Uerdnungszuel

Vu Wikipedia

D'Uerdnungszuel, och nach Atomnummer genannt, gëtt d'Zuel vun Protonen an engem Atomkär un. Hiert Formelzeechen ass Z. Atomer mat der selwechter Uerdnungszuel gehéieren all zum selwechten Element an hunn domat dat selwecht Verhale bei cheemesche Reaktiounen.

Si gëtt lénks ënnen nieft dem Symbol vum Element uginn. Beispiller:

1H (Waasserstoff) oder 8O (Sauerstoff)

Well awer d'Symbol vum Element d'Uerdnungszuel souwisou eendeiteg bestëmmt, gëtt d'Uerdnungszuel an där Form relativ seelen, a wann da meeschtens nëmme bei Tabelleniwwersiichten, uginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]