Michail Sergejewitsch Gorbatschow

Vu Wikipedia
Michail Sergejewitsch Gorbatschow
Gebuer 2. Mäerz 1931
Priwolnoje
Gestuerwen 30. August 2022
Moskau
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Russland, Sowjetunioun
Educatioun Lomonossow-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Jurist, Ëmweltaktivist, Ekonomist, Affekot
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Club de Rome, Komsomol

De Michail Sergejewitsch Gorbatschow gebuer den 2. Mäerz 1931 zu Privolnoje am Kaukasus, a gestuerwen den 30. August 2022 zu Moskau, war e sowjetesche resp. russesche Politiker.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Michail Gorbatschow gouf 1960 e permanente Member vun der kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun. Wéi hien dunn 1970 zum éischte Sekretär vun der Regioun vu Stavropol ernannt gouf, koum en an den Zentralcomité, spéider dann, 1979, koum en och an de politesche Büro. Den 11. Mäerz gouf en zum Generalsekretär vun der Sowjetunioun gewielt. Soubal wéi hie säin Amt ugetrueden hat, huet hien eng reformistesch Politik agefouert, déi Perestroika genannt gouf.

1990 gouf hien zum President vun der Sowjetunioun gewielt. No engem géint hie geriichte Putschversuch am August 1991, deen zwar mëssgléckt war, koum de Michail Gorbatschow duerch d'Ëmstänn trotzdeem net laanscht seng Demissioun, de 25. Dezember 1991, wat zum Zerfall vun der Sowjetunioun gefouert huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michail Sergejewitsch Gorbatschow – Biller, Videoen oder Audiodateien