Balzan-Präis
D'International Balzan-Stëftung priméiert zanter 1961 weltwäit groussaarteg Wëssenschaftler aus de Geeschteswëssenschaften an den Naturwëssenschaften, souwéi Perséinlechkeeten am Beräich Konscht a Kultur, ë. a. de Paul Hindemith, de György Ligeti an de Jorge Luis Borges.
D'Stëftung mat Sëtz zu Mailand an zu Zürich huet den Numm vum italieenesche Journalist Eugenio Balzan (1874 bis 1953). Seng Duechter d'Angela Balzan huet 1957 am schwäizeresche Lugano aus der Ierfschaft vun hirem Papp d'Stëftung gegrënnt.
Den Eugenio Balzan huet am Ufank als Journalist beim Corriere della Sera geschafft a gouf du Geschäftsführer a Matproprietaire. Am Joer 1933 huet hien Italien aus Widderstand géint d'faschistesch Kreesser verlooss, déi d'Onofhängegkeet vum Corriere bedreet hunn. Bis zu sengem Doud am Joer 1953 huet den Eugenio Balzan an der Schwäiz gelieft.
1961 gouf den éischte Balzan-Präis un d'Nobelstëftung verginn. Zanter 1979 ginn all Joer véier Wëssenschaftspräisser eraus. All dräi bis fënnef Joer ginn ausserdeem e mat 2 Millioune Schwäizer Frang (ongeféier 1,25 Milliounen Euro) grousse Balzan-Präis fir Fridden, Humanitéit a Bridderlechkeet ënner de Vëlker verginn. Éischt Balzan-Friddenspräislaureatin war am Joer 1978 d'Mutter Teresa, déi d'Joer duerno de Friddensnobelpräis krut.
D'Präisdréier souwéi d'Fachgebidder vun de Präisser gi vun engem internationale Kommitee bestëmmt, an deem haut 19 renomméiert Natur- a Geeschteschwëssenschaftler sinn. Am Joer 2006 goufe Balzan-Präisser a follgende Sparte verginn: an der Geschicht vun der oweslännescher Musek zanter 1600, an der Geschicht an Theorie vum politeschen Denken, an der visueller Astronomie an Astrophysik souwéi an der Molekulargenetik vun de Planzen.
D'Verdeele vun de Präisser ass all Joer am Wiessel an der Accademia Nazionale dei Lincei zu Roum souwéi - am Schwäizer Parlament zu Bern. D'Stëftungsverméige gëtt zu Zürich an der Schwäiz gefouert.
De Balzan-Präis gehéiert wéinst senger wëssenschaftlecher Seriösitéit an der Héicht vun der Präiszomm – all Präis ass mat enger Millioun Schwäizer Frang dotéiert – zu de bedeitendste wëssenschaftlechen Auszeechnunge weltwäit. Am Ënnerscheed zu aneren internationale Präisser gëtt de Balzan-Präis all Joer un aner Fachberäicher verginn.
- All Joer gi véier Präisser ausgedeelt.
- Präiszomm: jee 1 Millioun Schwäizer Frang; all 3-5 Joer e Friddenspräis vun 2 Millioune Schwäizer Frang.
- Präisgebidder: zwee am Beräich Geeschtes- a Sozialwëssenschafte souwéi Konscht; zwee am Beräich Naturwëssenschaften, Physik, Mathematik a Medezin.
