Martin Schwarzschild

Vu Wikipedia
Martin Schwarzschild
Gebuer 31. Mee 1912
Potsdam
Gestuerwen 10. Abrëll 1997
Nationalitéit Däitschland, USA
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, Royal Society, Astronomische Gesellschaft
Famill
Papp Karl Schwarzschild

De Martin Schwarzschild, gebuer den 31. Mee 1912 zu Potsdam a gestuerwen den 10. Abrëll 1997 zu Princeton (New Jersey) war en US-amerikaneschen Astrophysiker vun däitscher Ofstamung.

De Martin Schwarzschild gouf als Jong vum Astrophysiker Karl Schwarzschild gebuer. Scho kuerz nom Doud vu sengem Papp am Joer 1916 ass d'Famill op Göttingen geplënnert. De Martin Schwarzschild studéiert do an zu Berlin. Hie promovéiert 1935 zu Göttingen beim Hans Kienle iwwer d'Pulsatiounstheorie vun de δ-Cephei-Stären. Kuerz drop verléisst hie wéinst senge jiddeschen Originnen dat nationalsozialistescht Däitschland, fir sech no verschiddenen Tëschestatiounen an den USA z'etabléieren. Déi amerikanesch Staatsbiergerschaft hëlt hien am Joer 1942 un a gëtt 1947 op d'Princeton Universitéit beruff. Bis zu senger Pensioun am Joer 1979 bleift hie mat dëser Universitéit verbonnen.

Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Stärenentwécklung. D'theoreetesch Modelliséierung hat zanter den 1950er Jore mat der Entwécklung vun der Computertechnik grouss Fortschrëtter gemaach.

Hien huet säin Interessi op héich opléisend Observatioune konzentréiert. Zesumme mam Lyman Spitzer an James Van Allen entwéckelt hien d'Konzept vun engem mat engem Ballon an d'Stratosphär gedroenen Teleskop, dat iwwer der allgemenger Loftonrouh eng besser Bildqualitéit maache kann. Mat de Projeten Stratoscope I an II verwierklecht hien dës Iddi an de spéideren 1950er an 1960er Joren an huet héich opgeléiste Fotoe net nëmme vun der Sonn mä och vu Galaxië gemaach. Dës Qualitéit ass eréischt duerch d'Hubble-Weltraumteleskop iwwertraff ginn.

De Schwarzschild huet sech och zanter den 1970er Jore mat der Dynamik vu Galaxië beschäftegt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Structure and Evolution of the Stars, 1958

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie