Mairead Corrigan

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Mairead Corrigan
Mairead Corrigan Gaza crop.jpg
D'Mairead Corrigan-Maguire op enger Pressekonferenz vum Free Gaza Movement am Juli 2009.
Gebuer 27. Januar 1944
Belfast
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Friddensaktivist, Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Mairead Corrigan-Maguire, gebuer de 27. Januar 1944 zu Belfast an Nordirland ass eng britesch Friddensaktivistin.

Nodeems Familljememberen vun hir zoufälleg an eng Schéisserei tëscht der Arméi an der IRA gerode waren an dobäi ëmkomm sinn, huet si, zesumme mat der Betty Williams d'Community of Peace People[1] gegrënnt, eng nordiresch Friddensbeweegung, déi doruechter Peace ralleys organiséiert hunn, wou honnertdausende vu Mënschen zesummekoumen. Dofir kruten déi zwou 1976 de Friddensnobelpräis.

An de Joren duerno huet si sech weiderhi fir Gewaltlosegkeet agesat. Si war aktiv an der irescher Ökumenescher Bewegung, an huet sech och international fir Friddensprojeten agesat, wéi fir d'Fräiloosse vun der burmesescher Politikerin Aung San Suu Kyi oder fir eng Léisung am israelesch-palestinesesche Konflikt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mairead Corrigan-Maguire: The Vision of Peace: Faith and Hope in Northern Ireland. 1999, ISBN 1-57075-251-6.
  • Ciaran McKeown: The Passion of Peace. Blackstaff Press, Belfast 1984, ISBN 0-85640-325-3.
  • Richard Deutsch: Mairead Corrigan, Betty Williams. Two Women Who Ignored Danger in Campaigning for Peace in Northern Ireland. Woodbury, N.Y. 1977, ISBN 0-8120-5268-4.
  • Sarah Boucher, Bettina Ling, Charlotte Bunch: Máiread Corrigan and Betty Williams: Making Peace in Northern Ireland. 1994. (Kannerbuch)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mairead Corrigan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. ursprénglech: „Northern Ireland Peace Movement“