Komsomol

Vu Wikipedia

D'Komsomol (Комсомол) war d'Jugendorganisatioun vun der KPdSU. Den Numm ass d'Ofkierzung vu Коммунистический союз молодёжи ("Kommunistesche Verband vum Jonktem").

Déi sowjetesch Massenorganisatioun gouf den 29. Oktober 1918 mat 22.000 Membere gegrënnt. Op hirem Héichpunkt an den 1970er an den 1980er Jore waren eng 40 Millioune Jonker am Alter vu 14 bis 28 Joer Komsomolzen.

D'Komsomol war am Biergerkrich mat dobäi, a bei den Industrialiséierungs- a Kollektivéierungskampagnen an de spéiden 1920er an 1930er Joren.

D'Komsomol huet de Jonktem-Reesbüro Sputnik geleet an d'Dageszeitung Komsomolskaja Prawda grad wéi och d'Zäitschrëfte Komsomolskaja Shisn ("Komsomol-Liewen") a Molodoj Kommunist ("Jonke Kommunist") erausginn.

Dem Michail Gorbatschow säi Glasnost a Perestroika hunn d'Schwächte vum Komsomol oppe geluecht, déi sech mat de Joren am Konservatismus an an der Bürokratie festgefuer huet an net méi wierklech d'Interessie vum Jonktem vertratt huet. Hiren 20. Kongress sollt hir méi eng maartorientéiert Ausriichtung ginn, mä wéinst neie strukturelle Lacunen an engem Manktem u Sënn an Interessi ass se dunn awer séier ënnergaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Komsomol – Biller, Videoen oder Audiodateien