Allotropie

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Allotropie ass d'Eegeschaft vu verschiddene cheemeschen Elementer fir am selwechten Aggregatzoustand an zwou oder méi Strukturformen (Allotropen) z'existéieren, déi sech physikalesch a wat hir cheemesch Reaktivitéit ubelaangt ënnerscheeden. Bei ënnerschiddlechen Isotoper schwätzt een net vun enger Allotropie.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Kuelestoff kënnt net nëmmen als faarflosen, extreem haarden Diamant vir, dee keen elektresche Stroum leet, mä ënner anerem och als schwaarzen, mëlle Graphit, deen de Stroum leet.
  • De Sauerstoff an der Otemloft (O2 „Disauerstoff“) huet kee Geroch an ass liewesnoutwenneg, wougéint den Ozon (O3) stiechend richt a schonn a klenge Quantitéiten (>100 ppb) gesondheetsschiedlech ass.