Jorge Luis Borges

Vu Wikipedia
Jorge Luis Borges
Gebuertsnumm Jorge Francisco Isidoro Luis Borges Acevedo
Pseudonym B. Suarez Lynch, H. Bustos Domecq
Gebuer 24. August 1899
Buenos Aires
Gestuerwen 14. Juni 1986
Genf
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Argentinien
Educatioun Collège Calvin
Aktivitéit Iwwersetzer, Bibliothecaire, Literaturkritiker, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Dichter, Publizist, Essayist
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Letters

De Jorge Francisco Isidoro Luis Borges KBE, gebuer de 24. August 1899 zu Buenos Aires, a gestuerwen de 14. Juni 1986 zu Genf, war en argentineschen Auteur vu Kuerzgeschichten an Essayen, Dichter an Iwwersetzer, deen zu de Schlësselfigure vun der spueneschsproocheger Literatur gezielt gëtt. Seng bekanntst Bicher, Ficciones an El Aleph, déi an den 1940er Joren erauskoumen, si Sammlunge vu Kuerzgeschichten, déi ënnereneen op eng fantastesch Manéier duerch gemeinsam Theeme wéi Dreem, Labyrinther, Bibliothéiken, Spigelen, fiktional Auteuren, Philosophie a Relioun verknëppt sinn. Säi Wierk huet souwuel zu der Entwécklung vun der philosophescher Literatur wéi och dem Fantasy-Genre bäigedroen. De Kritiker Ángel Flores, deen als éischten de Begrëff magesche Realismus definéiert huet, als Reaktioun op den dominante Realismus an Naturalismus, huet dem Borges seng Historia universal de la infamia déi éischt Publikatioun vun deem Genre genannt.

1921 huet de Borges ugefaangen, Essayen a Gedichter a surrealistesch Literaturzäitschrëften ze publizéieren. Hien huet och als Bibliothecaire a Virlieser geschafft. 1955 gouf hien zum Direkter vun der Argentinescher Nationalbibliothéik ernannt an zum Professer fir Englesch Literatur op der Universitéit Buenos Aires. Am Alter vu 55 Joer gouf hie blann, 1961 krut hien, zesumme mam Samuel Beckett, de Prix Formentor. 1971 huet hien de Jerusalem Prize gewonnen.

An den 1960er Jore gouf hien am engleschsproochege Raum ganz bekannt, bedéngt duerch e Boom vun allem wat Südamerikanesch war, an och duerch de Succès vum Gabriel García Márquez sengem Cien anos de solitud. Den Auteur J. M. Coetzee sot iwwer de Borges:

"Méi wéi keen aneren huet hien d'Sprooch vun der Fiktioun erneiert an domat enger bemierkenswäerter Generatioun vu latäinamerikanesche Schrëftsteller opgemaach.[1]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Erzielungen[änneren | Quelltext änneren]

a Ficciones
  • La biblioteca de Babel (1940)
  • Examen de la obra de Herbert Quain (1941)
  • Tlön, Uqbar, Orbis Tertius (1944)
  • Las ruinas circulares
  • El jardín de senderos que se bifurcan
  • El sur (1953)
an El Aleph
  • El aleph (1949)

Déi wichtegst Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1935: Historia universal de la infamia, Erzielungen
  • 1944: Ficciones, Erzielungen
  • 1949/1952: El Aleph, Erzielungen
  • 1960: El hacedor, Gedichter a Prosa
  • 1970: El informe de Brodie, Erzielungen
  • 1975: El libro de arena , Erzielungen

matgeschafft un[änneren | Quelltext änneren]

  • 1941: Antología de la literatura fantástica, mam Adolfo Bioy Casares
  • 1967: Introducción a la literatura norteamericana
  • 1977: ¿Qué es el Budismo? mam Alicia Jurado

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinz Flügel: Die Welt – ein Labyrinth. Begegnung mit dem Dichter Jorge Luis Borges. Berlin 1967.
  • Ernst E. Behle: Jorge Luis Borges. Eine Einführung in sein Leben und Werk. (= Europäische Hochschulschriften. Reihe 24, Band 2). Peter Lang, Bern 1972, ISBN 3-261-00700-1.
  • John Michael Cohen: Jorge Luis Borges. (= The modern writers series). Oliver & Boyd 1973, Edinburgh, ISBN 0-05-002625-9.
  • Karl-Josef Niggestich: Metaphorik und Polaritat im Weltbild Jorge Luis Borges. (= Goppinger Akademische Beiträge. Nr. 98). Kümmerle 1976, ISBN 3-87452-317-9.
  • Gabriela Massuh: Borges: eine Ästhetik des Schweigens. Erlangen 1979, ISBN 3-7896-0125-X.
  • Joachim A. Hagen: Das Phantastische bei Jorge Luis Borges. Tectum Verlag 1996, nur auf Mikrofiche, ISBN 3-89608-810-6.
  • Alfonso de Toro: El productor "rizomórfico" y el lector como "detective literario": la aventura de los signos o la postmodernidad del discurso borgesiano (intertextualidad-palimpsesto-rizoma-deconstrucción). In: Karl Alfred Blüher, Alfonso de Toro (Hrsg.). Jorge Luis Borges: Procedimientos literarios y bases epistemológicas. Vervuert, Frankfurt 1992, S. 145–184.
  • Alfonso de Toro: Die Wirklichkeit als Reise durch die Zeichen: Cervantes, Borges und Michel Foucault. In: Zeitschrift für Ästhetik und Allgemeine Kunstwissenschaft. 2, 39, 1994, S. 243–259.
  • Adelheid Hanke-Schaefer: Jorge Luis Borges zur Einführung. Junius, Hamburg 1999, ISBN 3-88506-987-3.
  • Alfonso de Toro: Reflexiones sobre el subgénero fantástico. La literatura virtual o Borges y la negación de lo fantástico. Simulación rizomática. Azar dirigido y skándalon semiótico. In: Studi di Litteratura Ispano-Americana. 33, 2001, S. 105–151.
  • Heinz Schlaffer: Borges. S. Fischer, Frankfurt 2001, ISBN 3-596-11709-7.
  • Jean-Clet Martin: Borges. Une biographie de l'éternité. L'éclat, Paris 2006, ISBN 2-84162-131-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jorge Luis Borges – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Coetzee, J.M. "Borges' Dark Mirror", New York Review of Books, Volume 45, Number 16. October 22, 1998