Clyde Tombaugh

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Clyde William Tombaugh)
Clyde Tombaugh
Gebuer 4. Februar 1906
Gestuerwen 17. Januar 1997
Las Cruces
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vum Kansas
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Clyde William Tombaugh gebuer de 4. Februar 1906 zu Streator am Illinois, a gestuerwen de 17. Januar 1997 zu Las Cruces am New Mexico war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Tombaugh huet 1930 den Zwergplanéit Pluto entdeckt, dee bis 2006 als den néngte Planéit vun onsem Sonnesystem ugesi gouf.

De Clyde war en Autodidakt. Hien huet vu sech aus Geometrie an Trigonometrie geléiert. Am Alter vun 20 Joer huet hie säin éischt Teleskop gebaut.

Hien huet de Mars an de Jupiter observéiert an huet dem Lowell-Observatoire zu Flagstaff, d'Zeechnunge vu sengen Observatioune geschéckt.

Eigentlech hat hie sech nëmmen Hëllef an Iddie vun där Säit erwaart, awer de Vesto Melvin Slipher, den Direkter vum Observatoire, huet him 1929 eng Plaz als Fuerschungsassistent (junior astronomer) ugebueden. Den Tombaugh huet déi Plaz ugeholl a blouf 14 Joer do.

Den 18. Februar 1930 huet hien d'Entdeckung vu sengem Liewe gemaach, wéi hien e beweeglechen Objet als de laang gesichten Transneptuneschen Objet erkannt huet.

An de Joren duerno huet den Tombaugh nach méi wéi honnert Asteroiden entdeckt, an och zwéin nei Koméiten.

Den 19. Januar 2006 ass eng Raumsond mat dem Numm New Horizons op de Pluto geschéckt ginn, fir deen z'erfuerschen. U Bord vun der Sond goufen och Äsche vum Clyde Tombaugh matgeschéckt.

De Clyde Tombaugh war zanter 1934 mat der Patricia (Patsy) Edson bestuet, an d'Koppel hat zwee Kanner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

No him benannt sinn ë. a. d'Tombaugh-Cliffs an der Antartktis, den Asteroid (1604) Tombaugh, de Marskrater Tombaugh, de periodesche Koméit 274P/Tombaugh-Tenagra an d'Tombaugh-Regioun, eng Regioun um Zwergplanéit Pluto.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David H. Levy: Clyde Tombaugh - discoverer of planet Pluto. Sky Publ.Corp., Cambridge 2006, ISBN 1-931559-33-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clyde Tombaugh – Biller, Videoen oder Audiodateien