Op den Inhalt sprangen

Beryllium

Vu Wikipedia
Beryllium
(fr) béryllium
Positioun vum Beryllium am Periodesystem
Allgemenges
Symbol Be
Uerdnungszuel 4
Virgänger Lithium Edit this on Wikidata
Nofollger Bor Edit this on Wikidata
Elementkategorie Äerdalkalimetaller
Gehéiert zu Äerdalkalimetall,
2. Period vum Periodesystem
CAS-Nummer 7440-41-7
Atomar
Atommass 9,0121831
Elektronekonfiguratioun 1s² 2s²
Physikalesch
Dicht 1,850
Schmëlzpunkt 2.349 °F, 1.278 °C
Kachpunkt 4.532 °F, 2.970 °C
Cheemesch
Elektronegativitéit 1,850
Aner Informatiounen
Entdecker Louis-Nicolas Vauquelin, Friedrich Wöhler, Antoine Bussy
Datum 1798
Elektronecouche
Elektronekonfiguratioun vum Beryllium
Beryllium

Beryllium (Symbol Be) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 4 am Periodesystem vun den Elementer.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

D'relativ Atommass vu Beryllium ass 9,012182. D'Elektronestruktur ass 1s22s2, wat also bedeit, datt Beryllium 2 Elektronen an der baussenzeger Schuel huet. D'Dicht bedréit 1.85 g/cm3 an de Radius vum Ion 0,31 Å. De Schmëlzpunkt läit bei 1.283 Grad Celius an de Kachpunkt bei 1.500 Grad Celius (bei 5mm Hg Drock). Beryllium kristalliséiert ënner der Form Hexagonal Kompakt. D'Perimeter vun der Maille sinn:

  • a = 2.286 Å
  • c = 3.583 Å
  • c/a = 1.568

Beryllium ass relativ oxidationbestänneg obschonn d'Formatioun een Delta H vu -143.1 Kcal/mol huet. Dat bedeit also, datt d'Formatioun vum Oxid net ënner thermodynamescher Kontroll steet mä ënner kinetescher. Eng Erklärung ass, datt de Volume vum neie Moleküll BeO (an och BeO2) méi grouss ass wei de Volume vu Be an datt doduerch ee Film op der Uewerfläch gebilt gëtt, deen de Rescht vum Beryllium schützt.

Ee vun den Haaptënnerscheeder mat den aneren Äerdmetaller gëtt aus der Ioniséierungsenergie, och Ioniséierungspotential genannnt, däitlech:

Element Éischt Ionisatioun Zweet Ionisatioun
Be 9,32 eV 18,21 eV
Mg 7,644 eV 15,03 eV
Ca 6,111 eV 11,87 eV
Zn 9,311 eV 17,89 eV

Et gesäit een also, datt de Beryllium eng relativ héich éischt an zweet Ionisatiounsenergie brauch. Et gesäit een och eng gewëssen Änlechkeet mam Zénk. Willemit (Zn2SiO4) ass ganz änlech mat Phenacite (Be2SiO4).

Dës Änlechkeet mam Zénk läit un der Elektonekonfiguratioun ([Ar]3s23p63d10).

Beryllium ass den Ion 2+ deen am meeschte Waassermoleküllen nieft sech sammele kann, wat op seng héich Charge par Rapport zum Radius vum Ion zeréckzeféieren ass[1].

Déi éischt Kenntnesser vum Element sinn 2000 v. Chr. ze fannen duerch d'Edelsteng Beryl, Emerod an Aquamarin. Mä eréischt am Joer 1798 huet den Nicolas Louis Vauquelin de Beryl als Oxid isoléiert. Hien huet dobäi Follgendes festgestallt: den Oxid ass net vill anescht wéi Aluminiumoxid, huet e séisse Goût, ass an Ammoniumkarbonat léislech a beschleunegt sech net mat Kaliumoxalat oder Tartrat. 1828 gouf den haitegen offiziellen Numm Beryllium international unerkannt[2].

 Commons: Beryllium – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. cf. Acta Physicochim URSS, 8, 1938, p385
  2. Vauauelin, L. N., Ann. Chim. Phys., 26 (1798) 155