Eduard Schewardnadse

Vu Wikipedia
Eduard Schewardnadse
Gebuertsnumm ედუარდ შევარდნაძე, Эдуард Амвросиевич Шеварднадзе
Gebuer 25. Januar 1928
Gestuerwen 7. Juli 2014
Tiflis
Nationalitéit Sowjetunioun, Georgien
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Eduard Schewardnadse (Georgesch: ედუარდ შევარდნაძე, Russesch: Эдуард Амвросиевич Шеварднадзе/Eduard Amwrossijewitsch Schewardnadse), gebuer de 25. Januar 1928 zu Mamati, Transkaukasesche SFSR a gestuerwen de 7. Juli 2014 zu Tbilisi, war en georgesche Politiker.

Hie war Parteikader an der Sowjetunioun, fir d'éischt an der Jugendrganisatioun Komsomol (1957-1961), duerno an der KPvdSU, als Member vum Zentralcomité vun der georgescher KP. 1959 gouf e Member vum Ieweschte Sowjet vun der Georgescher SSR a war vun 1965 bis 1972 georgeschem Innenminister a vun 1972 bis 1985 Éischte Sekretär vun der KPdSU an der Georgescher SSR.

Vun 1985 bis 1990 an nach eng Kéier Enn 1991 war hien Ausseminister vun der Sowjetunioun. Vun 1992 bis 1995 war hie President vum Staatsrot a vun 1995 bis 2003 den zweete President vu Georgien. No de Parlamentswale vun 2003, déi en offiziell gewonnen hat, wat awer vun der Oppositioun kontestéiert gouf, koum et zu der sougenannter Rouse-Revolutioun, wourophin en zeréckgetrueden ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reinhard Bettzuege: Hans-Dietrich Genscher – Eduard Schewardnadse. Das Prinzip Menschlichkeit. Lübbe, Bergisch Gladbach 1994, ISBN 3-404-65101-4.
  • Georg Machnik: Eduard Schewardnadse – Baumeister eines menschlichen Europas der Zukunft. Friedrich-Schiller-Universität, Jena 2003, ISBN 3-932218-12-4.
  • Nicolas Jallot: Chevardnadzé: le renard blanc du Caucase. Belfond, Paris 2005, ISBN 2-7144-4047-9.
  • John VanOudenaren: The role of Shevardnadze and the Ministry of Foreign Affairs in the making of Soviet defense and arms control policy. Rand, Santa Monica 1990, ISBN 0-8330-1076-X.
  • Carolyn McGiffert Ekedahl, Melvin A. Goodman: The wars of Eduard Shevardnadse. Pennsylvania State University Press, University Park 1997, ISBN 0-271-01604-3.
  • R. B. Dobson: Georgians fast losing faith in Shevardnadze and their democracy. Office of Research, Department of State, Washington, D. C. 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eduard Schewardnadse – Biller, Videoen oder Audiodateien