Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir de Fridden

Vu Wikipedia

An dëser Lëscht fannt Dir all d'Laureate vum Friddensnobelpräis. Si ass en Deel vun de Referenztabellen.


1901 bis 19101911 bis 19201921 bis 19301931 bis 19401941 bis 19501951 bis 1960
1961 bis 19701971 bis 19801981 bis 19901991 bis 20002001 bis 20102011 bis 20202021 bis 2030
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1901 Jean Henri Dunant CHECHE Schwäiz Grënner vum Internationale Roude Kräiz
Frédéric Passy Frankräich Grënner vun der „Franséischer Gesellschaft fir d'Friddenfreed
1902 Élie Ducommun CHECHE Schwäiz Leeder vum Berner Internationalen Stännegen Friddensbüro vun der „Interparlamentarescher Unioun fir international Schiidsgeriichtsbarkeet“
Charles Albert Gobat CHECHE Schwäiz Leeder vum Zentralbüro vun der „Interparlamentarescher Unioun fir international Schiidsgeriichtsbarkeet“
1903 Sir William Randal Cremer Vereenegt Kinnekräich Grënner vun der „Interparlamentarescher Unioun fir international Schiidsgeriichtsbarkeet“
1904 Institut fir Internationaalt Recht (Institut de droit international) Belsch Wirken vum Institut fir d'international Weiderentwécklung vum internationale Recht
1905 Baroness Bertha Sophie Felicita von Suttner, gebuer Countess Kinsky von Chinic und Tettau Éisträich fir hiert Liewenswierk, ënner anerem de Roman Die Waffen nieder!, huet den Nobel warscheinlech ugereegt de Friddensnobelpräis ze stëften
1906 Theodore Roosevelt  USA huet de Friddensvertrag (Traité vu Portsmouth) tëscht Russland a Japan vermëttelt
1907 Ernesto Teodoro Moneta Italien President vun der internationaler Friddensliga
Louis Renault Frankräich huet eng groussaarteg Roll bei verschiddenen internationale Kongresser gespillt, besonnesch bei den Haager Friddenskonferenzen an der Haager Konferenz fir internationaalt Privatrecht
1908 Klas Pontus Arnoldson Schweden Grënner vun der schweedescher Friddens- a Schiddsliga
Fredrik Bajer Dänemark Éirepresident vum Stännengen Internationalen Friddensbüro
1909 Auguste Beernaert Belsch Member vum internationale Schiidsgeriichtshaff an Den Haag
Paul Henri d'Estournelles de Constant Frankräich Grënner a President vun der franséischer parlamentarescher Grupp fir fräiwëlleger Schiidsgeriichtsbarkeet, a Grënner vum Komitee fir d'Verdeedegung nationalen Interessien an internationaler Versönung
1910 Permanenten Internationale Friddensbüro (Bureau International Permanent de la Paix) CHECHE Schwäiz Stännegen internationaale Friddensbüro
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1911 Tobias Michael Carel Asser Holland
Alfred Hermann Fried Éisträich
1912 Elihu Root  USA
1913 Henri Marie La Fontaine Belsch
1914 (keen Nobelpräis verginn)
1915 (keen Nobelpräis verginn)
1916 (keen Nobelpräis verginn)
1917 Internationale Kommitee vum Roude Kräiz CHECHE Schwäiz
1918 (keen Nobelpräis verginn)
1919

(1920 verginn)

Woodrow Wilson  USA fir seng Beméiungen an der Vermëttlung fir en Enn vum Éischte Weltkrich an dem Ustouss zur Grënnung vum Vëlkerbond.
1920 Léon Victor Auguste Bourgeois Frankräich
1921 Karl Hjalmar Branting Schweden
Christian Lous Lange Norwegen
1922 Fridtjof Nansen Norwegen Erfinder vum Nansen-Pass fir Flüchtlingen
1923 (keen Nobelpräis verginn)
1924 (keen Nobelpräis verginn)
1925

(1926 verginn)

