Wikipedia:Communautéit/Konflikt
Ausgesinn

Konflikter sollen op kee Fall an engem Edit-War ausgedroe ginn, wou ee Benotzer deem anere seng Ännerungen an engem Artikel dauernd nees läscht an ëmgedréint. Jiddereen ass ugehalen, roueg a moderat ze reagéieren, an all potentiell Meenungsverschiddenheet kloer a sachlech op der Diskussiounssäit vum betraffenen Artikel oder um Stamminee zur Sprooch ze bréngen. Bäi ganz grave Problemer kënnen e puer Administrateure sech och zu engem Vermëttlungskommitee zesummendoen an eng Mediatioun probéieren.
