Wikipedia:Wat Wikipedia net ass

Vu Wikipedia
Ofkierzung: WP:WWNA

Wikipedia ass eng Enzyklopedie a kann dofir verschidden aner Saachen net sinn. Hei si Punkten opgezielt, déi an Artikelen oft falsch oder mëssverstane ginn.

  1. Wikipedia ass keen Dictionnaire. Et ass net d'Aufgab vun enger Enzyklopedie gängeg lëtzebuergesch Wierder z'erklären, sou wéi en Dictionnaire dat mécht. Friemwierder a besonnesch lëtzebuergesch Wierder kënnen natierlech sou behandelt ginn, wéi dat och a gedréckten Enzyklopedien üblech ass. E Wierderbuchprojet fir all lëtzebuergesch Wierder ass den Duechterprojet Wiktionniare.
  2. Wikipedia erfënnt keng Theorien, si stellt Theorien duer. Et solle weder nei Theorien, Modeller oder Konzepter opgestallt ginn, nach nei Begrëffer etabléiert ginn. De But vum Enzyklopedieprojet ass d'Zesummestellung vum bekannte Wëssen.
  3. Wikipedia ass keng Plattform fir Reklamm. D'Aufgab ass et, d'Saachen neutral ze betruechten, och wann e Film oder eng CD extrem "kulteg" ass. Kontrovers Behaaptunge sollen ëmmer kloer dokumentéiert ginn. An Artikelen zu Firmen oder verschiddene Marken geet ee Link op d'Organisatioun oder op de Produit vëllegen duer.
  4. Wikipedia ass keng Plattform fir perséinlech Essayen oder Fan-Säite vu realen oder fiktiven Idoler. All Artikele solle sachlech, objektiv an enzyklopedesch geschriwwe sinn.
  5. Wikipedia ass keen Diskussiounsforum oder Chatraum. Natierlech kann ënner de Benotzer op hiren Diskussiounssäiten oder am Staminee e bësse gepotert ginn, mee de But vun enger Enzyklopedie soll net aus den Ae verluer goen.
  6. Wikipedia ass kee Webspace-Provider a kee Blog, an domat och keng Plaz fir engem seng perséinlech Homepage.
  7. Wikipedia ass keng Datebank an domat
    1. keng Sammlung vu Quellen wéi ganze Bicher oder historeschen Dokumenter. Fir Texter aus dem Domaine public gëtt et Wikisource, fir Zitater Wikiquote.
    2. kee Veräins-, Organisatiouns-, Persounen- oder Firmeverzeechnes. D'Giel Säite fënnt een anzwousch anescht. Adressen oder Telefonsnummeren sinn an Artikelen net erwënscht. Fir méi Informatioun iwwer déi jeeweileg Organisatioun ze kréien, geet e Link op hir Websäit fëllegen duer.
    3. Wikipedia ass keng Linksammlung. Natierlech ass et dacks nëtzlech e Link op extern Säiten ze hunn, mee exzessiv Link-Lëschte sinn net erwënscht.
    4. Wikipedia ass kee Veranstaltungskalenner.
  8. Wikipedia ass keng Propaganda-Plattform.
  9. Wikipedia ass keng Sammlung vun Texter, wéi een eppes soll maachen, oder fir soss Rotschléi ze ginn. Et ass net der Wikipedia hir Aufgab, z. B. z'erklären, wéi een en Apparat oder eng Software gebraucht, wéi een en Déierekäfeg ariicht a propper hält, wéi ee Planzen düngt oder nätzt. Wikipedia ass och kee Reesguide (dofir gëtt et de Sëschterprojet Wikivoyage); et ass net hir Roll, unzeginn, wéi een am beschten anzwousch hikënnt, wéini e Musée op huet, oder wat een do "muss" gesinn hunn. Mam Zesummestelle vu Léierbicher a Sachbicher (ë. a. Kachbicher) befaasst sech de Sëschterprojet Wikibooks.

Folge wann dës Grondsätz net beuecht ginn[Quelltext änneren]

  • Den Artikel gëtt ëmgeschriwwen.
  • Den Artikel gëtt weidergeleet.
  • Den Artikel riskéiert geläscht ze ginn.
  • Bei Mëssbrauch kann och d'IP-Adress gespaart ginn.