Wikipedia:Artikel/Reegelen

Vu Wikipedia

D'Zil vun dëser Säit ass et, Iech e puer Reegele vu Wikipedia méi no ze bréngen. Hei sinn déi wichtegst, déi ze respektéieren sinn:


Lizenzen
D'Artikele vu Wikipedia ginn ënner der Creative Commons Attribution/Share-Alike Lizenz (CC BY-SA) geschriwwen. Déi Lizenz verbitt et, Saachen déi ënner Copyright stinn, heihinner ze kopéieren. Dat gëllt fir all Reproduktioun vun enger Internetsäit, aus engem Buch oder anere Quellen ouni Autorisatioun a gëtt och ouni weideres direkt vun der Säit geläscht. Fir méi Info, liest d'Säit iwwer Copyright.
Dofir erlaabt déi Lizenz et jidderengem, d'Texter, déi hei stinn, ze veränneren, ze gebrauchen an ze verbreeden (kopéieren); et musse just (am beschten duerch e Link) d'Quell, d'Lizenz an d'Auteuren ugi sinn, an d'Lizenz muss déi selwecht bleiwen.
Enzyklopedesche Stil
Wikipedia ass eng Enzyklopedie. Deementspriechend sollen d'Artikelen neutral sinn. Fir méi Informatiounen dozou, liest den Artikel iwwer Neutralitéit. Och muss de Sujet eng enzyklopedesch Relevanz hunn. Deemno gëtt et eng Rei Saachen, déi net an d'Wikipedia gehéieren. Liest dozou den Artikel wat Wikipedia net ass.
Auteuren
D'Artikele ginn net ënnerschriwwen. Jidderee kann trotzdeem gesi wie wéini wat un engem Artikel geschriwwen huet, einfach andeems een uewen op der Säit op de Reider "Versiounen" klickt.
Konventiounen
Et gëtt eng Partie typographesch Konventiounen wéi en Artikel opgebaut soll ginn.


Fir méi Detailer iwwer déi spezifesch Reegelen, kuckt an der Rubrik → Reegelen.