- Nowuessënnerstëtzung: D'Laureate loossen d'Hallschent vun der Präiszomm dem Fuerschungsprojet vun hirem Fachgebitt zoukommen
D'Laureaten[änneren | Quelltext änneren]
2020[änneren | Quelltext änneren]
- Susan Trumbore (Däitschland/USA.), Dynamik vum Äerdsystem
- Jean-Marie Tarascon (Frankräich), Ëmwelt, Materialwëssenschaft fir erneierbar Energien
- Joan Martinez Alier (Spuenien), Ëmwelt, Äntwerte vun de Sozial- an Humanwëssenschaften
- Antônio Augusto Cançado Trindade (Brasilien), Mënscherecht
2019[änneren | Quelltext änneren]
- Jacques Aumont (Frankräich), Filmstudium
- Michael Cook (Verreenegt Kinnekräich), Geschicht vum Islam
- Luigi Ambrosio (Italien), Mathematik
- Erika von Mutius, Klaus Rabe, Werner Seeger an Tobias Welte (Däitschland), fir d'Pathophysiologie vun der Otmung
2018[änneren | Quelltext änneren]
- Eva Kondorosi (Ungarn/Frankräich) - Cheemesch Ekologie
- Detlef Lohse (Däitschland) - Fluiddynamik
- Jürgen Osterhammel (Däitschland) - Globalgeschicht
- Marilyn Strathern (Vereenegt Kinnikräich) - Sozialanthropologie
- Stëftung terre des hommes – Kannerhëllef weltwäit (Schwäiz) - Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Natiounen
2017[änneren | Quelltext änneren]
- Aleida Assmann (DE) a Jan Assmann (DE) - Kollektiivt Gediechtnes
- Bina Agarwal (IND/GB) - Gender Studies
- Robert D. Schreiber (USA) an James P. Allison (USA) - Immunologesch Usätz an der Kribstherapie
- Michaël Gillon (BEL) - D'Planéite vum Sonnesystem an d'Exoplanéiten
2016[änneren | Quelltext änneren]
- Piero Boitani (IT) - Vergläichend Literaturwëssenschaft
- Reinhard Jahn (DE) - Molekular an zellulär Neurowëssenschaften, inklusiv d'Aspekter vun der Entwécklung an Degeneratioun
- Federico Capasso (IT) - Ugewandte Photonik
- Robert O. Keohane (USA) - International Bezéiungen: Geschicht an Theorie
2015[änneren | Quelltext änneren]
- Hans Belting (DE) - Geschicht vun der europäescher Konscht (1300–1700)
- Joel Mokyr (USA) - Wirtschaftsgeschicht
- Francis Halzen (USA) - Astrodeelchephysik inklusiv d'Observatioun vun Neutrinos a Gammastralen
- David Karl (USA) - Ozeanographie
2014[änneren | Quelltext änneren]
- Mario Torelli (IT) - klassesch Archeologie
- Ian Hacking (CND) - Epistemologie an Erkenntnestheorie
- David Tilman (USA) - Grondleeënd an/oder ugewandte Ökologie vu Planzen
- Dennis Sullivan (USA) - Mathematik
- Vivre en Famille (F) - Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Natiounen
2013[änneren | Quelltext änneren]
- Alain Aspect (F) – Quantemechanik
- Manuel Castells (E) – Soziologie modern Kommunikatiounstechnologien
- Pascale Cossart (F) – Molekularbiologie pathogener Bakterien
- André Vauchez (F) – Geschicht vum Mëttelalter
2012[änneren | Quelltext änneren]
- Ronald Dworkin (US) – Theorie a Philosophie vum Droit
- Reinhard Strohm (Däitschland) – Musekwëssenschaft
- Kurt Lambeck (AUS) – Wëssenschafte vun der fester Äerd, ënner besonnerer Berécksichtegung interdisziplinäerer Fuerschungsbäidréig
- David Baulcombe (GB) – Epigenetik
2011[änneren | Quelltext änneren]
- Peter Brown (IRL) – Geschicht vun der griichesch-réimescher Antiquitéit
- Bronislaw Baczko (PL) – D'Zäit vun der Opklärung
- Russell Scott Lande (USA) – Theoreetesch Biologie oder Bioinformatik
- Joseph Silk (GB / USA) – Dat fréit Universum
2010[änneren | Quelltext änneren]
- Manfred Brauneck (Däitschland) –
- Carlo Ginzburg (Italien) –
- Jacob Palis (Brasilien) – Mathematik
- Shinya Yamanaka (Japan) –
2009[änneren | Quelltext änneren]
- Terence Cave (Groussbritannien) – Literatur zanter 1500
- Michael Grätzel (Däitschland / Schwäiz) – Materialwëssenschaften
- Brenda Milner (Groussbritannien / Kanada) – Kognitiv Neurowëssenschaften
- Paolo Rossi Monti (Italien) – Wëssenschaftsgeschicht
2008[änneren | Quelltext änneren]
- Maurizio Calvesi (Italien) - Geschicht vun der Konscht zanter 1700
- Thomas Nagel (USA) - Praktesch Philosophie
- Ian H. Frazer (AUS) - Preventivmedezin, Impfung mat abezunn
- Wallace S. Broecker (USA) - Klimawëssenschaft: Klimawiëssel
2007[änneren | Quelltext änneren]
- Rosalyn Higgins (Groussbritannien) – Vëlkerrecht zanter 1945
- Sumio Iijima (JP) – Nanowëssenschaften
