(134340) Pluto

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(134340) Pluto (Klengplanéit)
D'Rotatioun vum Pluto, computerberechent Eenzelbiller
Orbittyp Kuiperceinture
Eegeschafte vum Orbit (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 39.482 A.E.
PerihelAphel 29,658 – 49,305AE
Exzentrizitéit 0,2488
Inklinatioun 17,16Grad
Sideresch Ëmlafzäit 247,68 Joer
Synodesch Ëmlafzäit 366,73 d
Mëttel Bunnvitesse 4,72 km/s
Physikalesch Eegeschafte
Equatorduerchmiesser 2390 km
Mass 1,25 × 1022
Albedo 0,6
Mëttel Dicht 1,75 g/cm3
Rotatiounsperiod −6 d 9 h 17 min 34 s
Absolut Hellegkeet +13,65
Eegeschafte vun der Atmosphär
Drock ≈ 3 • 10−6
Minimal Temperatur 33 K (−240 °C)
Mëttel Temperatur 44 K (−229 °C)
Maximal Temperatur 55 K (−218 °C)
Haaptbestanddeeler Stéckstoff, Kuelemonoxyd, Methan
Entdecker C. Tombaugh
Entdeckungsjoer 18. Februar 1930
Diverses De Pluto huet 4 Mounden

Den (134340) Pluto ass en Zwergplanéit an de prominentesten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass Astronomisches Symbol des Pluto.

De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngte a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zréckklasséiert ginn zum Klengplanéit mat der Nummer 134340. Déi nei vollstänneg offiziell Bezeechnung ass elo (134340) Pluto. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden an Plutinos genannt.

Am Januar 2006 gouf mat New Horizons fir d'éischt eng Raumsond op de Pluto geschéckt. Et ass geplangt, d'Sond am Juli 2015 op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon fléien ze loossen.

Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Bunn[änneren | Quelltext änneren]

De Pluto brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer. Am Verglach zu de Planéiten ass seng Ëmlafbunn däitlech méi exzentresch, mat enger numerescher Exzentrizitéit vun 0,2488. Dat heescht, den Ofstand zu der Sonn ass bis zu 24,88 Prozent méi kleng oder méi grouss wéi d'grouss Hallefachs. D'Bunneform wäicht manner wéi 3,2 Prozent vun engem Krees of.

De sonnewäitste Punkt vun der Plutobunn, den Aphel, läit bei 49,305 AE, während de sonnennooste Punkt, de Perihel, mat 29,658 AE méi no un der Sonn läit wéi déi wéineg exzentresch Bunn vum Neptun. Fir déi lescht Kéier wou de Pluto dëse Beräich duerchlaf hat, an deem hien der Sonn méi no wéi d'Neptunbunn war, war vum 7. Februar 1979 bis den 11. Februar 1999. De Perihel hat de Pluto 1989 passéiert. Säin Aphel erreecht hien am Joer 2113. Do ass d'Sonnestralung nëmmen nach ongeféier 0,563 W/m². Op der Äerd ass si 2430-mol méi héich. Fir en Observateur um Pluto wier de visuellen Duerchmiesser vun der Sonn nëmme ronn 1/50 vum visuelle Sonnenduerchmiesser, dee mir op der Äerd gewinnt sinn. D'Sonn géif also éischter wéi en extreem helle Stär ausgesinn.

Wéinst der grousser Distanz zu eiser Äerd ënnerscheet sech déi visuell Hellegkeet tëscht Oppositioun a Konjunktioun nëmmen ëm 0,1 mag. Dogéint verännert déi exzentresch Bunn déi visuell Hellegkeet tëscht 13,65 mag a 16,3 mag, wat eng Differenz vun 2,65 mag ausmécht.

D'Bunn vum Pluto (rout) am Verglach zu der Neptunbunn (blo), Objetgréisste sinn net moossstafgerecht

Opfälleg ass, datt de Pluto nëmmen zweemol ëm d'Sonn leeft an derselwecher Zäit, wou sech den Neptun dräimol ëm d'Sonn beweegt. Et schwätzt een dofir vun enger 3:2-Bunnresonanz.

