Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Nummkonventiounen/Georgesch

Vu Wikipedia

D'georgesch Sprooch huet en eegene Schrëftsystem (Mchedruli). Fir Nimm vu Plazen oder Persounen aus Georgien a lëtzebuergeschen Texter an eben och an dëser Enzyklopedie duerzestellen, ass vun dohir eng Iwwerdroung vun de Schrëftzeechen an d'laténgescht Alphabet noutwänneg. Dës Iwwerdroung nennt een Transkriptioun. Am Géigesaz zu enger Transliteratioun gëtt mat enger Transkriptioun versicht, georgesch Wierder ausschliisslech mat den Zeechen an Zeechekombinatiounen aus dem Lëtzebuergeschen nees erëmzeginn. Alleng mat Lëtzebuergeschkenntnisser ass et doduerch méiglech, georgesch Wierder onmëttelbar ze liesen. Well am Georgeschen awer och Lauter existéieren, déi sech net mam lëtzebuergeschen Alphabet duerstelle loossen, ass eng Transkriptioun am Géigesaz zu enger Transliteratioun ëmmer nëmmen e Versuch, no un d'Original erunzekommen.

Leider existéiere méi Systemer fir d'Transkriptioun, déi awer meeschtens duerch d'englesch Sprooch kommen. Hir Uwennung an enger lëtzebuergescher Enzyklopedie géif zu immens ongewinnte Schreifweise vu prominente Georgier oder Uertschaftsnimm féieren. Sou schreift een Eduard Schewardnadse am Engleschen zum Beispill Eduard Shevardnadze, d'Stad Rustawi schreift sech do Rustavi. Bal d'selwecht ongewinnte Schreifweise géifen och bei der Benotzung vun enger Transliteratioun entstoen, déi hir Plaz meeschtens nëmmen am Beräich vun der Wëssenschaft huet, net awer an Texter wéi an enger Enzyklopedie.

Aus dësem Grond gouf fir d'Wikipedia eng méi praxisorientéiert Transkriptioun entwéckelt. Hir Benotzung gëtt fir georgesch Nimm op der lb-Wikipedia ugeroden.

Transkriptioun

[Quelltext änneren]
Georgesche BustafUnicodeNummoffiziell TransliteratiounISO-Standard 9984:1996Lëtzebuergesch TranskriptiounAussprooch
U+10D0ANA aA aA a
U+10D1BANB bB bB b
U+10D2GANG gG gG g
U+10D3DOND dD dD d
U+10D4ENE eE eE ewéi bei "Bett"
U+10D5VINV vV vW w
U+10D6ZENZ zZ zS swéi bei "Seegel"
U+10D7TANT tT’ t’T t
U+10D8INI iI iI i
U+10D9KANK’ k’K kK kK wéi am Franséischen
U+10DALASL lL lL lwéi am Russeschen
U+10DBMANM mM mM m
U+10DCNARN nN nN n
U+10DDONO oO oO o
U+10DEPARP’ p’P pP pP wéi am Franséischen
U+10DFZHARZh zhŽ žSch schwéi "Genre" oder "Jacques"
U+10E0RARR rR rR rgerullten R
U+10E1SANS sS sS s (ss)1wéi bei "ist"
U+10E2TART’ T’T tT tT wéi am Franséischen
U+10E3UNU uU uU u
U+10E4PHARP pP’ p’P pP wéi bei "Pech"
U+10E5KHARK kK’ k’K kK wéi bei "Kanu"
U+10E6GHANGh ghḠ ḡGh ghHals-R
U+10E7QARQ’ q’Q qQ qtëscht ღ an ხ
U+10E8SHINSh shŠ šSch sch
U+10E9CHINCh chČ’ č’Tsch tsch
U+10EACANTs tsC’ c’Z zwéi bei "Zon"
U+10EBJILDz dzJ jDs dswéi დზ
U+10ECCILTs’ ts’C cZ zkuerz geschwat
U+10EDCHARCh’ ch’Č čTsch tschkuerz geschwat
U+10EEKHANKh khX xCh chwéi bei "Achtung"
U+10EFJHANJ jĴ ĵDsch dschwéi am Engleschen "John"
U+10F0HAEH hH hH h

Formatéierung

[Quelltext änneren]

Beim éischten Optriede vun engem Numm soll d'georgesch Schreifweis ernimmt ginn.

Sou gesäit et aus Doraus ergëtt sech
Eduard Saakaschwili (Georgesch ედუარდ სააკაშვილი; * 1. Januar 1900 zu Tiflis; † 31. Dezember 2000 zu Kutaissi) war ...

'''Eduard Saakaschwili''' ([[Georgesch]] ედუარდ სააკაშვილი; * [[1. Januar]] [[1900]] zu [[Tiflis]]; † [[31. Dezember]] [[2000]] zu [[Kutaissi]]) war ...

No de georgeschen Zeeche steet e Semikolon.