Op den Inhalt sprangen

Bor

Vu Wikipedia
Bor
(fr) bore
Positioun vum Bor am Periodesystem
Allgemenges
Symbol B
Uerdnungszuel 5
Virgänger Beryllium Edit this on Wikidata
Nofollger Kuelestoff Edit this on Wikidata
Elementkategorie Hallefmetaller
Gehéiert zu 13. Grupp vum Periodesystem,
2. Period vum Periodesystem
CAS-Nummer 7440-42-8
Atomar
Atommass 10,81
Elektronekonfiguratioun 1s² 2s² 2p¹
Physikalesch
Dicht 2.080
Schmëlzpunkt 2.077 °C
Kachpunkt 4.000 °C
Cheemesch
Elektronegativitéit 2.080
Aner Informatiounen
Entdecker Humphry Davy
Datum 1892
Elektronecouche
Elektronekonfiguratioun vum Bor
Amorphe Bor

Bor (Symbol B) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 5 am Periodesystem vun den Elementer.

Seng relativ Atommass ass 10,811. Bor mécht geschaten 0.001 % vun der Äerdkuuscht aus. Bor tendéiert dozou fir z'oxydéieren an ze hydrolyséieren, wat vill vu senge Komponenten onstabil mécht.

Bor ka mam Isotop 11B och an der MNR Spektroskopie benotzt ginn. Bor huet 3 Valenzelektronen, seng genee Elektronekonfiguratioun ass 1s2, 2s2, 2p1.

De Kovalenteradius ass 0.88Å an d'Elektronegativitéit ass dem Pauling no 2,0.

Dacks gëtt zu Recht drop higewisen, datt Bor eng Elektronelück huet.

Bor ass schwaarz an huet ee metallescht Ausgesinn. De Joseph Louis Gay-Lussac, de Louis Jacques Thénard an de Sir Humphry Davy hu Bor 1808 onofhängeg vunenaner preparéiert[1].

Besser ass d'Derivat Borax bekannt gewiescht, wat bei den Araber Tinkal genannt gouf a bei Schmëlzungsprozesser säi Gebrauch am 16. Joerhonnert fonnt huet. Bor fënnt een als Bestanddeel vu Mineralen a villen Deeler vun der Welt (Toskana, Chile, USA, Bolivien, Peru, Argentinien, Tierkei, Tibet an an Däitschland).

Am Joer 1926 gouf vum däitsche Cheemiker Alfred Stock als éischt Borazin (-BH-NH-)3 entdeckt a studéiert, wat an d'Chimiegeschicht als "Inorganesche Benzene" agaangen ass. Dësen Evenement kann een als Grondstee vun der Bor-Stéckstoff Chimie betruechten.

 Commons: Bor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Ann. Chim. Physic. [1] 68,169 1808