Vill Objeten aus der Kuiperceinture si wéi de Pluto an enger 3:2-Bunnresonanz mam Neptun a ginn als Plutinos bezeechent. Si sinn an där Bunnresonanz mat dem Gasris anscheinend „agefaange“ ginn. Mat Methode vun der Himmelsmechanik kann ee weisen, datt hir typescherweis exzentresch Ëmlafbunnen iwwer Joermillioune stabil sinn.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Pluto rotéiert a 6,387 Deeg eemol ëm seng eegen Achs.[1] D'Rotatiounsachs ass ëm 122,53° géint d'Bunnfläch gebéit, soumat rotéiert de Pluto réckleefeg. Seng Dréiachs ass domat nach méi staark gebéit wéi déi vum Uranus, awer am Ënnerscheed zum Uranus an zu der Venus ass de Grond dofir allgemeng ze gesinn, genee wéi d'Ursaach fir déi grouss Rotatiounsperiod vum Pluto, well d'Eegendréiung vum Zwergplanéit ass duerch d'Gezäitekraft un d'Ëmlafbewegung vu sengem grousse Mound Charon gebonnen. Domat si Pluto a Charon déi eenzeg bis elo bekannte Kierper am Sonnesystem mat enger duebel gebonnener Rotatioun.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Physikaleschen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer de Pluto ass nëmme wéineg bekannt, well et vun him nach keng Fotoen aus kuerzer Distanz gëtt. Mat engem Duerchmiesser vu ronn 2390 Kilometern ass hien däitlech méi kleng wéi déi gréisst siwe Mounden an eisem Sonnesystem. Seng mëttel Dicht vu ronn 2 g/cm³ schwätzt fir eng Zesummesetzung aus 70 % Gestengs an 30 % Waasseräis.

De Pluto gläicht vum Opbau hier wahrscheinlech dem méi groussen an nach méi kalen Triton. En huet déiselwecht Dicht an eng ganz dënn Atmosphär aus Stéckstoff, ass och vun enger éischter roudelzeger Faarf, huet wahrscheinlech Polkapen an a Richtung vum Equator si méi donkel Gebidder. Seng Uewerfläch weist no där vum Saturnmound Iapetus ënner allen iwwrege Kierper vum Sonnesystem déi gréisst Kontraster. Dat erkläert déi ausgeprägte Hellegkeetsschwankungen, déi scho vun 1985 bis 1990 bei Verdäischterungen duerch säi grousse Mound Charon gemooss goufen.

Déi baussenzeg Schichte besti méiglecherweis aus lassenem Gestengs mat vill un Äis. De Pluto huet wahrscheinlech e Gestengskär mat engem Äismantel, deen ongeféier 70 Prozent vun der Gesamtmass ausmécht.

Am Juli 2005 konnt fir d'éischt déi thermesch Emissioun vum Pluto a sengem groussen an noe Mound getrennt gemooss ginn. Dobäi huet sech gewisen, datt d'Uewerfläch vum Pluto mat −230 °C ëm 10 °C méi kal ass, wéi et engem rengen Stralungsgläichgewiicht entsprieche géif. De Grond dofir ass d'Ausbildung vun der Atmosphär, duerch där hir Sublimatioun aus dem festen an de gasfërmegen Zoustand Verdonschtungskeelt entsteet.

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pluto seng dënn Atmosphär besteet zum gréissten Deel aus Stéckstoff, ongeféier ee Prozent Kuelemonoxid a ronn 0,5 Prozent Methan. No Miessunge um James Clerk Maxwell Teleskop ass d'Atmosphär am Joer 2011 3000 km héich an dat an hir enthalent Kuelestoffmonoxid −220 °C kal. Virdrun hat een ugeholl, d'Atmosphär wier 100 km héich.[2][3]

Wéi d'ESO den 2. Mäerz 2009 matgedeelt hat, herrscht op Pluto gréisstendeels eng duerch d'Methan an der Atmosphär verursacht Inversiounswiederlag, wouduerch d'Temperatur ëm 3 bis 15 Grad jee Héichtekilometer zouhëllt. An der ënneschter Atmosphär ass d'Temperatur −180 °C an an der ieweschter Atmosphär −170 °C, während si um Buedem nëmme ronn −220 °C ass. Et gëtt ugeholl, datt zu dësem niddrege Wäert vun der Buedemtemperatur Verdonschtungskeelt duerch Methan bäidréit, vum festen an de gasfërmegen Zoustand iwwergeet.[4][5]

