Mutter Teresa

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mutter Teresa
Agnes Gonxha Bojaxhiu
27. August 19105. September 1997
MotherTeresa 090.jpg
Detailer
Beatifikatioun 19. Oktober 2003
Kanonisatioun -
Ënner dem Poopst Jean-Paul II. (Poopst)
Gedenkdag 5. September

D'Mutter Teresa, gebierteg Agnes Gonxha Bojaxhiu, war eng kathoulesch Schwëster vun albaneschen Originnen, Grënnerin vum Uerde vun de "Missionarinne vun der Nächsteléift". Si ass 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn an 2003 vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach ginn.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Mutter Teresa ass de 27. August 1910 zu Skopje a Mazedonien gebuer. Si war dat jéngst vun 3 Kanner (no hirer Schwëster Age, *1904 an hirem Brudder Lazar, *1907). D'Gonxha, wéi si an hirer Kandheet geruff ginn ass, ass an enger gutt situéierter kathoulescher Famill opgewuess a reliéis erzu ginn. Hir Schoulausbildung huet si an enger kathoulescher Meederchersschoul zu Shkorda absolvéiert. Wéi si 9 Joer al war ass hire Papp onerwaart gestuerwen an si huet sech doropshin nach méi un hire Glawe gehalen. Scho mat 12 Joer huet si sech fir e Liewen als Nonn entscheet. Méi a méi huet d'Meedchen de Wonsch verspuert sech an der Missioun z'engagéieren. Am September 1928, mat 18 Joer, huet si sech de "Schwëstere vun der Jongfra vu Loreto", déi sech besonnesch am Schoulunterricht a Bengalen, Indien engagéiert hunn, ugeschloss an huet zu Dublin, Irland, hir Ausbildung als Missionarin gemaach. Zur Éier vun der Thérèse vu Lisieux huet si den Uerdensnumm Teresa ugeholl.

Zwee Méint drop ass si op Kalkutta geschéckt ginn, wou si als Léierin ausgebilt gouf. Am Mee 1931 huet si hiert éischt Gelübnis ofgeluet huet. Spéider ass si dann Directrice vun der St. Mary's School ginn. 1937 huet si hiert definitiivt Gelübnis ofgeluecht.

Den 10. September 1937 huet d'Teresa sech op Darjeeling zréckgezunn, wou si sech entschloss huet, sech fir déi Äermst vun den Aarmen anzesetzen. Dowéinst huet si dësen Dag och als dee "wichtegsten an hirem Liewen" bezeechent. Trotzdeem huet et nach bis 1948 gedauert bis si d'Erlaabnes kritt huet, den Uerden ze verloossen an hirer Beruffung ze follegen ënner deenen Äermsten am Slum ze liewen an ze schaffen.

Statu vun der Mutter Teresa an der Kierch zu Konter

1948 huet d'Mutter Teresa déi indesch Staatsbiergerschaft ugeholl a 1950 den Uerde vun de "Missionarinne vun der Nächsteléift" gegrënnt. Deemools huet dës Gemeinschaft 12 Schwësteren ëmfaasst vun deenen d'Teresa d'Leedung iwwerholl huet. Wéi an alle kathouleschen Uerde verflichten d'Membere sech dem Zölibat, der Aarmut an der Obéissance. Spéider ass den Uerde vum Poopst unerkannt ginn an huet senger Kontroll ënnerstan. Mat hirem Uerden huet d'Mutter Teresa sech em déi déi um Stierwe louche gekëmmert, ëm Weesen a Kranker. Hire speziellen Engagement louch och an der Betreiung vu Leprakranken.

Duerch vill Spenden ass d'Gemeinschaft gewuess, besonnesch nodeem d'Mutter Teresa 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf. 2003 huet den Uerde schonn 710 Haiser vun der Nächsteléift an 133 Länner ënnerhalen.

1983, während enger Visite beim Poopst Jean-Paul II., hat si en éischten Herzinfarkt, an huet no enger 2. Attack am Joer 1989 en Häerzschrittmacher agesat kritt. No enger Longenentzündung, déi si sech 1991 zu Mexiko zougezunn huet, sollt sech hiert Häerz och net méi richteg erhuelen. 1996 huet sech hire gesondheetlechen Zoustand weider verschlechtert: am Abrëll huet si sech beim Falen d'Schlësselbeen gebrach, spéider am Joer ass bei hir Malaria festgestallt ginn an si huet sech missen enger weiderer Häerzoperatioun ënnerzeien. Den 13. Mäerz 1997 ass si dunn definitiv vum Virsëtz vum Uerden zréckgetrueden.

De 5. September 1997 ass d'Mutter Teresa zu Kalkutta an Indien gestuerwen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

An Albanien ass den Dag vun hirer Beatifikatioun en nationale Feierdag. Schoulen an Administratiounen hunn deen Dag zou. Vun der Regierung ass e Mutter-Theresa-Uerde gestëft ginn an am Joer vun hirer Séilegspriechung 2003 ass de Fluchhafe vun Tirana no hir ëmbenannt ginn.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Kanonisatiounsprozess[änneren | Quelltext änneren]

De Séileg- an Hellegspriechungsprozess fir d'Mutter Teresa ass schonn am Juni 1999 ageleed ginn; dëst mat besonnescher Erlaabnes vum Poopst Jean-Paul II., well de Prozess normalerweis eréischt fréistens 5 Joer nom Doud kann ageleed ginn. D'Séilegspriechung as dunn um 19. Oktober 2003 erfollegt, nëmme 6 Joer nom Doud vun der Uerdensfra, wat domat och déi séierst Séilegspriechung vun der Neizäit war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mother Teresa – Biller, Videoen oder Audiodateien