Op den Inhalt sprangen

Kuelestoff

Vu Wikipedia
Kuelestoff
(fr) carbone
Positioun vum Kuelestoff am Periodesystem
Allgemenges
Symbol C
Uerdnungszuel 6
Virgänger Bor Edit this on Wikidata
Nofollger Stéckstoff Edit this on Wikidata
Elementkategorie Netmetaller
Gehéiert zu 2. Period vum Periodesystem,
14. Grupp vum Periodesystem
CAS-Nummer 7440-44-0
Atomar
Atommass 12,011
Elektronekonfiguratioun 1s² 2s² 2p²
Physikalesch
Dicht 2,26
Cheemesch
Elektronegativitéit 2,26
Aner Informatiounen
Entdecker Antoine Lavoisier
Datum 1789
Genannt no Kuel
Elektronecouche
Elektronekonfiguratioun vum Kuelestoff
Anthrazitkuel

Kuelestoff (vum urgermanesche kul-a-, kul-ō(n)-,Kuel‘) oder Karbon (vum lat. carbō,Holzkuel‘, laténgiséiert Carboneum) ass e cheemescht Element mam Elementsymbol C an der Uerdnungszuel 6. Am Periodesystem steet et an der véierter Haaptgrupp oder Kuelestoffgrupp souwéi an der zweeter Period.

Kuelestoff kënnt an der Natur souwuel a renger Form (Diamant, Graphit) wéi och a cheemesch gebonnener (z. B. Form vu Karbonaten, Kuelenstoffdioxid, Äerdueleg, Äerdgas a Kuele) vir.

Duerch seng besonnesch Elektronekonfiguratioun (hallefgefëllt L-Schuel) huet de Kuelestoff d'Fäegkeet fir komplex Moleküllen ze bilden an huet vun alle cheemeschen Elementer déi gréisst Diversitéit vu cheemesche Verbindungen. Kuelestoffverbindunge sinn déi molekular Grondlag vun allem ierdesche Liewen. Se ginn traditionell bis op e puer Ausnamen zur organescher Chimie gerechent; déi gëtt och alt als Chimie vum Kuelestoff bezeechent.

Dem Kuelestoff seng relativ Atommass ass 12,0107. De Schmëlzpunkt läit bei 3.550 Grad Celsius an de Kachpunkt bei 4.827 Grad.

 Commons: Kuelestoff – Biller, Videoen oder Audiodateien