Vesto Melvin Slipher

Vu Wikipedia
Vesto Melvin Slipher
Gebuer 11. November 1875
Gestuerwen 8. November 1969
Flagstaff
Nationalitéit USA
Educatioun Indiana University Bloomington
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences
Famill
Geschwëster Earl C. Slipher

De Vesto Melvin Slipher, gebuer den 11. November 1875 bei Mulberry, Indiana, a gestuerwen den 8. November 1969 zu Flagstaff, Arizona, war een US-amerikaneschen Astronom.

De Slipher huet 1901 op der Indiana Universitéit (Bachelor, Master 1903, Dr. 1909) Mechanik an Astronomie studéiert. Seng ganz Carrière huet hien am Lowell-Observatoire vu Flagstaff (Arizona) verbruecht. Hie war do Direkter vun 1916 bis 1952. Hien huet spektroskopesch d'Rotatiounsperiode vu Planéiten an d'Zesummesetzung vu Planéitenatmosphären ënnersicht. 1933 huet hie Methan an der Atmosphär vum Neptun entdeckt. Als éischten huet de Slipher d'Radialvitess vu Galaxien observéiert.

De Slipher gouf 1932 mat der Henry Draper Medal, 1933 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1935 mat der Bruce Medail ausgezeechent. Een Krater um Mars an een um Äerdmound kruten him zu Éiere säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]