Sir Austen Chamberlain Vereenegt Kinnekräich
Charles Gates Dawes  USA
1926 Aristide Briand Frankräich
Gustav Stresemann Däitschland
1927 Ferdinand Edouard Buisson Frankräich Grënner vun der Ligue des droits de l'homme
Ludwig Quidde Däitschland
1928 (keen Nobelpräis verginn)
1929 Frank Billings Kellogg  USA
1930 Lars Olof Jonathan (Nathan) Söderblom Schweden
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1931 Jane Addams  USA
Nicholas Murray Butler  USA
1932 (keen Nobelpräis verginn)
1933 Sir Ralph Norman Angell (Ralph Lane) Vereenegt Kinnekräich
1934 Arthur Henderson Vereenegt Kinnekräich
1935 Carl von Ossietzky Däitschland Pazifist a Journalist (d'Däitscht Räich verbitt doropshin senge Staatsbierger en Nobelpräis unzehuelen)
1936 Carlos Saavedra Lamas Argentinien
1937 Lord Edgar Algernon Robert Gascogne Cecil Vereenegt Kinnekräich
1938 Internationale Nansen-Büro fir Flüchtlingen (Office international Nansen pour les réfugiés) bordure CHECHE Schwäiz
1939 (keen Nobelpräis verginn)
1940 (keen Nobelpräis verginn)
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1941 (keen Nobelpräis verginn)
1942 (keen Nobelpräis verginn)
1943 (keen Nobelpräis verginn)
1944 Internationale Kommitee vum Roude Kräiz CHECHE Schwäiz
1945 Cordell Hull  USA
1946 Emily Greene Balch  USA
John Raleigh Mott  USA
1947 D'Quäker vertrueden duerch:
  • The Friends Service Council


Vereenegt Kinnekräich
  • The American Friends Service Committee
 USA
1948 (keen Nobelpräis verginn)
1949 Baron John Boyd Orr of Brechin Vereenegt Kinnekräich
1950 Ralph Bunche  USA
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1951 Léon Jouhaux Frankräich Gewerkschaftler
1952 Albert Schweitzer Däitschland Grënner vun engem Trope-Spidol zu Lambaréné, am haitege Gabun
1953 George Catlett Marshall  USA Virstelle vu Marshallplang, wéi Europa nom Zweete Weltkrich nees op d'Bee komme sollt.
1954 Büro vum UNO-Héichkommissariat fir Flüchtlingen (UNHCR) CHECHE Schwäiz Flüchtlingskommissariat vun de Vereente Natiounen
1955 (keen Nobelpräis verginn)
1956 (keen Nobelpräis verginn)
1957 Lester Bowles Pearson Kanada fréiere kanadeschen Ausseminister a President vun der Vollversammlung vun de Vereente Natiounen
1958 Dominique Pire, och nach Père Pire genannt Belsch fir seng Hëllef fir d'Flüchtlingen
1959 Philip John Noel-Baker Vereenegt Kinnekräich Asaz fir den internationale Fridden
1960 Albert John Luthuli Südafrika President vun der afrikanescher Befreiungsarméi
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1961 Dag Hjalmar Agne Carl Hammarskjöld (posthum verginn) Schweden
1962 Carl Linus Pauling  USA
1963 Internationale Kommitee vum Roude Kräiz CHECHE Schwäiz
Ligue vun de Rout-Kräiz-Gesellschaften CHECHE Schwäiz
1964 Martin Luther King  USA
1965 United Nations Children's Fund (UNICEF)  USA
1966 (keen Nobelpräis verginn)
1967 (keen Nobelpräis verginn)
1968 René Cassin Frankräich
1969 International Labour Organization (I.L.O.) CHECHE Schwäiz
1970 Norman Ernest Borlaug  USA fir säin Asaz a seng Aarbechte fir den Ertrag vun der Landwirtschaft ze verbesseren
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1971 Willy Brandt Däitschland fir säin Asaz fir Fridde mam Ostblock an d'Versöhnung mat de Länner déi vum fréieren Drëtte Räich besat waren
1972 (keen Nobelpräis verginn)
1973 Henry A. Kissinger  USA hunn den Traité vu Paräis ausgehandelt, deen den Ausstig vun den USA aus dem Vietnamkrich
Le Duc Tho (huet de Präis net ugeholl) Vietnam
1974 Seán MacBride Irland President vum internationale Friddensbüro, President vun der UN-Kommissioun vun Namibia
Sato Eisaku Japan fréiere japanesche Ministerpresident, fir den Asaz géint d'Weiderverbreedung vun den Atomwaffen
1975 Andrei Dmitrijewitsch Sacharow Sowjetunioun fir seng Leeschtunge bei der Ënnerstëtzung vun Anescht-Denkenden a sengem Striewen no enger rechtsstaatlecher an oppener Gesellschaft
1976