Mounden[änneren | Quelltext änneren]

Charon[änneren | Quelltext änneren]

D'Bunne vum Pluto, Charon, Nix an Hydra ëm de Baryzentrum vum System

De gréisste Begleeder vum Pluto, de Charon huet en Duerchmiesser vun 1207 Kilometer an ass domat am Verglach zu Pluto ganz grouss. D'System Pluto-Charon gouf fréier wéinst dësem ongewéinleche Gréissteverhältnes vu ronn 2:1 och als Duebelplanéit bezeechent. Bedéngt duerch d'Masseverhältnes vu gutt 8:1 an engem hiräichend groussen Ofstand läit de kollektive Schwéierpunkt, d'Baryzentrum vum System, baussent dem Haaptkierper. Domat ëmkreese sech Charon a Pluto souzesoe géigesäiteg.

Déi grouss Hallefachs vun der Charon-Ëmlafbunn, also de mëttlere Bunnradius senges Massezentrums vum kollektive Schwéierpunkt, ass 19.405 Kilometer. Entspriechend dem Massedeel vum Pluto huet säin analogen Ofstand zum Baryzentrum ëmgekéiert proportional gutt en Aachtel dovun, also ongeféier 2360 Kilometer. Domat ass d'Distanz vun der Pluto-Uewerfläch zum Baryzentrum mat ronn 1200 Kilometern ongeféier sou grouss wéi säi Kierperradius. D'Satellittebunn vum Charon ass bal kreesronn a läit wahrscheinlech genee um Equatorniveau vum Pluto. Am Verglach dozou hunn d'Äerd an den Äerdmound e Masseverhältnes vun 81:1, an de kollektive Äerd-Äerdmound-Schwéierpunkt ass 4700 Kilometer vum Äerdzentrum ewech respektiv ongeféier 1650 Kilometer ënnerhalb vun der Äerduewerfläch.

Och de Charon weist eng – fir e Mound typesch – gebonne Rotatioun, där hir Period senger Ëmlafperiod gläichkënnt. Déi géigesäiteg gebonne Rotatioun vum Satellit a sengem Haaptkierper gëtt och Hantelrotatioun genannt an ass am Sonnesystem bis elo nëmmen tëscht Pluto a Charon erwisen. D'Kierper hunn hir Eegerotatioun wéinst de Gezäitekrafte géigesäiteg souwäit ofgebremst, datt sech béid während engem Ëmlaf ëmeneen och genee eemol ëm hir eegen Achs dréinen. Si dréine sech doduerch ëmmer déiselwecht Säit zou. Ënner Koppele vu bal gläich groussen Asteroiden ass sou eng Synchronrotatioun wahrscheinlech relativ heefeg.

Nix an Hydra[änneren | Quelltext änneren]

Pluto, säi Mound Charon an déi béid kleng Trabanten Nix an Hydra
D'Moundbunnen ëm de Pluto; Pluto gëtt onbeweeglech duergestallt, S/2011 (134340) 1 ass als P4 bezeechent

D'Duerchmiesser vun de Mounden Nix an Hydra konnte bis elo nëmmen wéinst de gemoossenen Hellegkeete geschat ginn. Jee no ugehollener Albedo erginn sech Wäerter tëscht ronn 40 an 160 Kilometer. Si lafen op enger bal kreesfërmeger Bunn ronderëm de Pluto an op enger kollektiver Bahnfläch mat Charon op enger Distanz vu ronn 65.000 resp. 50.000 Kilometer. Hir Ëmlafzäite sinn zu där vum grousse Mound bal resonant; Während Charon de Pluto 12-mol ëmronnt, gëtt de Pluto vum Hydra an derselwechter Zäit zimlech genee zweemol a vum Nix ongeféier dräimol ëmkreest. Am Ënnerscheed zum roudelzege Pluto hunn déi kleng Trabanten anscheinend déiselwecht neutral gro Faarf wéi de Charon.

