenlexikon Das Werk, das Wissen zum Erlebnis macht 2006 20 Bänn >30.000??>8.500kengkeng?
Microsoft Encarta Enzyklopädie Professional 2007 1 DVD >50.000>20 Mio.400>24.000>300>2.8006.000
Meyers Meyers Enzyklopädisches Lexikon in 25 Bänden 9. Auflage 1971 bis 1979 25 Bänn >250.000???kengkengkeng
Meyers Meyers Großes Taschenlexikon in 26 Bänden 26 Bänn + CD >150.000??>5.000kengkeng?
Pauly-Wissowa Paulys Realencyclopädie der classischen Altertumswissenschaft (1890–2000) 86 Bänn an eng CD ????kengkengkeng
Wikipedia Die freie Enzyklopädie (deutsch) online, PDA, Mobiltelefon, CD-ROM, DVD, Täschebicher >935.000>400 Mio.>550>420.000?>200>670.000
Wikipedia The free encyclopedia (englisch) online, ? >2.700.000>1 Mrd.500>1.200.000??>2.600.000
Wikipedia Die freie Enzyklopädie (mehrsprachig) online, ? >10.000.000>2,5 Mrd.312>3.500.000??>5.000.000
 Commons: Enzyklopedien – Biller, Videoen oder Audiodateien