(1977 verginn)

Betty Williams Nordirland Grënnerinne vum „Northern Ireland Peace Movement“ (ëmgenannt an „Community of Peace People“)
Mairead Corrigan Nordirland
1977 Amnesty International Vereenegt Kinnekräich hu sech fir politesch Gefaangener agesat
1978 Muhammad Anwar as-Sadat Egypten fir hir Efforte am Friddensprozess mat Israel.
Menachem Begin Israel
1979 Mutter Teresa Indien Grënnerin vum Uerde vun de Missionnairinne vun der Nächsteléift
1980 Adolfo Maria Pérez Esquivel Argentinien Mënscherechtler
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1981 Büro vum UNO-Héichkommissariat fir Flüchtlingen CHECHE Schwäiz
1982 Alva Myrdal Schweden
Alfonso García Robles, Mexiko
1983 Lech Walesa Polen
1984 Desmond Tutu Südafrika
1985 International Doktere géint den Atomkrich (IPPNW, International Physicians for the Prevention of Nuclear War) CHECHE Schwäiz
1986 Elie Wiesel  USA
1987 Oscar Arias Sanchez Costa Rica
1988 Friddenstruppe vun de Vereenten Nationen (d'Blohelmer) (Force de maintien de la Paix de l'ONU)  USA
1989 De 14. Dalai Lama Tenzin Gyatso Tibet
1990 Michail Sergejewitsch Gorbatschow Sowjetunioun
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1991 Aung San Suu Kyi Myanmar fir hiren Asaz fir d'Mënscherechter
1992 Rigoberta Menchú Tum Guatemala fir hiren Asaz fir d'Mënscherechter besonnesch fir Urawunner
1993 Nelson Mandela Südafrika fir hir Bäiträg fir d'Clôturation vun der Apartheid a Südafrika
Frederik Willem de Klerk Südafrika
1994 Jassir Arafat Palestina fir hir Ustrengungen zur Léisung vum Nostkonflikt
Shimon Peres Israel
Yitzhak Rabin Israel
1995 Joseph Rotblat  USA fir hir Ustrengungen, d'Roll vun den Atomwaffen an der internationaler Politik ze verréngeren
Pugwash Conferences on Science and World Affairs Kanada
1996 Carlos Felipe Ximenes Belo Timor-Leste fir hir Ustrengungen, eng friddlech Léisung am Osttimor-Konflikt ze fannen
José Ramos-Horta Timor-Leste
1997 International Campagne fir e Verbuet vu Landminnen International Campaign to Ban Landmines (ICBL) CHECHE Schwäiz fir hir Ustrengungen, géint Persounen geriicht Minen international ze ächten
Jody Williams  USA
1998 John Hume Nordirland fir hir Ustrengungen, eng friddlech Léisung am Nordirland-Konflikt ze fannen
David Trimble Nordirland
1999 Médecins Sans Frontières (MSF) CHECHE Schwäiz an der Unerkennung hirer humanitärer Pionéieraarbecht op ville Kontinenten
2000 Kim Dae Jung Südkorea fir seng Bäiträg fir d'Verstännegung vu Südkorea mat Nordkorea
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
2001 Vereenten Natiounen (UN)  USA fir hiren Asaz fir eng besser organiséiert a méi friddlech Welt
Kofi Annan Kofi Annan, Photo: Harry Wad Ghana
2002 Jimmy Carter  USA fir seng jorelaang Bäiträg fir d'Léisung internationaler Konflikter, esouwéi d'Fërderung vun der Demokratie a de Mënscherechter
2003 Shirin Ebadi Iran fir hiren Asaz fir d'Demokratie an d'Mënscherechter
2004 Wangari Muta Maathai Kenia fir hire Bäitrag zu enger nohalteger Entwécklung vun Demokratie a Fridden
2005 International Atomenergie Agence (IAEA) Éisträich fir hiren Asaz géint de militäresche Mëssbrauch vun Atomenergie, esouwéi fir d'séchert Benotzen vun der Atomenergie fir zivil Zwecker
Mohamed ElBaradei Egypten
2006 Muhammad Yunus Bangladesch fir d'Fërderung wëssenschaftlecher a sozialer Entwécklung vun ënnen
2007 Intergovernmental Panel on Climate Change CHECHE Schwäiz fir hir Beméiungen, e bessert Versteesdemech fir déi vun de Mënschen veruersaacht Klimaverännerungen z'entwéckelen an ze verbreeden, an dofir, datt si d'Grondlagen fir Moossnamen géint de Klimawandel geluecht hunn
Al Gore  USA
2008 Martti Ahtisaari Finnland fir seng wichtig Beméiungen, op verschiddene Kontinenter an iwwer dräi Joerzéngten international Konflikter ze léisen
2009 Barack Obama  USA fir seng aussergewéinlech Beméiungen, déi international Diplomatie an d'Zesummenaarbecht tëscht de Vëlker ze stäerken
2010 Liu Xiaobo China fir säi laangen a gewaltfräie Kampf fir grondleeënd Mënscherechter a China
Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
2011 Ellen Johnson Sirleaf Liberia fir hire gewaltfräie Kampf fir d'Sécherheet vu Fraen a fir d'Recht vun de Fraen, sech am vollen Ëmpfang a friddenschaftlecher Aarbecht ze bedeelegen
Leymah Gbowee Liberia
Tawakkul Karman Jemen
2012 Europäesch Unioun Europa fir iwwer sechs Joerzéngten, déi zur Entwécklung vu Fridden, Demokratie a Mënscherechter an Europa bäigedroen hunn
2013 Organisatioun fir de Verbuet vu cheemesche Waffen (OPCW) Holland fir hir ausféierlech Beméiunge fir d'Eliminatioun vu cheemesche Waffen
2014 Kailash Satyarthi Indien fir hire Kampf géint d'Ënnerdréckung vu Kanner a Jugendlechen a fir d'Recht vun aller Kanner op Bildung
Malala Yousafzai Pakistan
2015 Quartett vum nationalen Dialog an Tunesien Tunesien fir säin entscheedende Bäitrag fir den Opbau vun enger pluralistescher Demokratie an Tunesien no der Jasmin-Revolutioun am Joer 2011
2016 Juan Manuel Santos Kolumbien fir seng Beméiungen de Biergerkrich a Kolumbien op en Enn ze bréngen.
2017 International Campaign to Abolish Nuclear Weapons CHECHE Schwäiz fir hir Aarbecht, fir d'Opmierksamkeet op déi katastrophal humanitär Konsequenze vun Atomwaffen ze zéien a fir hir bunnbriechend Beméiungen, e vertraglecht Verbuet fir sou Waffen z'erreechen
2018 Nadia Murad Irak fir hiren Asaz géint sexuell Gewalt als Waff an de Kricher an a bewaffente Konflikter.
Denis Mukwege Demokratesch Republik Kongo
2019 Abiy Ahmed Ethiopien fir seng Efforte fir de Fridden an d'international Zesummenaarbecht, besonnesch fir seng Entschlossenheet an der Initiativ fir d'Léisung vum Grenzkonflikt mat Eritrea
2020 Welternierungsprogramm vun de Vereenten Natiounen Sëtz zu Roum, Italien fir d'Efforte fir den Honger ze bekämpfen,