Déi béid Trabante goufen duerch Observatioune mat dem Hubble-Weltraumteleskop am Joer 2005 entdeckt. Duerch nei Hubble-Observatioune am Februar 2006 gouf d'Entdeckung bestätegt. Déi virleefeg Bezeechnunge waren S/2005 P1 an S/2005 P2, bis si am Juni 2006 duerch d'International Astronomesch Unioun (IAU) d'Nimm Hydra an Nix kruten.

No der Entdeckung vun de Klengtrabante gëtt d'Genesis vum Charon elo zesumme mat dëse béide verstäerkt duerch eng Kollisioun vum Pluto mat engem anere plutogrousse Kuiperceintureobjet diskutéiert. Fir eng kollektiv Entwécklung vun de Plutomounde schwätzen d'Bunne mat den ähnlech resonanten Ëmlafzäiten an déi eenheetlech gefierften Uewerfläche. Bei engem Afank wier éischter eng ënnerschiddlech Fierwung z'erwaarden.

Pluto a seng Mounde sinn an der Kuiperceinture engem stännegem Bombardement vu Minimeteorite ausgesat, déi Stëbs- an Äispartikel aus den Uewerfläche erausschloen. Während d'Gravitatioun vu Pluto a Charon dofir suergt, datt all Gestengsstécker op d'Himmelskierper zréckfalen, ass d'Unzéiungskraaft vun den nei entdeckte Mounde ze kleng.

D'Entdeckung vu weidere Plutomounde koum onerwaart, well bis dohi keen Himmelskierper mat méi wéi engem Satellit déisäit vum Neptun observéiert gi war, awer schonn e Mount méi spéit gouf och beim (136108) Haumea en zweete Mound fonnt.

Kerberos[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Juli 2011 huet d'NASA d'Entdeckung vun engem véierte Plutomound bekannt ginn. De virleefegen Numm war S/2011 (134340) 1|S/2011 (134340) 1. E gouf mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop bei der Sich no engem eventuelle Planéiterank beim Pluto entdeckt. Mat enger geschater Gréisst vun 13 bis 34 km ass et dee klengste Mound vum Pluto. De Mound war op enger Foto den 28. Juni 2011 mam »Hubble's Wide Field Camera 3« opgeholl [6] an entdeckt ginn a konnt op weidere Fotoe vum 3. an 18. Juli 2011 bestätegt ginn. Op fréiere Fotoe war den Himmelskierper net ze gesinn, well déi mat kurze Belichtungszäiten opgeholl goufen.[7][8] Am Juni 2013 gouf de Mound vun der Internationaler astronomescher Unioun op den Numm Kerberos gedeeft.

Styx[änneren | Quelltext änneren]

De Styx huet eng onregelméisseg Form a seng Gréisst gëtt op 10 bis 25 km geschat. Seng Entdeckung gouf den 11. Juli 2012 bekannt gemaach. E gouf och mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop entdeckt an de virleefegen Numm war „S/2012 (134340) 1“.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Äerdgebonne Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

D'Entdeckungsgeschicht vum Pluto gläicht a gewësser Weis där vum viru gutt 83 Joer virdrun entdecktem Neptun. Béid Himmelskierper goufe wéinst Bunnstéierunge vun Nopeschplanéite rechneresch virausgesot an dann no de Bunnpositioune gesicht. Den hypotheteschen néngte Planéit gouf fir kleng Bunnofwäichunge vun de Planéiten Neptun an Uranus verantwortlech gemaach.

De Pluto gouf den 18. Februar 1930 um Lowell-Observatoire zu Flagstaff, Arizona duerch Vergläicher vun Himmelsfotoen um Blinkkomparater no ronn 25-järeger Sich entdeckt, allerdéngs net op der virausgesoter Positioun. De jonken Entdecker Clyde Tombaugh war eréischt kuerz virdru fir d'fotografesch Sich nom legendären Transneptun engagéiert ginn. De Marsfuerscher Percival Lowell hat zanter 1905 selwer no sou engem Himmelskierper gesicht an de Lowell-Observatoire op engem Bierg bei Flagstaff finanzéiert. Wéi sech spéider erausgestallt hat, war op zwou vun de fotografesche Placken, déi de Lowell 1915 gemaach hat, de Pluto schonn z'erkennen. Well de Lowell awer no engem méi hellem Objet gekuckt hat, war him déi Entdeckung entgaangen.

D'Entdeckung gouf der Ëffentlechkeet den 13. Mäerz 1930 matgedeelt, dem 149. Joresdag vun der Uranus-Entdeckung vum de William Herschel 1781 an dem 75. Gebuertsdag vum Percival Lowell, dee schonn 1916 gestuerwe war.

Du gouf no engem passenden Numm gesicht. D'Virrecht fir den Numm ze ginn louch beim Lowell-Observatoire. Nom Reglement vun der IAU huet den Numm missen aus der Mythologie kommen.

Zréckgehale gouf den Numm Pluto fir den néngte Planéit. Deen Numm war schonn 1919 vum franséischen Astronom P. Reynaud virgeschloe ginn, awer doru konnt sech 1930 kee méi erënnern. Bei där Nummwiel däerft och eng Roll gespillt hunn, datt sech dat astronomescht Symbol aus den Initiale vum Lowell zesummesetze gelooss huet. No dem Planéit Pluto gouf och d'Micky Maus, den Haushond Pluto genannt, deen am August 1930 säin éischten Optrëtt hat.[9]

1941 gouf a Folleg vun de mat de chemeschen Elementen Uran an Neptunium ugefaangener Rei dat 94. an deemools lescht bekannt Element no deem zu dëser Zäit leschte Planéit als Plutonium genannt.

Eng éischt Kaart vum Pluto

Aus der observéierter visueller Magnitude vum Pluto (15 mag) an enger plausibler Vermuddung fir seng Albedo, säi Réckstralungsverméigen, gouf ugeholl datt den neien Himmelskierper ongeféier Äerdgréisst hätt. Et war awer ufanks net méiglech och a groussen Teleskopen, fir säin Duerchmiesser direkt mikrometresch ze miessen. Et si geschwënn Zweiwel opgedaucht, ob seng Gravitatiounswierkung fir d'Bunnstéierunge verantwortlech kéint sinn.

Also gouf mat Nofuerschungen no deem „Planéit X“ de stéiert scho bal nees weidergefuer. Mat der Entwécklung vu leeschtungsstaarken Teleskopen hunn den Duerchmiesser an d'Mass vum Pluto stänneg no ënne misse revidéiert ginn, ufanks ëm 1950 no Miessunge vum Mount Palomar-Observatoire op hallef Äerdgréisst. Den Astronom Fred Whipple huet als éischten eng genee Ëmlafbunn berechent. Dofir goufe Fotoplacke gebraucht, op deene sech de Pluto bis an d'Joer 1908 zréckverfollege gelooss huet. D'Entdeckung vum Mound Charon am Joer 1978 huet et dann erméiglecht eng genee Massebestëmmung mat Hëllef vun der Gravitatiounsdynamik vum System ze maachen. Vun 1985 bis 1990 koum et zu wiesselsäitege Bedeckungen tëscht de béiden Himmelskierper, mat deenen den Duerchmiesser vum Pluto op 2390 Kilometer bestëmmt konnt ginn.

Jéngst Miessunge mat adaptiver Optik, mat dem Hubble-Teleskop a bei Observatioune vu Stären hu Wäerter vu ronn 2280 bis 2320 Kilometer erginn. Méi genee Date sinn net z'erwaarden, soulaang nach keng Sond bei de Pluto komm ass.

Duerch seng Hellegkeet gouf de Pluto ëm iwwer 60 Joer méi fréi entdeckt wéi aner, donkel Transneptuner. Nodeem déi genee Mass vum Neptun, nom Laanschtfluch vun Voyager 2 bekannt ass, kënnen d'Bunne vun de baussenzege Planéite gutt erkläert ginn. Et besteet keng Noutwendegkeet, fir no nach engem Planéit X ze sichen.

