Wikipedia:Neie Benotzerkont
Ausgesinn
Hei ass eng Schrëtt-fir-Schrëtt Prozedur fir e Benotzerkont unzeleeën:

Klickt uewe riets op der Säit op de Link Benotzerkont opmaachen.
Fëllt an der Fënster déi duerno opgeet, déi follgend Felder aus:
- Benotzernumm: iwwerleet Iech e Benotzernumm (Äre Pseudonym) an tippt deen an (liest heizou och: Wikipedia:Benotzernumm);
- Passwuert: iwwerleet Iech e Passwuert an tippt et an;
- Passwuert confirméieren: tippt Äert Passwuert nach eng Kéier an;
- E-Mail-Adress: Dir kënnt Är E-Mail-Adress aginn; et gëtt recommandéiert, ass awer net obligatoresch. Et hëlleft Iech awer z. B. wann Dir Äert Passwuert verluer hutt.
- CAPTCHA: tippt den Text aus dem verdréite Bild an;
- Validéiert Är Aschreiwung andeems Dir op de Knäppchen
Äre Benotzerkont uleeënklickt, a scho sidd Dir e Wikipedianer.
Esoubal de Kont erstallt ass, kuckt an Är E-Mail-Postkëscht a klickt op de Link fir Är E-Mail-Adress ze bestätegen! An Ären Astellungen (Rubrik: Notifikatiounen) hutt Dir d'Méiglechkeet Optiounen anzestelle wat Är E-Mail Benoriichtegunge betrëfft.