- Michel Zink (FR) – Europäesch Literatur 1000-1500
- Jules Hoffmann (FR) an de Bruce Beutler (USA) – Ugebueren Immunitéit
- Karlheinz Böhm (AT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet tëscht de Vëlker
2006[änneren | Quelltext änneren]
- Ludwig Finscher (DE) – Geschicht vun der owendlännescher Musek zanter 1600
- Quentin Skinner (GB) - Geschicht an Theorie vum politeschem Denken
- Paolo de Bernardis (IT) an den Andrew Lange (USA) - Visuell Astronomie an Astrophysik
- Elliot M. Meyerowitz (USA) an de Christopher R. Somerville (USA) - Molekulargenetik vun de Planzen
2005[änneren | Quelltext änneren]
- Lothar Ledderose (DE) – Asiatesch Konschtgeschicht
- Peter Hall (GB) – Sozial- a Kulturgeschicht vun der Stad zanter Ufank vum 16. Joerhonnert
- Peter R. Grant an de Rosemary Grant (GB) – Populatiounsbiologie
- Russel J. Hemley (USA) an de Ho-kwang Mao (USA/China) – Mineralphysik
2004[änneren | Quelltext änneren]
- Andrew Colin Renfrew (GB) – Prehistoresch Archeologie
- Zesummenaarbecht Sant'Egidio (IT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- Michael Marmot (GB) – Epidemiologie
- Nikki R. Keddie (USA) – D'islamesch Welt Enn 19. bis Enn vum 20. Joerhonnert
- Pierre Deligne (BE) – Mathematik
2003[änneren | Quelltext änneren]
- Eric Hobsbawm (GB) – Europäesch Geschicht zanter 1900
- Reinhard Genzel (DE) – Infrarout-Astronomie
- Serge Moscovici (FR) – Sozialpsychologie
- Wen-Hsiung Li (TW/USA) – Genetik an Evolutioun
2002[änneren | Quelltext änneren]
- Anthony Grafton (USA) – Geschicht vun de Geeschteschwëssenschaften
- Dominique Schnapper (FR) – Soziologie
- Walter J. Gehring (CH) – Entwécklungsbiologie
- Xavier Le Pichon (FR) – Geologie
2001[änneren | Quelltext änneren]
- Claude Lorius (FR) – Klimatologie
- James Sloss Ackerman (USA) – Geschicht vun der Architektur (mat Urbanistik a Landschaftsdesign)
- Jean-Pierre Changeux (FR) – Kognitiv Neurowëssenschaften
- Marc Fumaroli (FR) – Literaturgeschicht a –kritik zanter 1500
2000[änneren | Quelltext änneren]
- Abdul Sattar Edhi (PK) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- Ilkka Hanski (FI) – Ëmweltwëssenschaften
- Martin Litchfield West (GB) – Klassesch Archäologie
- Michael Stolleis (DE) – Rechtsgeschicht vun der Neizäit
- Michel Mayor (CH) – Instrumentatioun an Techniken an der Astronomie an an der Astrophysik
1999[änneren | Quelltext änneren]
- John Elliott (GB) – Geschicht vum 16. bis 18. Joerhonnert
- Luigi Luca Cavalli-Sforza (IT/USA) – Naturwëssenschaftlech Erfuerschung vun Mënschofstaamung
- Michail Gromow (RU/FR) – Mathematik
- Paul Ricœur (FR) – Philosophie
1998[änneren | Quelltext änneren]
- Andrzej Walicki (PL/US) – Geschicht: Kultur- a Sozialgeschicht vun der slawescher Welt vun der Katharina déi Grouss bis zu der russescher Revolutioun am Joer 1917
- Harmon Craig (USA) – Geochemie
- Robert May (GB/AU) – Biodiversitéit
1997[änneren | Quelltext änneren]
- Charles Coulston Gillispie (USA) – Wëssenschaftsgeschicht an –philosophie
- Stanley Jeyaraja Tambiah (LK/USA) – Sozialwëssenschaften: Sozialanthropologie
- Thomas Wilson Meade (GB) – Epidemiologie
1996[änneren | Quelltext änneren]
- Arno Borst (DE) – Geschicht: Kultur vum Mëttelalter
- Arnt Eliassen (NO) – Meteorologie
- Internationale Kommitee vum Roude Kräiz – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- Stanley Hoffmann (AU/USA/FR) – Politesch Wëssenschaften: Aktuell international Bezéiungen
1995[änneren | Quelltext änneren]
- Alan J. Heeger (USA) – Materialwëssenschaften
- Carlo M. Cipolla (IT) – Wirtschaftsgeschicht
- Yves Bonnefoy (FR) – Geschicht a Kritik vun de schéine Kënschte an Europa (vum Mëttelalter bis haut)
1994[änneren | Quelltext änneren]
- Fred Hoyle (GB) an de Martin Schwarzschild (DE/USA) – Astrophysik (Evolutioun vun de Stäre)
- Norberto Bobbio (IT) – Rechtswëssenschaft a Politik (Regéierbarkeet vun den Demokratien)
- René Couteaux (FR) – Biologie (Struktur vun der Zell, mat besonnescher Rücksicht op d'Nervesystem)
1993[änneren | Quelltext änneren]
- Jean Leclant (FR) – Konscht an Archeologie am Altertum Frankräich
- Lothar Gall (DE) – Geschicht: Gesellschafte vum 19. an 20. Jh.