fir de Bäitrag zur Verbesserung vun de Bedéngungen fir de Fridden a Gebidder, déi vu Konflikter betraff sinn, an als dreiwend Kraaft an den Efforte fir d'Benotze vum Honger als Waff fir Krich a Konflikter ze verhënneren

Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
2021 Maria Ressa Philippinnen fir hir Efforten fir d'Meenungsfräiheet z'erhalen, wat eng Viraussetzung fir d'Demokratie an en dauerhafte Fridden ass
Dmitri Muratow Russland
2022 Ales Bjaljazki Wäissrussland fir d'Fërdere vum Recht op Muechtkritik a de Schutz vun de Grondrechter vun de Bierger, souwéi fir déi aussergewéinlech Beméiunge fir Krichsverbriechen, Mënscherechtsverletzungen a Muechtmëssbrauch ze dokumentéieren
Memorial Russland
Center for Civil Liberties
Ukrain
2023 Narges Mohammadi Iran fir hire Kampf géint d'Ënnerdréckung vun de Fraen am Iran an hire Kampf fir d'Ënnerstëtzung vun de Mënscherechter a Fräiheet fir jiddereen
2024 Nihon Hidankyō Japan fir d'Efforte fir eng Welt ouni Atomwaffen ze schafen, a dir de Bewäis duerch Rapporte vun Zäitzeien, datt Atomwaffen ni méi däerfen agesat ginn
Commons: Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir de Fridden – Biller, Videoen oder Audiodateien