(4) Vesta

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Asteroid Vesta . Fir aner Begrëffer mam Numm Vesta, kuckt wgl. Vesta (Homonymie).
(4) Vesta
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3619 A.E.
Exzentrizitéit 0,0886
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 230 d
Mëttel Bunnvitess 19,34 km/s
Inklinatioun 7,1341 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 573 × 557 × 446 km
Mass (2,5908 ± 0,00001) • 1020kg
Mëttel Dicht 3,456 g/cm3
Rotatiounsperiod 5,342 h
Albedo 0,4228
Absolut Hellegkeet 3,20M
Spektralklass V
Entdeckung
Entdecker H. Olbers
Entdeckungsdatum 29. Mäerz 1807
Plaz Bremen


De 4 Vesta (Symbol: ⚶) ass mat engem mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 516 km den zweetgréissten Asteroid an drëttgréissten Himmelskierper an der Haaptasteroidenceinture. Méi Mass huet nëmmen nach den Zwergplanéit (1) Ceres.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Vesta gouf den 29. Mäerz 1807 vum Heinrich Wilhelm Olbers zu Bremen als véierten Asteroid entdeckt. Nodeems den Olbers am Joer 1802 schonn den Pallas entdeckt hat an deem en Numm ginn hat, hat hien d'Recht fir d'Benennung déi Kéier dem Carl Friedrich Gauß gelooss, dee mat senger neier Method fir d'Bunnbestëmmung entscheedend zu der Sécherung vun nei entdeckten Asteroide bäigedroen hat. De Gauß huet den Himmelskierper no der Vesta, der réimescher Gëttin vun Heem an Uewen a Schwëster vum Ceres[1] genannt.

Wéi den 1801 entdeckten Zwergplanéit Ceres an déi 1802 souwéi 1804 entdeckt Asteroide Pallas an Juno goufen am Ufank och d'Vesta als Planéit bezeechent. Well bis zu der Entdeckung vum Asteroid Astraea nach méi wéi 38 Joer vergoe sollten, hat sech doru weider näischt geännert. Eréischt nodeem 1850 d'Zuel vun de klengen Himmelskierper méi grouss gouf, hu sech fir déi Objeten d'Bezeechnunge "Kleng Planéiten", "Planetoiden" oder "Asteroiden" duerchgesat.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Vesta beweegt sech tëscht 2,15 AE (Perihel) an 2,57 AE (Aphel) an 3,63 Joer ëm d'Sonn. Seng Ëmlafbunn ass 7,1° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,089. D'Bunn läit also an der bannenzeger Asteroidenceinture.

Déi synodesch Period vum Asteroid Vesta läit bei 504 Deeg.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Animatioun vum Asteroid Vesta

Gréisst an Hellegkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Form vum Asteroid Vesta entsprécht engem triaxialen Ellipsoid mat de Radien 280 km, 272 km an 227 km (± 12 km)[2] Fir d'Mass gouf aus Bunnstéierunge vun aneren Asteroiden e Wäert vun 1,36 (± 0,05) × 10−10 Sonnemassen (2,71 × 1020 kg) an domat eng mëttel Dicht vun 3,7 (± 0,3) g/cm 3 berechent[3] D'Rotatiounsperiod vum Asteroid ass ongeféier 5,3 Stonnen.

De Vesta huet am Verglach zu aneren Asteroiden eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,42. Wärend der Oppositioun ass hien tëscht 1,14 AE an 1,59 AE vun der Äerd ewech an erreecht eng visuell Magnitude vu bis zu 5,2mag. Hien ass domat den hellsten Asteroid um Nuetshimmel a ka bei donklem Himmel ouni Liichtverschmotzung nach sou just mat bloussem A gesi ginn.

Zesummesetzung an Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

De Vesta ass en differenzéierten Asteroid mat enger basaltescher Kuuscht, ultramafitischem Mantelgestengs an, wéi een aus der mëttlerer Dicht schléisse kann, engem Eisen-Néckel-Kär. De Vesta huet en änlechen Opbau wéi déi terrestresch Planéiten an ënnerscheet sech doduerch vun allen aneren Asteroiden an der Haaptceinture[4] Eisemeteoritten, déi op der Äerd fonnt goufen, loossen allerdéngs de Schluss zou, datt et an der Fréizäit vum Sonnesystem weider differenzéiert Planéitesimaler gouf, déi méiglerweis duerch Kollisiounen zerstéiert goufen, well d'Eisenmeteoritte ginn als Brochstécker vu metallesche Käre vun dësen Objete gedeit.

Faarfkodéiert Héichtekaart vum Vesta

Och d'Vesta hat schwéier Kollisioune mat anere masseräiche Kierper. Sou ass op Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop nieft en ettlechen Aschlagkratere mat Duerchmiesser bis zu 150 km e grousse Krater mat engem Duerchmiesser vun zirka 450 km z'erkennen. Dee Krater huet eng Déift vun 8 km (an der Foto niewendru blo kodéiert), seng Ränner sinn zousätzlech tëscht 8 km a 14 km héich, an a senger Mëtt riicht sech en Zentralbierg 13 km héich op (op der Foto rout)[5]

Uewerflächekaart a geologesch Kaart vun der Vesta

Mat der Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop konnt net nëmmen d'Form an d'Gréisst vun der Vesta bestëmmt ginn, mä et konnten och hell an donkel Regiounen op der Uewerfläch erkannt ginn, souguer eng geologesch Kaart konnt gemaach ginn. D'Uewerfläch schéngt ganz aus magmateschem Gestengs ze bestoen. Déi an der geologescher Kaart gréng duergestallt Regioune ginn als zu Basalt verhäerte Lavaflëss interpretéiert a stellen domat Reschter vun der ursprénglecher Uewerfläch duer. Déi roudelzeg kodéiert Gebidder besti warscheinlech aus Intrusivgestengs, dat ufanks ënner der Uewerfläch ofkillt, spéider awer duerch Aschléi fräigeluecht gouf[6]

D'geologesch Aktivitéit vum Vesta geet méiglecherweis op déi beim radioaktiven Zerfall vum Aluminium-Isotop 26Al fräigesat Wäermt zeréck an dierft scho viru ronn 4,4 Milliarde Joer, also relativ kuerz no der Genesis vum Sonnesystem viru 4,55 Milliarde Joer, nees opgehalen hunne.

Spektroskopesch Observatiounen um Mauna-Kea-Observatoire hu gewisen, datt op der Vesta-Uewerfläch och kleng Unheefunge vu waasser- oder hydroxidhaltege Mineraler existéieren. Et geet een dovun aus, datt dat Material nom Ofkille vum Asteroid beim Aschlag vu Koméiten oder kuelege Chondritte getraff gouf[7]

Meteoritten a Vestoiden[änneren | Quelltext änneren]

De Millbillillie-Meteorit: En Eukrit, deem säin Urspronk den Asteroid Vesta kéint sinn.

Méiglecherweis ass de Vesta och de Mammekierper vun de Meteoritte vun der HED-Grupp (Howarditten, Eukritten, Diogenitten), déi eng Ënnergrupp vun den Achondritte bilden an déi ierdeschem magmatesche Gestengs gläichen. D'Verbindung tëscht den HED-Meteoritten an der Vesta gouf gebilt, well sech d'Spektren vun dëse Meteoritten an déi vum Asteroid gläichen. Gestëtzt gëtt dës Zouuerdnung duerch d'Tatsaach, datt all ënnersicht HED-Meteoritten en Alter vu 4,4 bis 4,5 Milliarde Joer hunn. De Mammekierper vun dëse Meteoritten hat sech also no der Genesis vum Sonnesystem séier ofgekillt, wat op e relativ klengen Himmelskierper hindeit an eng Ofstamung vu gréissere Mounden oder Planéiten ausschléisst[8]

Mam Asteroid Vesta ginn och d'Vestoiden a Verbindung bruecht, dat ass eng Klass vu klengen Asteroiden, déi och spektral Änlechkeete mam Vesta opweisen a méiglecherweis vun him stamen an ewechgeschloe goufen. D'Vestoide kënne vläicht déi Brochstécker sinn, déi virun enger Milliard Joer beim Aschlag aus der Kuuscht vum Vesta erausgeschloe goufen[9] D'Verdeelung vun de Vestoiden erstreckt sech vun der Vestaëmlafbunn bis hin zu Regiounen an der Asteroidenceinture, déi Bunnstéierunge duerch de Planéit Jupiter ënnerleien. Sou kéinte Brochstécker vun der Vesta Äerdbunnkräizer ginn, an och HED-Meteoritte hätte sou an d'Géigend vun der Äerd transportéiert gi sinn. Ob si direkt vun der Vesta stamen oder indirekt iwwer en Vestoid, ass bis elo nach net kloer[10]

Erfuerschung mat der Raumsond Dawn[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatioun vum Vesta

Den Asteroid Vesta war dat éischt Zil vun der Raumsond Dawn, déi de 27. September 2007 gestart gouf. De 15. Juli 2011 war d'Sond an eng Ëmlafbunn ëm d'Vesta ageschwenkt. Aus de Biller, déi tëscht Juli an August 2011 wärend dem Erukomme souwéi aus enger Héicht vun 2700 km gemaach goufen, hat d'Aarbechtsgrupp ëm de Ralf Jaumann vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart en 3D-Video opgestallt. Wärend dem virtuellen Iwwerfluch ass um Südpol e Bierg vu ronn 25 km Héicht ze gesinn, dee bal dräimol méi héich ass wéi de Mount Everest op der Äerd. D'Dawn huet de Planetoid bis de 5. September 2012 weider erfuerscht a flitt zënterhir weider a Richtung Ceres, wou se Ufank 2015 ukomme soll.

Et versprécht ee sech vun där Missioun, den Asteroid Vesta a seng Bezéiung zu de Meteoritte besser charakteriséieren ze kënnen. Och e Verglach vu Vesta mat de kuelestoffhaltegen Asteroiden an der baussenzeger Asteroidenceinture, déi duerch den Zwergplanéit Ceres representéiert ginn, wäert méiglech sinn.

Nomenklatur[änneren | Quelltext änneren]

No der IAU-Nomenklatur gi Strukturen op der Vesta wéi uschléissend genannt:[11]

  • Kratere ginn no historeschen Nimm genannt, déi eng Verbindung mat der Gëttin Vesta hunn, an no berüümte Réimerinnen.
  • Regioune ginn nom Entdecker vun der Vesta genannt an no Wëssenschaftler, déi un der Erfuerschung vun der Vesta bedeelegt waren.
  • Aner Strukture ginn no Plaze genannt, déi mat vestalesche Jongfrae a Liaisioun stoungen.

Den 30. September 2011 hat d'IAU fir d'éischt d'Benennung vu 14 Krateren an engem Tholus matgedeelt[12] Déi genannt Strukturen hunn Duerchmiesser tëscht 0,7 (Claudia) a 500 km (Rheasilvia).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (4) Vesta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lutz D. Schmadel: Dictionary of Minor Planet Names. 5. Oplo, Springer, Berlin/ Heidelberg/ New York/ u.a. 2003, ISBN 3-540-00238-3
  2. P. C. Thomas, R. P. Binzel, M. J. Gaffey, B. H. Zellner, A. D. Storrs, E. Wells: Vesta: Spin Pole, Size, and Shape from HST Images in Icarus, Vol. 128, Issue 1, Seiten 88-94 (07/1997)
  3. G. Michalak: Determination of asteroid masses - I. (1) Ceres, (2) Pallas and (4) Vesta in Astronomy and Astrophysics, Vol. 360, Seiten 363-374 (08/2000), aa.springer.de: Astron. Astrophys. 360, 363-374 (2000), Zougrëff den 19. Juni 2010
  4. K.Keil, Geological History of Asteroid 4 Vesta: The “Smallest Terrestrial Planet” in Asteroids III, William Bottke, Alberto Cellino, Paolo Paolicchi, und Richard P. Binzel, (Editoren), Univ. of Arizona Press (2002), ISBN 0-8165-2281-2
  5. R.P. Binzel, M. J. Gaffey, P. C. Thomas, B. H. Zellner, A. D. Storrs, E. N. Wells: Vesta: Impact Crater Topography from Hubble Space Telescope WFPC2 Images in Bulletin of the American Astronomical Society, Vol. 29, Seite 973 (American Astronomical Society, DPS meeting #29, 1997) lpi.usra.edu: Vesta: Impact Crater Topography from Hubble Space Telescope WFPC2 Images, Zougrëff den 19. Juni 2010
  6. R. P. Binzel, M. J. Gaffey, P. C. Thomas, B. H. Zellner, A. D. Storrs, E. N. Wells: Geologic Mapping of Vesta from 1994 Hubble Space Telescope Images in Icarus, Vol. 128, Issue 1, Seiten 95-103 (07/1997)
  7. S. Hasegawa, K. Murakawa, M. Ishiguro, H. Nonaka, N. Takato, C. J. Davis, M. Ueno, T. Hiroi: Evidence of hydrated and/or hydroxylated minerals on the surface of asteroid 4 Vesta in Geophysical Research Letters, Vol. 30, Issue 21 (11/2003)
  8. H. Y. Mc. Sween: Meteorites and Their Parent Planets, Cambridge University Press, (2. Auflage, 1999), ISBN 0-521-58303-9
  9. E. Asphaug: Impact origin of the Vesta family in Meteoritics & Planetary Science, Vol. 32, No. 6, Seiten 965-980 (11/1997), adsabs.harvard.edu: Impact origin of the Vesta family, Zougrëff den 19. Juni 2010
  10. F. Migliorini, A. Morbidelli, V. Zappala, B. J. Gladman, M. E. Bailey, A. Cellino: Vesta fragments from v6 and 3:1 resonances: Implications for V-type NEAs and HED meteorites in Meteoritics & Planetary Science, Vol. 32, No. 6, Seiten 903-916 (11/1997) adsabs.harvard.edu: Vesta fragments from v6 and 3:1 resonances: Implications for V-type NEAs and HED, Zougrëff den 19. Juni 2010
  11. Categories for Naming Features on Planets and Satellites (ofgeruf den 11. November 2011), op (en) planetarynames.wr.usgs.gov
  12. First Names for Vesta Approved. Meldung vom 8. Oktober 2011 (ofgeruff den 11. November 2011), op (en) astrogeology.usgs.gov