James Van Allen

Vu Wikipedia
James Van Allen
Gebuer 7. September 1914
Gestuerwen 9. August 2006
Iowa City
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun University of Iowa
Aktivitéit Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Professer
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society, American Physical Society, National Academy of Sciences

Den James Alfred Van Allen, gebuer de 7. September 1914 zu Mount Pleasant, Iowa a gestuerwen den 9. August 2006 zu Iowa City war en US-amerikaneschen Astrophysiker a Raumfaartpionéier. Seng bekanntst Entdeckung war den Nowäis vun engem Stralungsfeld ëm d'Äerd, dat haaptsächlech aus dem Sonnewand an der kosmescher Stralung besteet an no him als Van-Allen-Ceinture genannt gouf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den James Van Allen gouf als zweet Kand vu véier Jonge vum Affekot Alfred Morris Van Allen a senger Fra Alma, geb. Olney, an der Gemeng Mount Pleasant (mat deemools ronn 3.000 Awunner) gebuer. Béid Elteren koumen aus Pionéierfamilljen, déi et gewinnt ware sech selwer ze hëllefen, wann néideg och mat Erfindungen déi d'Aarbecht méi liicht gemaach hunn. De jonke Van Allen huet sech besonnesch fir mechanesch an elektresch Konstruktiounen intresséiert. Hien huet einfach elektresch Motore gebastelt, primitiv Detekterradioen an aner Instrumenter. Seng Uregungen huet hie sech aus den Zäitschrëfte Popular Mechanics a Popular Science geholl.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

E Physikprofesser vum Iowa Wesleyan College hat d'Fäegkeet vum deemools 18-järege Student fir d'Experimentéieren a d'Bastelen erkannt. Fir 35 Cent d'Stonn huet de Van Allen d'seismesch a magnéitesch Ausrëschtung fir eng Antarktisexpeditioun virbereeden däerfen. D'Fuerschungsrees gouf vun Admirol Richard E. Byrd an dem Physikprofesser Thomas Poulter geleet. De Van Allen sollt och mat derbäi sinn, mä seng Famill huet huet hien nach ze vill Jonk dofir gehalen. Hien huet du säi Physikstudium ofgeschloss, an huet op d'Universitéit vu Iowa City gewiesselt a huet 1939 mat summa cum laude promovéiert . Uschléissend huet hie bis 1942 als research fellow op der Carnegie Institution of Washington geschafft. De Van Allen huet photoelektresch- a radiofrequenzgesteiert Unnäherungs-Zünder („proximity fuze“) a Bommen, Rakéiten a Schosswaffeprojektiller entwéckelt. Dobäi gouf och säin Interessi un der kosmescher Stralung waakreg. 1942 huet hie bei den Applied Physics Laboratory (APL) vun der Johns Hopkins University gewieeseet, an ass do mat der selwechter Aarbecht weidergefuer.

Satellittegestëtzt Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

No Krichsenn leet hien an der Johns Hopkins University vun 1946 bis 1950 d'Héichatmosphärefuerschung mat Hëllef vun A4-Rakéiten an dueno mat der Entwécklung vun enger Aerobeerakéit, déi vill méi kleng a méi gënschteg war wéi d'A4. Schonn hei leet hie Wäert op d'Méiglechkeet fir den Transport vun Notzlaaschten a Moossinstrumenter.

1951 krut hien eng Plaz op der University of Iowa als Professer a Chef vum Departement Physik an Astronomie. Hien entwéckelt mat senge Studenten de Rockoon, eng Rakéit, déi ufanks mat engem Ballon op eng Héicht vu 10 bis 15 Meile bruecht gouf, da gezünnt gouf an nach bis an eng Héicht vu 85 Meile geflunn ass.

Van-Allen-Stralungsceinture
De William H. Pickering, de James Van Allen an de Wernher von Braun (v.l.) halen zesummen e Modell vun Explorer 1 (31. Januar 1958)

Den éischten amerikanesche Satellit Explorer 1 entdeckt 1958 – mat Hëllef vun engem Geigerzähler – eng Stralenceinture ronderëm d'Äerd, déi aus Deelercher vun der kosmescher Stralung besteet, déi duerch d'Magnéitfeld vun der Äerd „agefaange“ ginn. Dës Stralenceinture ass haut ënner dem Numm Van-Allen-Ceinture bekannt.

D'Entdeckung war am Kader vum Internationale Geophysikalesche Joer 1957/58 geschitt, un deem de Van Allen staark bedeelegt war.

Am selwechte Joer gouf als Reaktioun op de sougenannte Sputnik-Schock en Team ënner dem Virsëtz vum Van Allen opgestallt, mat dem Zil, bannent 10 Joer e bemannte Raumfluch op de Mound ze maachen. Spéider war hien nees vun dëser Iddi ofgesprongen, well hien déi bemannt Raumfaart éischter als en Televisiounsevenement ouni wëssenschaftleche Wäert ugesinn huet. Hien huet dunn d'Erfuerschung vum Sonnesystem viru gedriwwen. Seng Moossinstrumenter an der Raumsond Pioneer 10 hunn 1973 d'Stralenceinture vum Jupiter fir d'éischt ënnersicht. De Pioneer 11 huet uschléissend Observatioune vum Saturnrank gemaach. De Van Allen war och Member vum wëssenschaftlechen Team bei der Galileo-Missioun, déi zanter 1989 domat ugefaangen huet, de Jupiter z'ënnersichen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • James A. Van Allen: What Is A Space Scientist? An Autobiographical Example. In: Annual Review of Earth and Planetary Sciences. Band 18, 1990, S. 1–26 (auch online)
  • James A. Van Allen (1914–2006). Nachruf in: Nature. Band 443 vom 14. September 2006, S. 158
  • Abigail Foerstner: James Van Allen - the first eight billion miles. Univ. of Iowa Press, Iowa City, 2007, ISBN 0-87745-999-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Van Allen – Biller, Videoen oder Audiodateien