Marskrater
D'Marskratere sinn – wéi och d'Krateren um Äerdmound an um Merkur – d'Resultat vum Impakt vu massive Klengkierper wéi Asteroiden a grousse Meteoroiden. Déi meescht vun dësen Himmelskierper si mam Mars an der Zäit vum „Grousse Bombardement“ viru ronn 4 Milliarde Joren, kuerz no der Formung vun de Planéiten zesummegestouss.
Am Géigesaz zu Äerdmound, Merkur an e puer Jupitermounden ass d'Kraterendicht net gläichméisseg, mä wéinst der tektonescher Aktivitéit vum Planéit ofhängeg vum Uewerflächenalter.
Zu der Entdeckung vun de Marskrateren
[änneren | Quelltext änneren]D'Existenz vu Marskratere gouf eréischt 1965 duerch d'US-Marssond Mariner 4 nogewisen a war eng Iwwerraschung, well ee vun der Äerd aus och déi gréisst ënner hinnen net ka gesinn. An de follgende Joren haten d'Astronomen d'Kraterenunzuel iwwerschat, well dem Mariner seng Fluchbunn virun allem iwwer d'Héichlänner a kaum iwwer aner Grousslandschafte gefouert hat. Eréischt Ufanks vum 21. Joerhonnert hu Fotoe vun neie Marssonde kloer gemaach, datt net de ganze „Roude Planéit“ vun hinne bedeckt ass.
D'Interpretatioun vun dëse Feststellungen ass laangwireg. Si hänkt vun der Tektonik vum Planéit, senger Auskilllung, der Gestengsaart an hirer duerchschnëttlecher Erosioun (méi staark wéi um Äerdmound), der laangfristeger Entwécklung vun der Atmosphär, der statistescher Verdeelung vun den Asteroiden-Ëmlafbunnen an aneren Effeten of. Op der Venus sinn z. B. d'Kratere méi rar wéi op dem Mars, awer méi reegelméisseg verdeelt an duerch vulkanesch Aktivitéite méi staark verännert ginn.
Geologesch Eegenheeten
[änneren | Quelltext änneren]Och d'Morphologie an d'Gréissteverdeelung vun de Marskrateren ënnerscheede sech vun aneren terrestreschen Himmelskierper. Duerch Miessunge vun Zuel a Gréisst op de grousse Vulkane vum Mars, wéi Olympus Mons oder Mons Astraeus, koum een zum Resultat, datt déi eelst Marsvulkanen hir Haaptaktivitéit virun zirka 3,8 bis 3,9 Milliarde Joren haten.
Op Infraroutbiller sinn an der Ëmgéigend vu klenge Krateren, vu ronn engem Kilometer Gréisst, laanggezunne stralenfërmeg Muster z'erkennen – en Hiwäis dorop, datt beim Aschlag vun engem Meteorit méi Gestengs wéi bis elo ugeholl versprëtzt gouf. Sou kënne „Fielsreen“ zu Dausende Sekundärkratere féieren an d'Statistik an d'Altersbestëmmung verfälschen.
Eng aner Eegenheet sinn déi relativ heefeg Kraterreien; e puer vun hinnen ëmfaasse véier bis fënnef Krateren a bal riichter Linn. Ob déi Linnestrukturen zoufälleg oder duerch speziell Aschléi entstane sinn, ass z. B. fir d'Deitung vun den 1877 entdeckte „Marskanäl“ net oninteressant. Och e puer staark erodéiert "Geeschterkratere" forme sou Reien.
Am Géigesaz zum Äerdmond gëtt et z. B. kaum Rillen, un däre Knéckpunkte kleng Kratere sëtzen. D'Canyonen, déi wéi dréche Flossbetter ausgesinn an netzaarteg Rinne bilden, féiert een op riseg Flutwellen duerch geschmolt Buedemäis zeréck, dat awer rapid nees verdréchent ass. Bei e puer Kraterränn hat ee fächerfërmeg Delta-Strukturen entdeckt, déi um Kraterbuedem opgehéiert hunn an un ierdesch Flosskrëmmungen erënneren. Fir sou verännerlech Weeër ze formen, muss d'Waasser iwwer laang Zäit gefloss sinn.
Zwar konnt 1965 d'Raumsond Mariner 4 d'Existenz vu breede Marskanäl ausschléissen, awer eréischt Mariner 9 a spéider d'Viking-Orbiter vun den 1970er Joren hu gewisen, datt déi fréier Laanschtflich haaptsächlech iwwer al, staark verkratert Héichlänner am Süde gefouert haten. Well dës bal 2/3 vun der Planéitenuewerfläch anhuelen, war den éischten Androck eng traureg Kraterelandschaft. Dat feelend Drëttel am Norden ass dogéint vu jonken, wäiten Déifflächen – méiglecherweis vu vulkaneschem Urspronk – mat wéinege Kratere besat. D'Déiflänner gi vun zwéi risege vulkanesche Plateaue mat den Nimm Tharsis an Elysium ënnerbrach. Ausser fënnef Groussvulkane mat bis iwwer 500 km Duerchmiesser fënnt sech hei och e gewaltegen, 4000 km laange Gruef, d'Valles Marineris.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- P.Moore et al: Atlas des Sonnensystems (v.a. Kapitel der einzelnen Himmelskörper). 465 p., Herder-Verlag Freiburg-Basel-Wien, zirka 1990
- K.Beatty et al: Die Sonne und ihre Planeten (speziell Kap.4, Kollision fester Körper). Physik-Verlag, Weinheim 1981
- A.Rükl: Mond, Mars, Venus. Taschenatlas der erdnächsten Himmelskörper. Artaria-Verlag, Prag 1977
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Marskrater – Biller, Videoen oder Audiodateien |