Olympus Mons

Vu Wikipedia
Struktur um Mars
Uranius Mons
Orbital Foto vum Olympus Mons
Geologie Vulkan
Regioun Tharsis
Breetegrad 18,35453° N
Längtegrad -133,24219° W
Gréisst vum Areal 600 km
Héchste Punkt 22,5 km
Gréisst vun der Caldera 80 × 60 km
Verglach vum Olympus Mons mat den héchste Bierger op der Äerd. Virum Zentraldeel vum Olympus Mons ass dat gréisst ierdescht Vulkanmassiv, d'Insel Hawaii mat hirem Sockel am Pazifik an de Mount-Everest-Massiv am Himalaya ofgebilt. Zweefach Iwwerhéijung.

Den Olympus Mons, genannt nom griichesche Bierg Olymp, dem Sëtz vun den antike griichesche Gëtter, ass e Vulkan an der Tharsis-Regioun um Planéit Mars. Mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an där e steet souwéi engem Duerchmiesser vu bal 600 km ass hien den héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem.[1] Bal grad sou héich ass allerdéngs och den Zentralbierg am Krater Rheasilvia um Asteroid Vesta.

Et ass net bekannt, ob den Olympus Mons erläscht oder aktiv ass.

Den Olympus Mons gouf fréier als Nix Olympica (Nix ass dat laténgescht Wuert fir Schnéi) bezeechent. Déi Albedobezeechnung staamt vum Giovanni Schiaparelli, deen de Bierg den 10. November 1879 entdeckt hat a gemengt hat, Schnéi ze gesinn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Vulkan gehéiert wéinst senger Form zu de sougenannte Schëldvulkaner. Dee Vulkantyp huet zwar eng relativ kleng Ramplischréi a geet dofir verhältnesméisseg méi wäit an d'Breet wéi an d'Héicht, erreecht dobäi awer besonnesch grouss Ausdeenungen. Op der Äerd ass beispillsweis d'Inselgrupp Hawaii aus deem Vulkantyp entstanen. De Mars huet, anescht wéi d'Äerd, keng Plackentektonik, woufir sech laanscht de Plackesplécke keng Vulkane konnte bilden. Dofir konnt d'Lava nëmmen an enger Regioun vum Planéit genuch Stäerkt kréien, fir d'Kuuscht ze duerchbriechen an e puer wéineg, awer gewalteg Vulkaner ze bilden. Den Olympus Mons konnt och nëmmen doduerch esou grouss ginn, well d'Unzéiungskraaft um Mars manner staark ass wéi op der Äerd. Wann dat net de Fall wier, da géif de Bierg, vu sengem eegene Gewiicht erdréckt, "zesummesacken".

Den Olympus Mons kéint viru geologesch kuerzer Zäit ausgebrach sinn; dat menge Fuerscher aus Lavastréim ze deiten, deenen hiren Alter op ronn zwou Millioune Joer geschat ginn.

Den Olympus Mons ass méi wéi zwanzegmol sou breet wéi héich. Seng Ramplie sinn op verschiddene Plaze bis zu sechs Kilometer héich, an op anere Plaze flaach. Dat kënnt duerch Lavastréim, déi bei der Gebuert vum Vulkan fräigesat goufen.

D'caldera vum Olympus Mons huet eng Breet vu bis zu 90 km a läit mat hirem Buedem zum Deel méi wéi 3 km méi déif wéi de Rand.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E. M. Fischer, C. M. Pieters: The continuum slope of Mars: Bi-directional reflectance investigations and applications to Olympus Mons. In: Icarus. Band 102, 1993, S. 185–202, Kurzzusammenfassung.
  • J. Helgason: Formation of Olympus Mons and the aureole-escarpment problem on Mars. In: Geology. Band 27, 1999, S. 231–234.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympus Mons – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Olympus Mons: Spektakuläre Bildserie vom größten Vulkan unseres Sonnensystems
  2. Sterne und Weltraum: Der Rote Planet in 3D, 7. Februar 2008