- Wolfgang H. Berger (DE/USA) – Paleontologie mat besonnescher Rücksicht op ozeanographesch Aspekter
1992[änneren | Quelltext änneren]
- Armand Borel (CH/US) – Mathematik
- Ebrahim M. Samba (GM) – Preventivmedezin
- Giovanni Macchia (IT) – Literaturgeschicht a –kritik
1991[änneren | Quelltext änneren]
- Abbé Pierre (FR) – Humanéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- György Ligeti (HU/AT) – Musek
- John Maynard Smith (GB) – Genetik an Evolutioun
- Vitorino Magalhães Godinho (PT) – Geschicht: Opstieg vun Europas am 15. an 16. Joerhonnert
1990[änneren | Quelltext änneren]
- James Freeman Gilbert (USA) – Geophysik (feste Buedem)
- Pierre Lalive d'Epinay (CH) – Internationaalt Privatrecht
- Walter Burkert (DE) – Altertumswëssenschaften
1989[änneren | Quelltext änneren]
- Emmanuel Levinas (FR/LT) – Philosophie
- Leo Pardi (IT) – Ethologie
- Martin Rees (GB) – Héichenergie-Astrophysik
1988[änneren | Quelltext änneren]
- Michael Evenari (IL) an den Otto Ludwig Lange (DE) – Gebrauchte Botanik (mat ekologeschen Aspekter)
- René Etiemble (FR) – Vergläichend Literatur
- Shmuel Noah Eisenstadt (IL) – Soziologie
1987[änneren | Quelltext änneren]
- Jerome Bruner (USA) – Humanpsychologie
- Phillip Tobias (ZA) – Physikalesch Anthropologie
- Richard W. Southern (GB) – Geschicht vum Mëttelalter
1986[änneren | Quelltext änneren]
- United Nations High Commissioner for Refugees – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- Jean Rivero (FR) – Grondrechter vun der Perséinlechkeet
- Otto Neugebauer (AT/USA) – Wëssenschaftsgeschicht
- Roger Revelle (USA) – Ozeanographie/Klimatologie USA
1985[änneren | Quelltext änneren]
- Ernst Gombrich (AT/GB) – Konschtgeschicht vum Orient
- Jean-Pierre Serre (FR) – Mathematik
1984[änneren | Quelltext änneren]
- Jan Hendrik Oort (NL) – Astrophysik
- Jean Starobinski (CH) – Literaturgeschicht a –kritik
- Sewall Wright (USA) – Genetik
1983[änneren | Quelltext änneren]
- Edward Shils (USA) – Soziologie
- Ernst Mayr (DE/US) – Zoologie
- Francesco Gabrieli (IT) – Orientalistik
1982[änneren | Quelltext änneren]
- Jean-Baptiste Duroselle (FR) – Sozialwëssenschaften
- Kenneth Vivian Thimann (GB/USA) – Reng a gebrauchte Botanik
- Massimo Pallottino (IT) – Altertumswëssenschaften
1981[änneren | Quelltext änneren]
- Dan McKenzie (GB), Drummond Hoyle Matthews (GB) an de Frederick John Vine (GB) – Geologie a Geophysik
- Josef Pieper (DE) – Philosophie
- Paul Reuter (FR) – Internationaalt ëffentlecht Recht
1980[änneren | Quelltext änneren]
- Enrico Bombieri (IT) – Mathematik
- Hassan Fathy (EG) – Architektur a Stadplanung
- Jorge Luis Borges (AR) – Philologie, Linguistik a Literaturkritik
1979[änneren | Quelltext änneren]
- Ernest Labrousse (FR) an de Giuseppe Tucci (IT) – Geschicht
- Jean Piaget (CH) – Sozial- a politesch Wëssenschaften
- Torbjörn Caspersson (SE) – Biologie
1978[änneren | Quelltext änneren]
- Mutter Teresa (AL) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
1962[änneren | Quelltext änneren]
- Andrei Nikolajewitsch Kolmogorow (SU) – Mathematik
- Karl von Frisch (AT) – Biologie
- Johannes XXIII. (IT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker
- Paul Hindemith (DE) – Musek
- Samuel Eliot Morison (USA) – Geschicht
1961[änneren | Quelltext änneren]
- Nobel-Stëftung (SE) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker