Saturn (Planéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Saturn an den natierleche Faarwen, fotograféiert vun der Raumsond Cassini

De Saturn ass deen zweetgréisste Planéit an eisem Sonnesystem. Et ass e Gasplanéit a gëtt a senger Gréisst nëmme vum Jupiter iwwertraff. Hie besteet zu 97 % aus Waasserstoff an huet vun alle Planéiten am Sonnesystem déi klengst Dicht. De Saturn ass de sechste Planéit vum Sonnesystem, seng Bunn verleeft tëscht där vum Jupiter an dem Uranus. Säin Zeechen ass eng stiliséiert Séchel:  De Saturn hieft sech vun deenen anere Planéiten duerch seng markant Réng of. Déi kann ee scho mat klengen Teleskope gesinn. De Rank besteet zu gréissten Deeler aus Waasseräis an aus Gestengs. Déi sougenannt Equatorsträife vu senger Wollekeschicht sinn net sou däitlech wéi déi vum Jupiter.

Bis Enn 2007 goufe 60 Saturnmounden entdeckt, de gréissten dovun ass den Titan mat 5150 km Duerchmiesser.

E puer Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Saturnoppositiounen
  • Grouss Hallefachs= 9,582
  • Perihel = 9,021
  • Aphel = 10,054
  • Exzentrizitéit = 0,05415
  • Bunnschréiegt = 2,484
  • Ëmlafdauer = 29,457 a
  • Oppositiounsintervall = 378,09 d
  • Ëmlafvitesse = 9,69
  • Klengsten Ofstand = 7,991
  • Gréissten Ofstand = 11,086
  • Equatorduerchmiesser = 120.536
  • Polduerchmiesser = 107.812
  • Mass = 5,685 • 1026
  • Dicht = 0,687
  • Fallbeschleunegung = 10,44
  • Fluchtvitesse = 35,5
  • Rotatiounsperiod = 10 h 47 m
  • Achseschréiegt = 26,73
De Saturn bedeckt d'Sonn. Foto vun der Raumsond Cassini

Ënner anerem : Titan, Rhea,Dione, Tethys, Iapetus, Enceladus

Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Saturn leeft op enger bal kreesfërmeger Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,054 ëm d'Sonn. Säi sonnennooste Punkt, de Perihel, läit bei 9,02 AE a säi wäitste Punkt vun der Sonn, den Aphel, bäi 10,05 AE. Seng Ëmlafbunn steet mat 2,48° liicht schréi géint d'Ekliptik. Fir een Ëmlaf ronderem eis Sonn brauch de Saturn ongeféier 29 Joer an 166 Deeg.[1]

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounsachs vum Saturn steet 26,73° schréi zu senger Ëmlafbunn. Hie rotéiert net wéi ee starre Kierper, mä huet wéi e Gasplanéit eng differentiell Rotatioun: D'Equatorregioune rotéiere méi séier (eng Rotatioun an 10 Stonnen, 13 Minutten an 59 Sekonnen). D'Polregiounen (10 Stonnen, 39 Minutten an 22 Sekonnen). D'Equatorregioune ginn als „System I“, d'Polregiounen als „System II“ bezeechent. Duerch Magnéitfeldmiessunge vu Raumsonde gouf fir de Kär vum Saturn nach méi eng lues Rotatiounsperiod vun 10 Stonnen, 47 Minutten a 6 Sekonne berechent.

Duerch nei, kombinéiert Auswäertunge vu Miessdaten, déi d'Raumsonden Pioneer 11, Voyager 1 an 2 souwéi Cassini-Huygens vun der Gravitatioun, de Wandvitessen a mat Radio-Okkultatioune geliwwert hun, sinn zwéin US-amerikanesch Wëssenschaftler 2007 zum Resultat komm, datt de Saturnkär eng Ëmdréiung an 10 Stonnen, 32 Minutten a 35 Sekonnen absolvéiert an domat siwe Minutte méi séier ass, wéi bis elo geduecht.[2] Deemno muss de Kär méi kleng sinn, wéi bis elo gemengt gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ute Kehse: Polarlichter sind einzigartig – Cassini und Hubble werfen 25 Jahre alte Theorien über den Haufen (Bericht über einen Artikel in der Zeitschrift Nature): 19. Februar 2005, Onlineportal der Zeitschrift Bild der Wissenschaft: Artikel online abrufbar unter http://www.wissenschaft.de/wissen/news/249343.html
  • E. Best: „The Astronomical Knowledge of the Maori, Genuine and Empirical“ aus der Reihe: „New Zealand Dominium Museum Monograph“, Wellington 1922, p. 35.
  • Ronald Weinberger: Präzise Bestimmung der Rotation des Saturn. Naturwissenschaftliche Rundschau 59(12), S. 664 - 665 (2006)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saturn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]