Kombinatioune vu Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop hu gewisen, datt d'Nordhemisphär vum Pluto an de Joren 2002 an 2003 méi hell gi waren an den Zwergplanéit allgemeng méi roudelzeg wierkt.[10]

Erfuerschung mat Raumsonden[änneren | Quelltext änneren]

New Horizons war den 19. Januar 2006 ëm 20:00 Auer MEZ zum Pluto gestart.
D'Pluto-Sond New Horizons bei de Startvirbereedungen

D'NASA plangt schonn zanter Ufank vun den 1990er-Joren ënner dem Numm Pluto Kuiper Express, fréier Pluto Fast Flyby, eng Missioun op de Pluto. Déi Missioun sollt ënner der Leedung vum Southwest Research Institute duerchgefouert ginn. Dobäi gouf betount, datt eng Missioun méiglechst séier starte soll, fir de Pluto z'erreechen, ier seng dënn Atmosphär ausfréiert. Dëst hänkt domat zesummen, datt seng Ëmlafbunn staark elliptesch ass an hie sech zanter der Passage vu sengem sonnennooste Bunnpunkt am Joer 1989 nees vun der Sonn ewech beweegt. Eréischt am Joer 2247 ass de Pluto nees bei sengem nooste Sonnepunkt.

Déi éischt Konzepter vun der Missioun sinn un technesche Schwieregkeeten an un der Finanzéierung feelgeschloen a goufen 2001 duerch d'Missioun New Horizons ersat. Hire Start war den 19. Januar 2006.

Déi geplangte Fluchdauer ass ongeféier 9,5 Joer, de Laanschtfluch beim Pluto a Charon soll de 14. Juli 2015 geschéien. D'Observatioune vum Pluto-Charon-System fänke ronn 150 Deeg virum Rendez-vous un, ongeféier 120 Deeg virum Laanschtfluch ginn déi éischt Biller erwaart, an 90 Deeg virum Zil kënnen d'Fotoe vun der Sond d'Opléisungsverméige vum Hubble-Weltraumteleskop iwwertreffen. Et solle global Kaarte vum Zwergplanéit a sengem Mound gemaach ginn, héichopgeléist Fotoe mat bis zu 25 m pro Pixel solle gemaach ginn, d'Temperaturverdeelung gemooss an d'Atmosphär vum Pluto studéiert ginn. Geplangt ass, d'Sond an enger Héicht vun 9600 Kilometer laanscht de Pluto an op 27.000 Kilometer laanscht de Charon fléien ze loossen. Dëst sinn nëmmen Zilparameter, déi während dem Fluch geännert kënne ginn. Zwou Wochen nom Rendez-vous ginn d'Observatiounen ofgeschloss, an d'Sond fänkt un, déi gesammelt Daten op d'Äerd z'iwwermëttelen. Bis d'Donneeën all ukomm sinn, wäerten e puer Méint vergoen.

Eng mat Plutoniumdioxid (deem säi Plutoniumundeel haaptsächlech aus dem Isotop 238Pu besteet) gefëllte Radionuklidbatterie déngt dozou, d'Sond an hir siwen Instrumenter op hirer laanger Rees an der Miessphas beim Pluto mat ausreechend Energie ze versuergen.

Debatt iwwer de Planéitestatus an Oferkennung[änneren | Quelltext änneren]

D'Diskussioun driwwer, ob de Pluto iwwerhaapt d'Bezeechnung „Planéit“ verdéngt, war schonn ugefaangen, wou ee seng staark elliptesch a schréi Ëmlafbunn souwéi seng kleng Gréisst erkannt hat. Nodeem am September 1992 mat 1992 QB1 nom Pluto an dem Charon dat drëtt transneptunescht Objet fonnt gouf, entdeckten d'Astronomen ee Joer méi spéit banne véier Deeg och véier weider Plutinos. Dorops huet sech d'Debatt ëm de Status vum Pluto ausgewäit. De Virschlag vum Brian Marsden vum MPC aus dem Joer 1998, dem Pluto en Duebelstatus ze ginn an hien zousätzlech als Asteroid mat der spezieller Nummer 10000 ze versinn, hat keng Zoustëmmung fonnt.

Am Laf vun der Zäit goufen Honnerte weider Objete vun der Kuiperceinture entdeckt, dorënner och verschidde vu plutoähnlecher Gréisst. Sou Entdeckungen, wéi virun allem den (136199) Eris, dee souguer méi grouss ass, goufe vun de Medien oft als „Zéngte Planéit“ genannt. D'IAU huet am Joer 2006 beschloss, ähnlech Kierper eng nei Klass, den Zwergplanéiten zouzeschreiwen. An Hisiicht op de Pluto, deen iwwer Joerzéngte néngte Planéit hunn d'Kontroverse ënner den Astronome weider ugehalen.

D'Ofstëmmung vun der IAU iwwer d'Planéitendefinitioun den 23. August 2006

Déi beschlossen Definitioun mat dem Zousaz, no där e Kierper nëmmen dann e Planéit ass, wa seng Mass och déi Gesamtmass vun allen anere Kierper a sengem Bunnberäich iwwertrëfft, beuecht. An dat ass de Pluto eendeiteg net. Als dat gréisst Objet vun de Plutinos entsprécht hien éischter der Roll vum Asteroid Hilda, deem gréisste Member vun der Hilda-Grupp. Hilda a op d'mannst 56 weider Objete bewege sech ee Stéck baussenzeg vun der Asteroidenceinture tëscht Mars a Jupiter analog an engem 2:3-Verhältnes zu der an dësem Fall méi laanger Ëmlafzäit vum Nopesch-Riseplanéit.

Op der 26. Generalversammlung vun der Internationaler Astronomescher Unioun am August 2006 zu Prag gouf virdrun eng eppes anescht Definitioun ouni Zousaz virgeschloen. E Planéit wier deemno schonn en Himmelskierper, deem seng Mass duergeet, fir duerch seng Eegegravitatioun eng hydrostatesch Gläichgewiichtsform („bal ronn”, d. h. eng sphäroidal Form) unzehuelen, an deen op enger Bunn ëm e Stär ass, selwer awer kee Stär oder Mound vun engem Planéit ass.[11] Deemno wier net nëmmen de Pluto e Planéit gewiescht, mä och den Ceres, Charon an Eris. De Charon koum duerch eng Ergänzung mat dobäi, no där et sech ëm en Duebelplanéit handele soll, wann dee kollektive Schwéierpunkt baussenzeg vum Haaptkierper läit.[12] Gläichzäiteg gouf d'Definitioun vun enger neier Klass vu Planéite virgeschloen, de sougenannt „Plutonen“, zu där Planéite gehéiert hätten, déi fir en Ëmlaf ëm de Stär méi laang wéi 200 Joer brauchen an zu där dann och de Pluto gehéiert hätt. Dëse Virschlag fir d'Planéitendefinitioun konnt sech op der Generalversammlung net duerchsetzen, sou datt de 24. August 2006 duerch Ofstëmmung d'Entscheedung agedroe gouf, datt de Pluto säi Planéitestatus oferkannt krut an an der neidefinéierter Klass vun den Zwergplanéite ass. D'Klass vun de Plutone gouf zwar definéiert (als Klass, fir déi de Pluto de Prototyp duerstellt), war awer an Ufank ouni Numm, well den Numm Plutonen, wéi och aner Virschléi vun Nimm net ugeheholl goufen.[13] Am Juni 2008 gouf vun der IAU dës Ënnerklass vun Zwergplanéite mat Plutoide bezeechent, zu deenen, nieft dem Pluto vun deem den Numm kënnt, och den Eris zielt.

Zanter September 2006 huet Pluto d'Asteroidenummer (134340).[14][15]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alan Stern, Jaqueline Mitton: Pluto and Charon. Univ. of Arizona, Tucson 1997, Wiley-VCH, Weinheim 2005 (2. erw. Aufl.). ISBN 0-8165-1840-8, ISBN 3-527-40556-9.
  • J. L. Elliot (unter anderem): The recent expansion of Pluto's atmosphere. In: Nature. London 2003, 424 (10. Juli), S. 165–168.
  • David A. Weintraub: Is Pluto a Planet? A Historical Journey through the Solar System. Princeton UP, Princeton 2007. ISBN 0-691-12348-9.
  • Leif Allendorf: Planet Pluto. Die Geheimnisse des äußeren Sonnensystems. Avinus-Verlag, Berlin 2007. ISBN 978-3-930064-76-2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pluto – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thema Planéitestatus

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]